Zousätzlech national Regëster fir gréisser Krankheeten ?

Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren. D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei am Land zielen. Den Zougrëff vum CGDIS op dës Regëster sollt och an d’A gefaasst ginn fir d’Prise en charge an Noutfallsituatiounen ze verbesseren.

Fro

« Le Registre National du Cancer (RNC) offre la possibilité de rassembler un grand nombre de données autour du cancer, de son traitement et du pronostique. Ce registre permet ainsi d’établir un historique complet sur l’évolution des différentes formes de cancer au Luxembourg et sur l’efficacité de leurs traitements.

Néanmoins, les maladies cardio-neuro-vasculaires représentent au Luxembourg, la première cause de mortalité. En effet, en 2022, le registre des causes de décès de la Direction de la santé a enregistré 1.104 décès au Grand-Duché ayant pour cause des maladies de l’appareil circulatoire, représentant ainsi 25,8% de la totalité des décès. Pour réduire ces chiffres, l’établissement d’un registre national sur les maladies cardio-neuro-vasculaires, suivant les exemples allemands et français, pourrait permettre la mise en place d’une prévention et d’un dépistage, mais également d’une prise en charge plus rapide et plus efficace.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé et de la Sécurité sociale :

  1. Est-il prévu, éventuellement dans le cadre du Plan national pour les maladies cardio-neuro-vasculaires, de lancer une initiative visant à créer un registre national dédié à la collecte et à l’analyse de données sur la santé cardio-neuro-vasculaire ?
  2. Est-il envisageable que le Luxembourg mette en place des registres pour d’autres maladies majeures, comme en Allemagne, afin de garantir une meilleure prévention, de faciliter le diagnostic et d’améliorer la prise en charge du patient ?
  3. Un tel registre pourrait-il être accessible aux services de secours (CGDIS) pour garantir un traitement rapide et approprié aux besoins médicaux des patients ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Eng nei Apdikt zu Wäiswampech ?

Zu Wäiswampech soll eng nei Apdikt installéiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, aus wéi enge Grënn eng nei Apdikt installéiert gëtt, wéini dës Apdikt opgoe wäert an ob se dozou bäidroe wäert de Gardesystem am Norde vum Land ze verbesseren.

weiderliesen...

ITM-Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun

D’ITM gesäit d’Ënnerstëtzung vu Betriber an d’Preventioun als hir Prioritéiten un. Am Secteur vun der Restauratioun schéngt awer den direkten Asaz vu Sanktiounen no enger Kontroll éischter d’Reegel an net d’Ausnam ze sinn. An deem Kontext wollten d’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann vum Aarbechtsminister ënnert anerem wëssen, wéi vill Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun an de leschte 5 Joer duerchgefouert, wéi vill Sanktiounen direkt no enger Kontroll prononcéiert a wéi vill Sanktioune reduzéiert oder zeréckgezu goufen.

weiderliesen...

Amokalarm an der Schoul – an elo?

Rezent koum et an engem Lëtzebuerger Lycée zu enger Interventioun vun der Police. Eng verdächteg Persoun war am Ëmfeld vum Lycée gesi ginn, wouropshin en Amokalarm ausgeléist ginn ass. Wéi ginn d’Schoulen an d’Lycéeën an esou engem Fall vir? Wat sinn d’Reegelen an d’Moyene Sécherheets- a Schutzmesuren déi an esou engem Fall zum Asaz kommen? Wéi gëtt d’Léierpersonal op esou Fäll preparéiert? Eis Deputéiert Barbara Agostino a Mandy Minella hunn sech beim Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend renseignéiert.

weiderliesen...

Een Etablissement public fir d’Bluttspenden ?

D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Gérard Schockmel hunn der Gesondheetsministesch Froen zum annoncéierten Etablissement public fir d’Bluttspende gestallt.
Déi liberal Deputéiert froen ënnert anerem, ob et net méi sënnvoll wier all d’Fraise vun der Croix-Rouge fir de Service vum Bluttspenden ze iwwerhuelen, amplaz een Etablissement public ze schafen?
A wat geschitt mam Espace fir d’Bluttspend, deen am neie Siège vun der Croix-Rouge um Houwald geplangt ass, wann d’ Rout Kräiz de Service vum Bluttspenden net méi iwwerhëlt ?

weiderliesen...