„D’Streckeradaren an den Tunnelen op der A7 sinn zënter dem 1. Dezember an hirer Testphas.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wéi vill Automobilisten a Camionsfuerer si wärend der Testphas op der A7 bis elo geblëtzt ginn?
- Vu wéini u ginn dës Streckeradare schaarf gestallt?“
Answer
Wéi vill Automobilisten a Camionsfuerer si wärend der Testphas op der A7 bis elo geblëtzt ginn?
Wärend der Testphas vun de Streckeradaren an den Tunnellen Stafelter, Grouft an Gousselerbierg op der A7 gi keng Donnéeë gespäichert. Alles wat vun de Streckeradaren erfaasst gëtt, gëtt direkt geläscht. Esou leien och keng Statistike mat de gewënschten Donnéeë fir.
Vu wéini u ginn dës Streckeradare schaarf gestallt? D’Streckeradare gi schaarf gestallt, soubal d’Anlagen homologéiert an alles richteg parametréiert ass.