Logement: Zougang zu bezuelbarem Wunnraum fir jidderee méiglech maachen
Déi lescht Jorzéngten huet déi wirtschaftlech Dynamik fir e respektabele Wuelstand fir d’Land a seng Awunner gesuergt. Wéinst feelende politesche Mesuren, fir dee Wuestëm ze begleeden, steet d’Land elo awer virun enger Wunnengsnout, déi sech zanter Jore verschärft huet an déi di sozial Kohäsioun bedreet. Déi am Verglach mam Akommes iwwerméisseg Hausse vun den Immobilie belaascht d’Kafkraaft a bremst déi wirtschaftlech Entwécklung. Déi strukturell Ongläichheet tëschent Offer an Demande op dem Wunnengsmaart menacéiert ëmmer méi den Dram vun engem Eegenheem, besonnesch fir jonk Familljen. Dobäi si bei wäiten net just déi ënnescht Akommesschichte betraff. De Problem geet antëscht bis wäit an d’Mëttelschicht eran. Déi momentan Hausse vun de Scholdzënse féiert zu engem Réckgang vun der Demande an zu engem Stëllstand an der Baubranche, wat mëttelstänneg Betriber ënner Drock setzt an den Defizit bei den Neibaute verstäerkt.
Dofir ass et evident, datt d’Politik muss bedeitend méi Efforte maachen. Well trotz de ville Mesuren an de leschte Joren, huet d’Wunnengskris net ofgeholl. D’Moossnaame vu bis elo haten nëmmen eng beschränkte Wierkung. Dofir muss d’Kris duerch kuerzfristeg an duerch strukturell Mesurë weider bekämpft ginn.
D’DP wëll dofir eng historesch Offensiv am Wunnengsbau aleeden. Eist Zil ass et, fir mëttelfristeg d’Zuel vun de Wunnengen z’erreechen, déi dem Statec no néideg sinn, fir d’Demande ze befriddegen. Dofir wäerte mir eis um Beispill vun der Stad Wien inspiréieren, fir den Undeel vun der ëffentlecher Hand un den Immobilien hei am Land massiv auszebauen an dofir d’Zesummenaarbecht tëschent de staatlechen an de privaten Acteuren ze stäerken. Dofir wäerte mir dofir suergen, datt déi ëffentlech Hand méiglechst vill privat Bauprojeten – déi den Ament net kënne wéinst der Kris executéiert ginn – iwwerhëlt. Weider wëlle mir, dat brooch Bauterrainen an ëffentlecher Hand esou séier wéi méiglech bebaut kënne ginn. Mir wëllen d’Baubranche mat ëffentleche Soumissioune méi aktiv an effikass um Schafe vun ëffentlechem Wunnraum bedeelegen.
An de leschte Jore sinn déi staatlech Investitiounen an de bezuelbare Wunnraum ëmmer weider an d’Luucht gaangen. Mir wäerten dee Wee konsequent weiderverfollegen. Mir sinn an engems dovunner iwwerzeegt, datt privat Investisseure wichteg Partner sinn, fir den ëffentleche Wunnengsbau auszebauen. Mir wäerten hei verstäerkt op privat Kapital zeréckgräifen an d’Bierger geziilt an d’Efforte fir d’Bekämpfe vun der Wunnengsnout abezéien. Bei Bau vu Mietwunnenge fir de private Marché spille privat Investisseure schonn haut eng ganz wichteg Roll. Mir wäerten déi aktuell Incitatioune weiderféieren an zousätzlech geziilt Mesuren aféieren.
Als DP wäerte mir innovativ Programmer schafen, fir jonk Familljen aus der Mëttelschicht den Zougang zu abordabelem Wunnraum z’erméiglechen. Zum Beispill duerch d’Konzept vum Mietkauf, bei deem d’Loyere bei der Aquisitioun vum Immobilier ugerechent kënne ginn.
