„Am September 2022 goufen et eng ganz Partie Problemer beim Mobibus, dem Transport vu Persoune mat enger Behënnerung. De Grond heifir war haaptsächlech d’Aféierung vun enger neier informatescher Plattform fir d’Trajeten z‘organiséieren.
An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro n°6895 vum 26. September 2022 huet den Här Minister geschriwwen, dass entspriechend Mesurë geholl goufe fir de Verspéidungen an de Komplikatiounen entgéintzewierken.
Allerdéngs ass eis zu Oueren komm, dass et aktuell nach ëmmer eng Partie Schwieregkeete géif ginn. Sou géifen d’Fuerzäite reegelméisseg changéieren an et géif dacks zu Verspéidunge kommen, respektiv de Bus kéim ze fréi, soudass d’Leit e verpassen.
An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren?
- Wat sinn d’Grënn dofir, dass et weiderhi Problemer beim Mobibus gëtt?
- Wéi vill Reklamatioune kruten d’Servicer vum Här Minister an deem Zesummenhang vu Januar bis Mäerz 2023?
- Wéi wëll den Mobilitéitsminister an Zukunft en beschtméiglechen Service fir Persoune mat enger Behënnerung garantéieren?
- Ass an deem Kader virgesinn, weider Personal anzestellen?“