Wéini ginn d’Roulotten, déi an der Sauer leien, wechgeholl?

Duerch d'Héichwaasser vum leschte Juli sinn ë.a. zu Méchela Roulotten an d'Sauer geschwemmt ginn. Fënnef Méint méi spéit huet nach keen dës aus dem Floss gefëscht. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéini dës wechgeholl géife ginn.

Op der Uewersauer, z.B. op der Bramillen (Gemeng Buerschent) oder zu Méchela (vis-à-vis vun der Réngelschleed, Gemeng Ierpeldeng-Sauer), sinn nom Juli-Héichwaasser eng ganz Rei Roulotte laanscht d’Uwänner am Getraisch oder a Beem hänke bliwwen.

Véier Méint no den Iwwerschwemmunge vum Summer 2021 hänken se nach ëmmer do a riskéieren, bei engem Wanter-Héichwaasser, weider gedriwwen ze ginn bis se dann iergendwou op der Ënnersauer oder an der Musel ukommen. Datt se eventuell an eng Bréck knuppen an do de Waasserlaf stéiere kënnen, dat versteet sech vum selwen.

Aus deem Grond wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  1. Ass d’Madamm Minister iwwer dës Fäll informéiert ginn? Wou stellen sech nach änlech Problemer?
  2. Konnt d’Identitéit vun de Besëtzer vun dëse Roulotten an aneren Objete festgestallt ginn? Wat ass hir präzis Verantwortung an dësem Kontext?
  3. Ass d’Madamm Minister prett fir dës Gefierer ewechhuelen ze loossen? Wa jo, a wat fir engen Delaie kann d’Waasserwirtschaftsamt dës Aarbechten an d’Wee leeden an duerchféiere loossen?
  4. Kann d’Madamm Ministesch soen firwat dës Roulotte bis elo nach net wechgeholl gi sinn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...