Eent vun eise weideren Haaptuleies ass et, fir d’Geneemegungsprozeduren ze vereinfachen, ze digitaliséieren a méi transparent ze gestalten. D’Experienz weist, datt vill Immobilieprojeten hir Dynamik – wéinst ëmständleche Prozeduren an onnéideg strenge Gesetzer – net entfale kënnen; besonnesch am Ëmweltberäich. Mir wëllen d’Legislatioun duerch d’Aféiere vun engem Code la construction méi verständlech an effikass gestalten. Fir méi Vitess am Wunnengsbau wäerte mir d’Ëmweltschutzvirschrëfte méi effikass maachen an dofir suergen, dass e staarke legale Kader am Ëmweltschutz net zu onnéideg laange Geneemegungsprozedure féiert.
Méi a méi séier Wunnraum schafen
Kuerzfristeg wäerte mir dofir suergen, datt de Staat méiglechst vill Projete vu private Bauhären, déi wéinst der aktueller Kris zeréckgesat gi sinn, iwwerhëllt. Generell sollt de Staat aktiv am Immobiliemarché aktiv ginn a verstäerkt op Offere vu komplette Wunnbléck (al oder nei) zeréckgräifen, fir den ëffentlechen Immobiliebestand kuerzfristeg z’erhéijen. Esou huet déi DP-geféiert Regierung schonn eng inter-ministeriell Task-Force agesat, fir d’Offer um Marché ze préiwen a fir Verhandlunge mat private Bauhären ze féieren. De Staat soll d’Méiglechkeet kréien, fir déi Projeten zu raisonnabele Präisser ze kafen, fir se an engem groussen, ëffentlechen Immobiliepark als Mietwunnengen ze regroupéieren.
D’DP wäert sech weider dofir asetzen, datt kommunal a staatlech Terrainen direkt kënne bebaut ginn. Op déi Terraine solle virun allem Mietwunnenge kommen. Mir mussen evitéieren, datt d’Gemengen an de Staat bebaubar Terrainen zum Héchstpräis verkaf ginn an d’Immobiliepräisser sou weider an d’Luucht gedriwwe ginn. Duerch d’Aféiere vu Soumissiounen – an a bestëmmte Fäll duerch Konzeptvorgaben – wëlle mir d’Baubranche aktiv an effikass um Schafe vun ëffentlechem Wunnraum bedeelegen.
Fir méi séier beim ëffentleche Wunnengsbau virun ze kommen, wäert d’DP nei Weeër goen a Bauland baussent dem Perimeter – awer an der Géigend vun urbaniséierte Gebidder – erschléissen. D’DP wäert Terrainen a Gréngzonen als Bauland astufen, dat exklusiv fir den ëffentleche Wunnengsbau virgesinn ass an net um fräie Marché gehandelt ka ginn. Mir wäerten dofir suergen, datt dat just do geschitt, wou et och Sënn mécht. An engems wäert d’DP op déi sozial Mixitéit uecht dinn.
Den Ament ënnerleien d’Autorisatioune vu Wunnprojeten der Autoritéit vum Ëmwelt- a vum Inneministère. Fir déi laangwiereg Geneemegungsprozeduren däitlech manner bürokratesch a méi séier ze maachen, wäert d’DP alleguerten d’Kompetenze fir de Wunnengsbau am Wunnengsbauministère regroupéieren.
An den nächste Jore wäert de Bestand un ëffentleche Mietwunnenge kontinuéierlech an d’Luucht goen. Wunnengen, déi mussen am Interessi vun de Locataire verwalt ginn. D’DP wäert dofir eng nei Agence schafen, déi fir déi zentral Verwaltung a fir d’Attributioun vun de staatleche Mietwunnenge responsabel ass. Déi Agence wäert d’Verwaltungsaufgaben effikass an transparent duerch Ausschreiwungsprozedure reegelen.
Fir d’Gemenge bei der Gestioun vu Mietwunnengen z’ënnerstëtzen, kréie si d’Méiglechkeet, fir hir Wunnengen och iwwert déi Agence verwalten ze loossen.
Mam Baulandvertrag wäert d’DP de Gemengen dat richtegt Instrument zur Verfügung stellen, fir sécher ze goen, datt zousätzlecht Bauland och wierklech bannent engem fixéierten Zäitraum bebaut gëtt. De Baulandvertrag wäert d’Spekulatioun mat Bauland oninteressant maachen, an de Gemengen déi néideg Planungssécherheet ginn, fir neie Wunnraum ze schafen a fir nohalteg ze wuessen.
