Wéini sollen d’Streckeradaren an den Tunnelen op der A7 installéiert ginn?

Nodeems de Mobilitéitsminister op enger Pressekonferenz annoncéiert hat, dass op der A7 an allen Tunnele Streckeradare sollen installéiert ginn, wollt den DP-Deputéierte Max Hahn wëssen, fir wéini dëst soll geschéien a wat de Käschtepunkt dovu wäert sinn.

„Den Här Minister huet op enger rezenter Pressekonferenz annoncéiert, dass op der A7 an allen Tunnele Streckeradare sollen installéiert ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Op wéi enge Plaze genee sollen dës Radaren installéiert ginn? Si just déi dräi länger Tunnelen op der Héicht vu Lëntgen, Luerenzweiler an dem Waldhaff concernéiert oder soll och ee Radar am Tunnel beim Krounebierg zu Miersch installéiert ginn?
  • Wéi gesäit d’Zäitschinn aus fir dës Radaren z’installéieren?
  • Wat ass de geschate Käschtepunkt heivun?
  • Wéi vill Accidenter sinn an den Tunnelen op der A7 geschitt, zënter dës Streck 2015 fäerdeg gestallt gouf?
  • Wat ass de Bilan vum Streckeradar tëscht Gonnereng an dem Waldhaff zënter dësen operationell ass?“

Äntwert

Op wéi enge Plaze genee sollen dës Radaren installéiert ginn? Si just déi dräi länger Tunnelen op der Héicht vu Lëntgen, Luerenzweiler an dem Waldhaff concernéiert oder soll och ee Radar am Tunnel beim Krounebierg zu Miersch installéiert ginn?

Dës Streckeradaren ginn nëmmen an den Tunnellen Stafelter, Grouft an Gousselerbierg installéiert. Deemno kennt keen Radar an den Tunnel beim Krounebierg zu Miersch.

Wéi gesäit d’Zäitschinn aus fir dës Radaren z’installéieren?

Déi dräi genannte Streckeradare si viraussiichtlech bis Ënn des Jores installéiert.

Wat ass de geschate Käschtepunkt heivun?

De Käschtepunkt vun dësen dräi Streckeradaren inklusiv Infrastrukturaarbechten an den Tunnelle beleeft sech op ronn 1,7 Milliounen Euro.

Wéi vill Accidenter sinn an den Tunnelen op der A7 geschitt, zënter dës Streck 2015 fäerdeg gestallt gouf?

Säit 2015 goufen an den Tunnellen op der A7 (Tunnel Stafelter, Grouft, Gousselerbierg an Miersch) insgesamt 115 Accidenter enregistréiert :

 20152016201720182019202020212022
Unzuel Accidenter71011163219146

Wat ass de Bilan vum Streckeradar tëscht Gonnereng an dem Waldhaff zënter dësen operationnell ass?

D’statistesch Donnéeë betreffend deene vun de Streckeradaren erfaasste Sanktioune leien ausschliisslech der groussherzoglecher Police vir.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...