Question
„Aus der däitscher Press gouf ee rezent gewuer, datt d’Zuel vun de Leit mat Kariesprobleemer sech zanter 1989 hallwéiert huet. Dat an der Alterskategorie tëscht 35 bis 44 Joer. Och d’Zuel vun de Leit, déi net méi vill Zänn am Mond hunn, wier däitlech zréckgaang. An der Alterskategorie tëscht 35 bis 44 Joer géif et quasi keng Leit méi ginn, déi guer keng eegen Zänn méi hunn.
Dat bestätegt eng Etüd ënnert dem Numm „Mundgesundheitsstudie“, déi d‘”Institut der deutschen Zahnärzte”, d‘”Kassenzahnärztliche Bundesvereinigung” an d‘”Bundeszahnärztekammer” zu Berlin virgestallt hunn. Nëmmen nach 5% vun de Leit tëscht 65 a 74 Joer wieren ouni eegen Zänn. Dat wier weltwäit ee Spëtzewäert. Bei de Kanner wier de Karies zanter Enn de 90er Joren ëm 90% zréckgaang. 78% vun den 12järegen hätten iwwerhaapt kee Kariesprobleem. Dogéint awer wier d’Parodontos nach ëmmer eng Vollekskrankheet a wier och ee Facteur, deen Häerzkreeslafkrankheete begënschtege géif. Ronn 14 Millioune Menschen an Däitschland hunn deemno eng schwéier Parodontalerkrankung.
An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:
- Wéi gesäit d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg aus? Gouf et schonn eng änlech Studie wéi an Däitschland? Wa jo, kann een aus dësen Etüden, déi selwecht Konklusiounen zéien?
- Well d’Zännprotheesen an Implantater en deieren Artikel sinn, wollt ech och nach froen, wéi de Moment d’Preventiounspolitik vun der Santé an dësem Beräich ausgesäit an ob se eventuell iwwerduecht muss ginn?
- Wéi huet sech d’Zuel vun den Zänndoktere pro 1000 Awunner hei zu Lëtzebuerg an de leschte Joerzéngten entwéckelt? Si mer op deem Plang besser gestallt wéi nach um Ufank vum Joerdausend? “