D’DP wäert do, wou et urbanistesch Sënn mecht, d’Bebauungsdichte erhéijen. D’Bauen an d’Héicht bréngt Wunnraum op de Marché a kascht manner Terrain. D’DP wäert d’Aféiere vun zousätzlechen Instrumenter ënnert d’Lupp huelen, déi d’Gemenge sollen dozou animéieren, fir méi dicht ze bauen ewéi dat an hiren allgemenge Bebauunspläng virgesinn ass – dat Ganzt analog zum Pacte Logement 2.0 an zum Plan sectoriel logement.
D’DP wäert d’Gemenge méi staark dobäi ënnerstëtzen, fir selwer am Wunnengsbau aktiv ze ginn. Mir wäerten déi aktuell Subventioune vu bis 75 zu Prozent fir déi Gemengen ausbauen, déi sozialen, respektiv abordabele Wunnraum schafen. Wéinst de staarken Haussen op Bau-, Material- an Energiekäschten, leien déi gesetzlech Héchstbeträg (gesetzlech Deckelungen) dacks ënnert de 75% Kofinanzéierung vum Staat.
Zousätzlech sollen d’Gemengen och déi néideg Expertis zu Verfügung gestallt kréien, fir selwer méi abordabele Wunnraum ze schafen. Dofir wäerte mir hinnen zousätzlech Mëttel ginn, fir sech z.B. duerch Architekten- oder Ingenieursbüroe professionell begleeden ze loossen.
Mit der Aféierung vum Pacte Logement 2.0 huet d’DP-geféiert Regierung an der leschter Legislaturperiod e wichtegt Instrument geschaf, fir abordabele Wunnraum ze fërderen. Gläichzäiteg erméiglecht et de Pacte Logement 2.0, fir méi dicht ze bauen, wéi dat am allgemenge Bebauunsplang virgesinn ass. D’DP wäert d’Auswierkunge vum Pacte Logement 2.0 op d’Schafe vun zousätzlechem Wunnraum genee iwwerpréiwen an de gesetzleche Kader eventuell upassen.
Doriwwer eraus wäert d’DP ënnersichen, a wéi engem Mooss d’Applikatioun vum Artikel 29bis op scho besteeënd Quartiere méiglech ass, fir iwwert eng nodréiglech Verdichtung op d’mannst deelweis fir méi abordabele Wunnraum ze suergen. D’DP wäert dorobber uecht dinn, dass de proposéierte Modell nët nëmme städtebaulech, ma och wirtschaftlech fir privat Bauträger Sënn mecht.
D’DP wäert de rechtleche Kader fir Wunngemeinschafte stäerken, fir datt d’Locatairen an d’Wunngemeinschaftsvermieter kloer Indicatiounen iwwer hir Rechter a Flichten hunn. Domadder soll virun allem fir méi eng grouss Offer u Co-Locatioune fir jonk Leit gesuergt ginn.
Wéinst der Hausse vun de Baukäschten, schléisse sech ëmmer méi Leit a Wunnbaugenosseschaften zesummen, fir gemeinsam e Projet ëmzesetzen. D’DP wäert d’Grënnung vun esou Wunnbaugenosseschafte mat Rot an Dot supportéieren a wirtschaftlech, respektiv rechtlech Barrièren aus dem Wee raumen.
D’DP wäert d’Offer u bezuelbaren a campus-noë Studentewunnengen erhéigen a privat Initiative fir de Bau vu Studentewunnengen encouragéieren. Mir wäerten och fir bezuelbar Wunnenge fir Beruffsufänger suergen.
D’Integratioun vu weidere Wunnengen an engem Eefamilljenhaus ass eng Méiglechkeet, fir séier zousätzleche Wunnraum ze schafen. D’DP wäert dofir e Subsid schafen, fir de Logement intégré (Einliegerwohnung) anzeféieren. Mir wäerten doriwwer eraus kucken, ob et néideg an derwäert ass, fir eng kloer legal Basis fir de Logement intégré ze schafen.
D’DP wäert d’Gemenge beroden, sensibiliséieren an ënnerstëtzen, fir hir lokal Bauteregelementer unzepassen, a fir alternativ Bauformen (ewéi Tiny houses) méiglech ze maachen.
