„Virun iwwer engem Joer huet d’Chamber de Projet vum Reamenagement vun der N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech mat ganz breeder Majoritéit gestëmmt.
Ufank Juli koum et dann och zum Spuedestéch vum Contournement vun Housen, wouriwwer ganz vill Leit sech gefreet hunn. Dës Leit froen sech awer och wéini et zum Startschoss vun deene aneren Aarbechte kënnt.
An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:
- Wéi gesinn déi ënnerschiddlech Etappe vun der Moderniséierung vun der N7 aus?
- Wéini a wou sollen déi verschidden Aarbechten ufänken?
- Wéi gesäit déi zäitlech Schinn aus? Gëtt et do schonn en Iwwerbléck? Wou sinn d’Ausschreiwunge momentan drun?“