Zousätzlech Schallschutzmesuren op der N7 tëscht Dikrech an Ettelbréck?

Beim Reamenagement vun der N7 tëscht Dikrech an Ettelbréck war proposéiert ginn, zousätzlech Schallschutzmoossnamen op der Héicht vun der Cité Longchamps en Place ze setzen, z.B. a Form vun Hecken. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob nach ëmmer virgesi wier, dës Moossnamen ëmzesetzen a wa jo, bis wéini dat sollt geschéien.

« Suite au réaménagement de la N7 entre Diekirch et Ettelbruck, il avait été proposé de mettre en place des mesures antibruit urbaines aux environs de la cité Longchamps afin de protéger les habitants des nuisances sonores dont ils souffrent depuis belle lurette. Or, jusqu’à ce jour aucune mesure n’a été prise dans ce contexte.

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics et à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

  • Est-il prévu de mettre en place des mesures antibruit urbaines le long de la N7 entre Diekirch et Ettelbruck aux endroits où cela s’avère indispensable ?
  • Dans l’affirmative, un projet en la matière a-t-il déjà été élaboré ? Si oui, pour quand au plus tard ce projet pourrait-t-il être mis en place ?
  • Dans la négative, quelles seraient les raisons éventuelles qui empêcheraient la mise en place de telles mesures ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...

Kënnt eng Apdikt op Bettenduerf ?

2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn a kéinten nach weider Gemengen eng nei Apdikt kréien?

weiderliesen...

Aféierung vun engem Depistage fir Hautkriibs ?

Zanter 2008 gëtt et an Däitschland een Depistage fir Hautkriibs fir all Assuré ab 35 Joer. Doduercher gi vill Fäll vun Hautkriibs méi fréi entdeckt.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Zuele vun Hautkriibs sech hei am Land zanter 2013 entwéckelt hunn, ob esou een Depistage och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier a firwat just d’Zuele fir schwaarzen Hautkriibs erhuewe ginn.

weiderliesen...
Kanner App Bildung

Reaffektatioun vun Enseignanten am Fondamental an hier Gemeng

D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hunn dem Educatiounsminister Froen zur Reaffektatioun vun Enseignanten am Fondamental an hier Gemeng gestallt. Ënnert anerem wollten si wëssen, wéi vill Posten an deene leschte 5 Joer op der Lëscht 1bis publizéiert goufen, wien hei prioriséiert sollt ginn an, ganz allgemeng, ob d’Gemenge weiderhi sollte fir d’Nominéierung vun der Lëscht 1 zoustänneg sinn.

weiderliesen...