D’DP wäert de Bau vu Wunnenge fir Salariéen an den Aktivitéitszone fërderen
D’DP wëll et de Proprietaire méi liicht maachen, fir hiert Bauland zäitweis ze verlounen oder ze verpachten, fir esou kënne modular op deem Terrain ze bauen. Dofir wäert d’Mindestdauer vun Erbpacht-Verträg vun elo 50 Joer op 10 Joer erofsetzen, respektiv eng nei Pacht-Kategorie aféieren.
Fir dee Modell ze fërderen, kënne steierlech Ureizer ageféiert ginn: Esou wéi bei der Steier-Exoneratioun vu 50% op de Locatiouns-Recettë vu Wunnengen am Kader vun der Gestion locativ sociale.
Cf. Kapital Wirtschaftspolitik
Cf. Kapitel Steierpolitik
Innovativ Finanzéierungsprogrammer aféieren
D’DP wäert massiv an den ëffentleche Wunnengsbau investéieren. Mir wäerte fir déi néideg finanziell Mëttel suergen, fir grouss, ëffentlech Bauprojeten ze realiséieren. D’DP wäert kucken, ob net breed ugeluechte Soumissiounen eng méi effikass Manéier sinn, ewéi wann de Staat iwwer seng ëffentlech Bauträger selwer baut.
D’DP wäert e staatleche Fong schafen, an deen d’Bierger an och d’Betriber kënnen an Immobilieprojeten investéieren. Fir den Investisseuren eng gewëss Rendit ze garantéieren, wäert de Fong net just an den abordabele Wunnraum investéieren, ma och a Projeten um private Wunnengsmaart. D’DP wäert weider kucken, ob steierlech Ureizer kënne geschafe ginn, fir déi Investitiounen ze fërderen.
Den ëffentleche Pensiounsfong huet Reserve vun iwwer 26 Milliarden Euro. Mat deene Moyene gi breet gefächert Investitiounen no klore Critère gemaach. D’DP ass dofir, datt de Pensiounsfong deels an national Projete fir abordabele Wunnraum investéiert. En deementspriechende Pilotprojet ass scho viru Jore mat Succès zu Gréiwemaacher initiéiert ginn. Hei ass e Projet vum Fonds du Logement gebaut an dono un de Fonds de Compensatioun verkaf a gläichzäiteg zeréckverlount ginn (sale and lease back): Den ëffentleche Pensiounsfong investéiert esou an national Immobilieprojeten an de Fonds du Logement kritt méi Wunnengen.
De Privatsekter ass fir d’DP en zentrale Partner beim Schafe vun abordabelem Wunnraum. D’DP wäert eng finanziell Ënnerstëtzung fir déi Firmen aféieren, déi abordabele Wunnraum fir hir Beschäftegt schafen.
Weider sollen och déi privat Entreprise vun deene Subventioune fir abordabele Wunnraum profitéiere kënnen, déi bis elo exklusiv de Gemengen an den ëffentleche Bauträger virbehale waren.
Déi laangfristeg Locatioun vu private Wunnbléck duerch de Staat kéint en anere Modell fir d’Zesummenaarbecht mat Privatinvestisseure sinn. D’Proprietaire vun engem Méifamilljenhaus, déi net verkafe wëllen, géingen iwwert déi ganz Lafzäit vum Kontrakt eng ofgemaachte Gesamtmiet kréien. Ee vun den zwee ëffentleche Bauträger géing sech ëm d’Verwaltung an d’Attributioun vun de Wunnenge bekëmmeren an de Besëtzer kéint seng Immobilie erëm nom Oflaf vum Laangzäit-Kontrakt verwäerten.
Et kéint een sech an deem Sënn och virstellen, datt e private Bauträger de Staat schonn am viraus an d’Planung mat abezitt, fir datt d’Pläng den Uspréch vum abordabele Wunnengsmarché entspriechen, an de Wunnraum nom Achèvement un de Staat verlount gëtt.
