Wou ass d’Etüd zum Plan d’Organisation du Travail drun?

D’Etüd zur Aarbechtszäitverkierzung bezitt sech op Resultater vun der Etüd iwwert den Plan d’Organisation du Travail – kuerz POT – deen am Dezember 2016 per Gesetz agefouert gouf. D’Resultater vun der POT-Etüd goufe bis haut awer net verëffentlecht. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst beim Aarbechtsminister, deen dës Etüd an Optrag ginn huet, nogefrot, wéini d’Resultater presentéiert ginn.

Fro

« En décembre 2016, des adaptations du droit du travail ont été effectuées en ce qui concerne l’organisation du travail. Avec l’introduction du “Plan d’organisation du travail” (POT), les entreprises ont eu la possibilité de définir des périodes de référence qui devaient permettre une plus grande flexibilité dans l’organisation du travail des salariés.

La loi de 2016 dispose que 5 ans après l’entrée en vigueur de la loi, un bilan intermédiaire des nouvelles dispositions doit être effectué. Le LISER a été chargé de cette étude par le ministère du Travail. Le projet a débuté le 23 novembre 2020 et s’est terminé le 31 décembre 2022.

La nouvelle étude du LISER sur la réduction du temps de travail se réfère précisément à l’étude sur le POT, mais aucun résultat de cette dernière n’a encore été publié officiellement.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Économie sociale et solidaire :

  • Monsieur le Ministre, pour quelles raisons les résultats de l’étude POT n’ont-ils pas encore été publiés, alors que le LISER lui-même fait référence aux résultats de cette étude ? Quand peut-on s’attendre à une publication des résultats de l’étude POT ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Mobbing am ëffentlechen Déngscht: Wat gëtt gemaach?

Och am ëffentlechen Déngscht ass Mobbing op der Aarbecht eng Realitéit, déi bal all 5. Staatsbeamte betrëfft.D’DP Deputéiert Gusty Graas a Fernand Etgen hunn an dem Kontext beim zoustännege Minister fir d’Fonction publique, nogefrot wéi heen déi aktuell Situatioun gesäit, wat geplangt wier fir dësem entgéint ze wierken an ob déi zoustänneg Kommissioun fir Mobbing am ëffentlechen Déngscht déi säit 2014 net méi aktiv ass, soll reaktivéiert ginn.

weiderliesen...

Sollt de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbuede ginn ?

An der Belsch an a Frankräich gouf rezent de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbueden. Dës Medikamenter sinn opgrond vun eventuelle gesondheetleche Risike vun elo u just nach op Ordonnance ze kréien.

D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si dëst Verbuet an eisen Nopeschlänner opfaasst, ob si esou ee Verbuet och zu Lëtzebuerg als sënnvoll ugesäit, an ob Dokteren a Patienten iwwer d’Risike vu Medikamenter mat Pseudoephedrin sensibiliséiert sollte ginn.

weiderliesen...

Zousätzlech national Regëster fir gréisser Krankheeten ?

Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei am Land zielen.
Den Zougrëff vum CGDIS op dës Regëster sollt och an d’A gefaasst ginn fir d’Prise en charge an Noutfallsituatiounen ze verbesseren.

weiderliesen...