Frage
„Och wa mam Projet Schlasskéier zu Wooltz déi ambulant Behandlunge solle verstäerkt ginn, héiert een ëmmer méi dacks, datt d’Offer um Standuert vun der Klinik lues a lues geschwächt gëtt. Sou sollen an Zukunft kaum nach chirurgesch Agrëff do getätegt ginn. Och den Noutdéngscht funktionéiert scho länger Zäit net méi wärend den Nuetsstonnen, sou datt d’Leit aus der Nordregioun mussen op Ettelbréck fueren oder gefouert ginn.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:
- Stëmmt et, datt eng Rei Dokteren an der Weeltzer Klinik, déi an d’Pensioun ginn, net méi ersat ginn? Huet d’Zuel vun de Spezialisten um Site Wooltz ofgeholl? Wa jo, soll se nach weider reduzéiert ginn?
- Wéi huet sech d’Zuel vun de systemateschen Analysen – Ultraschall, EKG a Röntgen – an der Poliklinik zu Wooltz an zu Ettelbréck entwéckelt? Gëtt reegelméisseg gepréift, ob all déi Analysen noutwendeg sinn?
- Wéi gesäit d’Zukunft vun der Weeltzer Klinik aus? Wat gëtt ënnerholl fir de Standuert Wooltz vum Centre hospitalier du Nord (ChdN) nees méi attraktiv ze maachen an domat de Standuert Ettelbréck z’entlaaschten an de Leit wäit Deplacementer z’erspueren?
- Wat gedenkt d’Madamm Ministesch ze ënnerhuele fir d’Poliklinik zu Ettelbréck ze entlaaschten? Kéint dat net duerch eng Permanence vun den Hausdoktere gemaach gi fir ze vermeiden, datt déi krank Leit weider an d’Poliklinik oder an d’Maison médicale fuere mussen, fir dann do ënner Ëmstänn stonnelaang ze waarden?
- Kéint d’Madamm Ministesch sech fir d’Aféierung vun enger „Tournante“ vun de lokalen Hausdokteren (z.B. Clierf a Wooltz; Ëlwen an Housen; Réiden a Groussbus an Heischent) an den Owesstonnen asetzen, dëst fir d’Maison médicale z’entlaaschten an de Leit aus dem Éislek entgéint ze kommen?“