Schliisslech sollen déi ëffentlech Bauträger och Terraine verlounen, op deenen zäitlech begrenzt Modularbaute kënnen opgeriicht a verlount ginn. Dofir wäert d’DP d’Mindestdauer vun Erbpachverträg vun elo 50 op dann 10 Joer erofsetzen, respektiv eng nei Pacht-Kategorie aféieren.
D’DP wäert déi staatlech Wunnengsbaihëllefen un déi aktuell Situatioun um Immobiliemarché an un d’Inflatioun upassen. D’Bäihëllefen an och d’Lounhéchstgrenze fir déi Leit, déi a Fro kommen, ginn no uewen ugepasst. D’Verschaffe vun den Ufroe ass schonn däitlech verkierzt ginn. D’DP wäert d’Moderniséierung an d’Digitaliséierung vun der Verwaltung verbesseren.
D’DP wäert de Mietverkaf fërderen, fir besonnesch de jonke Leit den Accès zu engem Eegenheem z’erméiglechen. Bei dësem Modell gëtt deen iwwer e puer Joer bezuelte Loyer vum Kafpräis ofgehalen; de Kaf vun enger eegener Wunneng gëtt esou erliichtert.
Beim Modell vun enger Rente viagère verkeeft eng Persoun eng Wunneng zu engem avantagéise Präis a kritt dofir e Loyer bis zum hirem Dout. Am Géigenzuch huet de fréiere Proprietaire d’Méiglechkeet, fir weider an der Wunneng ze bleiwen. Nom Dout vum Verkeefer fällt d’Wunneng un de Keefer. D’DP wëll dee Modell weider zu Lëtzebuerg ausbauen.
Nodeems d’Klimabank am Laf vun der viregter Legislaturperiod reforméiert, an de Prêt ouni Zënsen ofgeschaf ginn ass, wëll d’DP préiwen, ob eng weider Reform néideg ass, fir d’Wierksamkeet vun deem Instrument ze garantéieren. Zanterhier ass den Zënssaz däitlech an d’Luucht gaangen, wat bedeit, datt esouguer e Klimaprêt mat engem reduzéierten Zënssaz fir vill Leit net méi accessibel ass.
Fir déi energeetesch Sanéierung vu bestoende Wunnengen ze fërderen, huet d’DP d’Critèrë vum Klimaprêt esou ugepasst, datt alleguerten d’Proprietaire kënnen e Prêt ouni Scholdzënse kréien. Dat dréit dozou bäi, fir déi national Klimaziler z’erreechen. An engems kënnen d’Proprietairen an d’Locatairen hir Energiekäschten däitlech reduzéieren.
Wéinst der Inflatioun an der Onsécherheet um Marché, sinn d’Transaktiounen um Immobiliemaart an de leschte Méint staark zeréckgaangen. D’DP wäert de Quart taux global erëm fir eng begrenzten Zäit aféieren. Doduerjer soll d’Offer um Wunnmaart gestäerkt ginn.
D’DP wäert den Transfert vum Benefice op den Immobilieverkeef erëm fir eng gewëssen Zäit zouloossen; am Fall, wou eng Mietwunneng verkaf an den Erléis an en Neibau investéiert gëtt.
An der lafender Legislaturperiod sinn zousätzlech sozial Wunnenge geschafe ginn; ënnert anerem duerch Steierreduktioune bei der Locatioun un offiziell unerkannten Organisatioune fir d’Verwaltung vu Sozialwunnengen. D’Konzept vun der Verwaltung vu soziale Locatiounswunnenge soll ausgebaut a weider gefërdert ginn, ënnert anerem duerch eng komplett Steier-Exoneratioun um Loyer, amplaz vun den ablackleche 75 Prozent.
No engem jorelaange Reformstau huet d’DP-geféiert Regierung an der leschter Legislaturperiod endlech eng Reform vum vereelste Grondsteiersystem op den Dësch geluecht. Mir hunn eis dofir staark gemaach, datt en net-imposabele Grondsteierbetrag fir déi Eltere virgesinn ass, déi en Terrain fir hir Kanner hale wëllen. Mir wäerten déi geplangte Reform ëmsetzen an domadder fir eng méi gerecht, an der Realitéit vun haut ugepasste Besteierung suergen.
