Zukünfteg Bewirtschaftung vun de Wéngerten op der Musel

Eis Deputéiert wollte vun der Ministesch d'Ursaache wëssen, wisou an Zukunft riskéiert gëtt dat verschidde Wéngerten net mei wäerte bewirtschaft ginn an op et Alternativen zum Wäibau ginn.

Fro

„An der Landwirtschaftskommissioun ass eis rezent vun der Madamm Ministesch gesot ginn, datt an Zukunft eng Rei Wéngerten op der Musel riskéieren, net méi bewirtschaft ze ginn. 

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau folgend Froe stellen: 

  • Wat sinn d’Ursaache firwat manner Fläche fir Wéngerte wäerte kënne bewirtschaft ginn?
  • Wat fir Kulture kéinten eng dauerhaft Alternativ zum Wäin duerstellen a méi liicht exploitéiert ginn? 
  • Kéinten zum Beispill Olivebeem an Zäite vu Klimawandel eng valabel Alternativ duerstellen?

Äntwert

  1. Wat sinn d’Ursaache firwat manner Fläche fir Wéngerte wäerte kënne bewirtschaft ginn?

Bei ville Betriber ass d’ Reprise duerch Jonker net assuréiert. Besteeënd Betriber packen et net all déi Wéngerten ze iwwerhuelen. Des Weideren ass d’Situatioun um europäesche Wäimaart net einfach. D’Konkurrenz ass grouss an d’Präisser stinn ënner Drock.  

  • Wat fir Kulture kéinten eng dauerhaft Alternativ zum Wäin duerstellen a méi liicht exploitéiert ginn?

Verschidden Uebstkulturen kéinten a Fro komme fir d’ Riewen ze ersetzen, an esou och ee flott Landschaftsbild ze erhalen. Bei eisen Noperen am Rheinland Pfalz gouf esou zum Beispill probéiert, den “roter Weinbergpfirsich” als Alternativ unzebauen. Fir verschidde Betriber war dat eng intressant kleng Nischenkultur. Den Ubau vun Trüffelen op kalekhaltege Biedem gouf och schonn probéiert.  

Hei muss awer ëmmer bei den eenzele Parzelle gekuckt ginn, a wéi wäit d’Uspréch vun deenen 

Uebstkulturen, eventuell als extensiv Kultur, un de Buedem, Waasserverfügbarkeet, Spéitfraschtgefor, Hangneigung an esou weider, erfëllt sinn. 

  • Kéinten zum Beispill Olivebeem an Zäite vu Klimawandel eng valabel Alternativ duerstellen?

Besonnesch déif Wantertemperaturen, déi op eiser Musel virkommen, féieren dozou, dass den Ubau vun Olivebeem wuel net ze empfielen ass. Laut den Erfarungen aus dem Ausland ginn et zwar Zorten, déi als méi wanterhaart gëllen, mee och bei dësen Zorte gi bei Temperature vun -15°C an drënner ausgewuessen Olivebeem ganz staark geschiedegt. Bei méi jonke Beem ginn Temperature vun -6 bis 8°C meeschtens schonn als fatal ugesinn.  

Temperature vun ënnert -15°C goufen 2009 an 2012 op verschiddene Meteo-Statiounen op der Musel gemooss. Minimal Temperature vun ënnert -10°C sinn zum Beispill nach rezent an de Joren 2018 an 2022 op alle Wiederstatioune vun der ASTA op der Musel festgestallt ginn. Mam Klimawandel wäerten esou Evenementer zwar manner heefeg ginn, mee de Risiko wäert hei ze grouss bleiwen, fir an esou eng Laangzäitkultur ze investéieren.  

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...