Claude Meisch

„Maximal Chance fir d‘Bildung, minimal Chance fir de Virus“

Zënter Ufank vun der Pandemie war et dem Bildungsminister Claude Meisch säi Wëlle fir de schwieregen Equiliber tëscht dem Schutz vun der Gesondheet vun den Enseignanten a Schüler engersäits an tëscht de fundamentale Missioune vun der Schoul anerersäits ze garantéieren.

Bei der Rentrée 2020/2021 sinn déi schoulesch a sozial Interessie vun eise Jonken erëm méi an de Virdergrond geréckelt. Nieft dem Wuelbefanne vun de Schüler sollen och hir Selbststännegkeet, hir Kreativitéit an hire kritesche Geescht nees optimal gefërdert ginn. Mir däerfe keng verluere Generatioun duerch de Covid-19 riskéieren. Eis Schoule mussen nees hir voll Responsabilitéit iwwerhuelen, andeems si de Kanner déi néideg sozial, psychologesch an intellektuell Kompetenze mat op de Wee ginn.

Mir mussen oppassen, dass déi Jonk net den Uschloss verpassen, virun allem déi, déi net vun doheem aus konnte gehollef kréien. Initiative wéi d’Summerschool an d’Plattform schouldoheem.lu sollen dofir bäibehale ginn.

Wéi de Minister Claude Meisch weider betount, wëll ee verhënneren, dass d‘Schüler hir sportlech, sozial a kulturell Aktivitéiten – déi si wéinst der Pandemie hu musse bremsen – elo komplett opginn. „Wa mir gären eng staark a solidaresch Gesellschaft hätten an Zukunft, dann ass et wichteg, dass sech déi Jonk weider staark engagéieren“, esou de Ressortminister.

„Mir këmmeren eis“

Fir d’Wuelbefanne vun eise Kanner a vun eise Jugendlechen ze garantéieren, wäerten an Zukunft eng Rëtsch Preventiounsprojete vum Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS) lancéiert ginn. Duerch déi proaktiv Manéier solle Gewalt- a Suchtverhalen verhënnert an déi néideg Opklärung iwwer Sexualitéit, Emotiounen, an iwwert den Ëmgang op de soziale Medie garantéiert ginn.

An dem Kader soll och d’Inclusioun vu verhalensschwierege Kanner weider gefërdert ginn. An de Lycéeë ginn d’équipes de soutien des élèves à besoins spécifiques (ESEB) nach eemol verstäerkt, wärend d‘Agenten am Fondamental kënnen zu Themen ewéi Preventioun an Deseskalatioun forméiert ginn.

Claude Meisch

Integratioun vun de Primo-Arrivants

Nieft der Inclusioun spillt och d’Integratioun vu Migranten- a Flüchtlingskanner eng wichteg Roll, wann et drëms geet, fir een oppent a frëndlecht Klima an eise Schoulen ze schafen. De Bildungsministère wëll dofir en neie Service op d’Bee stellen, dee sech spezifesch ëm den Accueil an d’Integratioun vu dëse Schüler bekëmmert.

Duerch ee reegelméissege Suivi sollen eventuell Problemer mat Zäit erkannt ginn, fir de Schoulparcours wann néideg z‘adaptéieren. Och dës Kanner sollen sech zu Lëtzebuerg wuelfillen an eng fair Chance fir d’Zukunft kréien.

2020 – D’Joer vun der Digitaliséierung

Fir dem digitale Wandel an de Fuerderunge vum Aarbechtsmarché gerecht ze ginn, mussen eis Kanner a Jugendlech léieren, mat de neisten Technologien ëmzegoen. De Bildungsministère hat sech decidéiert, fir dëst Joer eng Partie Moderniséierungen am Schoulprogramm ze maachen – an dat scho virun der Corona-Pandemie. Déi sanitär Kris huet eis dunn ëmsou méi doranner bestätegt, wéi wichteg a nëtzlech déi digital Kompetenzen an eiser Zäit sinn.

Kanner App Bildung

Coding

Ee vun den Haaptprojeten en Vue vun engem moderne Schoulsystem ass d‘Aféierung vum Coding am Enseignement Fondamental vun der Rentrée 2020/2021 un. Mat dëse spillereschen Aktivitéite sollen d’Kanner léieren, wéi d’Maschinne funktionéieren a wéi ee mat hinne kommunizéiert.

An enger éischter Phase gëtt de Coding just am Kader vum Mathematiksprogramm am Cycle 4 enseignéiert. Vum Schouljoer 2021/2022 un sollen déi digital Kompetenzen dann an all de Cycle gefërdert ginn, andeems sech de Coding ewéi ee roude Fuedem duerch déi verschidde Fächer vum Programm zitt. Fir alleguerten d‘Froen iwwer d’Digitaliséierung vun de Schoulen ze klären, si 15 nei Enseignanten rekrutéiert ginn, déi an den digitale Kompetenze spezialiséiert sinn.