Mir wäerten och déi proposéiert Mobiliséierungssteier an d’Steier op eidele Wunnengen (Leerstandssteier) ëmsetzen.
D’DP wäert de geplangte Wunneregëster aféieren. Dee Regëster ass net nëmme wichteg fir d’Erfaasse vun den eidele Wunnengen a vun der Berechnung vun der Steier op eidele Wunnengen, ma och e wichtegt Instrument, fir d’Statistike fir d’Gemengen an fir d’Verwaltungen opzestellen.
Prozedure vereinfachen, digitaliséieren a méi transparent gestalten
D’DP wäert alleguerten d‘Prozedure fir d’Autorisatioune grëndlech préiwen an déi jeeweileg Prozedure méi einfach a méi séier maachen. Mir wäerten e systematesche Monitoring fir déi geltend Legislatioun installéieren, fir esou kënne séier op Barrièren am Alldag ze reagéieren.
Well déi ablacklech Legislatioun an d’Ausféierungsbestëmmungen am Beräich Wunnen a Bau just fir spezialiséiert Juristen z’iwwerblécke sinn, wäert d’DP d’Texter an engem iwwersiichtleche Code de la construction bëndelen. Dëse Code wäert fir jiddereen op eng interaktiv a userfriendly Manéier digital accessibel sinn. Mir wëllen och der Cellule de facilitation urbanisme et environnement an der PAP-Plattform – déi zur Acceleratioun vun de Prozedure bäidroen – zousätzlech Mëttel ginn.
Vill prozedural Schwieregkeete kommen dohier, datt all Gemeng hir eege Bautereglementer huet. D’DP wäert sech dofir asetzen, fir déi Reglementer mat de Gemengen z’iwwerpréiwen an ze vereenheetlechen. Am deem Kader wäert sech d’DP fir eng Moderniséierung an eng Flexibiliséierung vun de Reegelen asetzen.
D’DP wäert doriwwer eraus d’Vereinfachung vun de Prozedure vun den allgemenge Bebauungspläng a vun den Deelbebauungspläng, respektiv vun de punktuellen Upassungen, acceleréieren.
D’DP wëll, datt alleguerten d’Geneemegungsprozedure kënnen digital agereecht a kënnen digital duerchlaafe gelooss ginn. Gläichzäiteg sollen d’Demanden och digital verschafft ginn, fir déi ganz Prozedure méi effikass a méi séier ze maachen.
D’DP wëll Friste fir all eenzele Schrack vun der Geneemegungsprozedur bei de staatleche Verwaltungen aféieren, wann dat an der Praxis méiglech ass an z.B. net géint europäescht Recht verstéisst. Huet d’Verwaltung no dräi Méint no der Ufro net reagéiert oder net eng fondéiert Verlängerung vum Delai gefrot, gëllt dat automatesch als Accord. Fräi nom Prinzip: Wer schweigt, stimmt zu. D’DP wäert de gläiche Modell och fir d’Geneemegungsprozeduren an de Gemengen aféieren an hinnen déi néideg Mëttel ginn, fir d’Frist vun dräi Méint kënne realistesch anzehalen.
D’DP setzt sech fir e staarke legislative Kader an, fir d’Ëmwelt ze schützen. Allerdengs si laangwiereg an opwänneg Verfaren eng onnéideg Barrière fir d’Schafe vun zousätzlechem Wunnraum. Déi streng Interpretatioun vum Naturschutzgesetz bannent dem Perimeter, huet fir vill Onzefriddenheet bei de Bierger gefouert. D’DP wëll en ambitionéierten awer verhältnisméissegen Ëmweltschutz, deen op d’Akzeptanz vun der Bevëlkerung setzt. Mir wäerten d’Legislatioun genee iwwerpréiwen, fir d’Prozeduren ze vereinfachen a fir en Double emploi an iwwerflësseg Oploen ofzeschafen.
