„Den Här Minister huet op enger rezenter Pressekonferenz annoncéiert, dass op der A7 an allen Tunnele Streckeradare sollen installéiert ginn.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Op wéi enge Plaze genee sollen dës Radaren installéiert ginn? Si just déi dräi länger Tunnelen op der Héicht vu Lëntgen, Luerenzweiler an dem Waldhaff concernéiert oder soll och ee Radar am Tunnel beim Krounebierg zu Miersch installéiert ginn?
- Wéi gesäit d’Zäitschinn aus fir dës Radaren z’installéieren?
- Wat ass de geschate Käschtepunkt heivun?
- Wéi vill Accidenter sinn an den Tunnelen op der A7 geschitt, zënter dës Streck 2015 fäerdeg gestallt gouf?
- Wat ass de Bilan vum Streckeradar tëscht Gonnereng an dem Waldhaff zënter dësen operationell ass?“
Answer
Op wéi enge Plaze genee sollen dës Radaren installéiert ginn? Si just déi dräi länger Tunnelen op der Héicht vu Lëntgen, Luerenzweiler an dem Waldhaff concernéiert oder soll och ee Radar am Tunnel beim Krounebierg zu Miersch installéiert ginn?
Dës Streckeradaren ginn nëmmen an den Tunnellen Stafelter, Grouft an Gousselerbierg installéiert. Deemno kennt keen Radar an den Tunnel beim Krounebierg zu Miersch.
Wéi gesäit d’Zäitschinn aus fir dës Radaren z’installéieren?
Déi dräi genannte Streckeradare si viraussiichtlech bis Ënn des Jores installéiert.
Wat ass de geschate Käschtepunkt heivun?
De Käschtepunkt vun dësen dräi Streckeradaren inklusiv Infrastrukturaarbechten an den Tunnelle beleeft sech op ronn 1,7 Milliounen Euro.
Wéi vill Accidenter sinn an den Tunnelen op der A7 geschitt, zënter dës Streck 2015 fäerdeg gestallt gouf?
Säit 2015 goufen an den Tunnellen op der A7 (Tunnel Stafelter, Grouft, Gousselerbierg an Miersch) insgesamt 115 Accidenter enregistréiert :
2015 | 2016 | 2017 | 2018 | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 | |
Unzuel Accidenter | 7 | 10 | 11 | 16 | 32 | 19 | 14 | 6 |
Wat ass de Bilan vum Streckeradar tëscht Gonnereng an dem Waldhaff zënter dësen operationnell ass?
D’statistesch Donnéeë betreffend deene vun de Streckeradaren erfaasste Sanktioune leien ausschliisslech der groussherzoglecher Police vir.