Parallel dozou gëtt fir d’Klasse vu 7e bis 5e vum Enseignement Secondaire en neie Cours an de Sciences Numériques agefouert. An deem Kader soll och de Programm one2one weidergefouert ginn, dee virgesäit, dass all Lycéesschüler eng Tablett kritt.

Eng zousätzlech Offer un Ausbildungen

Duerch déi aktuell Kris hunn déi Jonk et den Ament immens schwéier, fir eng Ausbildungs- oder eng Aarbechtsplaz ze fannen. Eng vun den DP-Prioritéiten ass et, fir eng Hausse vun de Lëtzebuerger NEETS ze verhënneren, also vun deene Jonken, déi weder schaffen, nach an enger Formatioun oder an enger Héichschoul ageschriwwe sinn.

Mat der Initiativ „Diplom+“ ass de Minister Claude Meisch ee neie Wee gaangen , deen den Iwwergang vum Lycée op den Aarbechtsmaart erliichtere soll. Et handelt sech dobäi ëm eng Formatioun vun engem Joer, déi et de Participanten erlaabt, fir hir soft-skills, hire praktesche Savoir-faire an hir Autonomie ze stäerken. D’Formatioun riicht sech u jonk Diploméiert aus dem Enseignement Secondaire an aus der Formation Professionnelle, a vermëttelt eng breetgefächert Zuel un transversale Kompetenzen, déi wäerten haut an an Zukunft um Aarbechtsmarché gefrot sinn.

Fir de Manktem u Léierplazen auszegläichen, wäert de Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) eng Partie Formatiounen a sengen Atelieren zu Esch an zu Ettelbréck proposéieren, an esou d‘Roll vum Patron-Formateur iwwerhuelen.

Eng aner DP-Prioritéit ass et, fir déi national Bildungsoffer weider ze diversifiéieren. Fir d’Rentrée 2020/2021 sinn dofir 2 nei Sektiounen am ECG (École de Commerce et de gestion – School of Business and Management) fir d’Klassen 2e a 1re geplangt: d’Sektioun „finance“ an d’Sektioun „marketing, media, communication“.

Am Lycée privé Emile Metz (LPEM) gëtt elo eng nei DAP-Formatioun vum „agent spécialisé en Smart materials“ ugebueden.

A schliisslech gëtt et am Lycée de Garçons Esch (LGE) neierdéngs eng Preparatiounsklass fir den International Baccalaureate.

Claude Meisch

Lifelong Learning

Fir eng gutt Preparatioun op déi kommend Ufuerderunge vum Aarbechtsmarché, geet et net duer, fir just an d’Ausbildung vun eise Kanner a Jugendlechen z‘investéieren. Den interministeriellen Aarbechtsgrupp Skillsdësch huet sech als Zil gesat, fir de Besoin u Kompetenzen z‘analyséieren, fir déi wichtegst Zukunftsbranchen ze definéieren a fir en nationalen Aktiounsplang an der Bildung opzestellen.

De Minister Claude Meisch huet virgesinn, fir déi 3 Acteure vum Lifelong Learning – den Institut national des langues (INL), de Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) an de Service de la formation des adultes (SFA) – ënnert dem Schierm vun enger Université populaire ze regroupéieren. Dës nei Uni soll 2021 um Site Esch/Belval opgoen. Zu gudder Lescht soll d’Offer vun der Formation d’Adulte ausgebaut ginn, an dat virun allem am digitale Beräich.

Keen Dreiwer vun der Pandemie

D’Schoul ass keen Dreiwer vun der Pandemie. Dat ass eng vun de Konklusiounen aus dem rezente Rapport iwwer d’Entwécklung vun de positive Covid 19-Fäll an de Schoulen. Am Géigendeel: De Stufemodell hätt dozou bäigedroen, fir d’Verbreede vum Virus an de Schoulen auszebremsen.

Mobil Test-Ekippen an de Schoulen

D’Testen ass a bleift en zentraalt Element am Kampf géint d’Verbreedung vum Coronavirus. Fir an Zukunft kënne méi séier op isoléiert Infektiounen an de Klassen ze reagéieren, si vun dëser Woch (16.November) un och eng Dose mobil Test-Ekippen an de Schoulen ënnerwee. Betraffe Schüler an Enseignante kënnen esou op der Plaz getest ginn a mussen sech net méi onbedéngt an een Testzenter oder an e Labo deplacéieren.

Schoultransport

No der Allerhellegevakanz ass d’Capacitéit vum Schoultransport erhéigt ginn. Domadder ass elo garantéiert, datt déi sanitär Reegelen an de Busse kënne besser respektéiert ginn.

De ganze Rapport vum Educatiounsministère fannt dir hei [méi…]

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.