Fir d’DP gëllt: Bauland ass Bauland. Eemol als Bauland ausgewisen, sollt op däer Plaz dierfen ouni gréisser Ëmstänn gebaut ginn. Déi ablacklech Virschrëfte schafen een Ureiz fir d’Proprietairen, fir all Zort Biotopen oder d’Usiedele vun Déieren op engem bebaubaren Terrain ze verhënneren, fir datt se häerno net musse finanziell Kompensatiounsmesurë bezuelen. Dofir wäert d’DP dofir suergen, datt eng eenzeg Kéier – z.B. bei der Erweiderung vum Bauperimenter – en Inventaire vun der kompenséierungsflichteger Flora a Fauna opgesat gëtt. Bei der spéiderer Bebauung soll eng nei Ëmweltprüfung ewechfalen, och wa sech antëscht nei Habitater gebilt hunn. Doriwwer eraus solle Projeten op Industriebrooche ganz vun der Kompensatiounsflicht fir Flora a Fauna liberéiert ginn.
D’DP wäert dofir suergen, datt déi ëffentlech Bauträger eng Virreiderroll bei hire Bauprojeten am Beräich vun den nohaltege Baumaterialien a vun de Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft spillen.
Am Kader vum neien Offallgesetz ass d’Verflichtung agefouert ginn, fir en Inventaire iwwert dat verbaute Material ze féieren. D’Zil ass et, datt d’Gebai kann als Zort Lager fir matières premières déngen an d’Material ka méi spéit nei verwäert ginn. D’DP wëll dofir d’Kreeslafwirtschaft an der Baubranche geziilt fërderen, z.B. a Form vu Modularbauten.
Weider soll nohaltegt Material, ewéi Holz, méi staark verschafft ginn. D’DP wäert d’Subventioun fir nohaltegt Material, wéi et se bei der energeetescher Sanéierung gëtt, iwwerpréiwen an deemno wéi ausbauen.
Cf. Kapitel Nohaltegkeet
Nei Technologien, ewéi z.B. den 3D-Printing, suergen net just dofir, de Besoin u qualifizéiertem Personal ze reduzéieren, si erméiglechen och eng ressource-schounend an nohalteg Manéier fir ze bauen. D’DP wäert dofir den Asaz vun innovativen Technologien ënnerstëtzen an zesumme mam Sekter Projeten entwéckelen, fir d’Innovatioun weider ze stäerken. D’DP wëll Ureizer entwéckelen, fir de Baubestand z’erhalen an e fir nei Zwecker, dorënner als Wunnengsraum, ëmzenotzen.
D’DP wäert d’Virdeeler vun der Digitaliséierung bei der administrativer Vereinfachung och beim Wunnungsmaart iwwerpréiwen. D’Zil ass et, fir Transaktiounen z’erliichteren, Käschten ze spueren – dat Ganzt kombinéiert mat enger gläichzäiteger Rechtssécherheet an Zouverlässegkeet.
D’Aféierung vun engem nationale Wunnregëster ass fir d’DP d’Basis, fir den Deel-Besëtz vun enger Immobilie iwwert de Wee vun der Tokeniséierung (Bezuele per Blockchain) méiglech ze maachen.
D’DP wëll déi vum Geriicht gefuerdert Reform vum Mietgesetz op en Enn bréngen an dorobber uechter dinn, datt der aktueller Situatioun um Wunnengsmaart Rechnung gedroe gëtt, fir esou fir e balancéiert Verhältnis tëschent Locatairen a Proprietairen ze suergen. Deemno solle kloer an transparent Reeglen opgestallt ginn, déi fir en héije Schutz vum Locataire suergen, a gläichzäiteg dem Privatproprietaire genuch Ureizer ginn, fir an zousätzleche Wunnraum z’investéieren.
D’DP wëll eng sozial Mixitéit an allen ëffentleche Wunnprojete garantéieren. Dofir sollen déi Projete net just aus Miet- an aus Sozialwunnenge bestoen.
Déi dynamesch Entwécklung vum Wunnengsmaart an de leschte Joren huet vill Verkeefer dozou animéiert, fir Héchstpräiser – wäit iwwert dem Maartwäert ze verlaangen – wat alt erëm dofir gesuergt huet, datt d’Präisser weider geklomme sinn. Generell ass méi Transparenz um Marché gutt fir eng realistesch Präisentwécklung. D’DP wäert Richtlinne fir eng Standardiséierung vun den Immobilienannoncen aféieren, fir datt d’Keefer d’Immobilie besser matenaner vergläiche kënnen.