„Viru bal fënnef Méint ass zu Veianen laanscht d’Our no bei der Bréck op der rietser Säit vum Floss eng Mauer agefall, well en Deel vun der Mauer vum Héichwaasser wechgerappt ginn ass. Dës Mauer stäipt d’Strooss vu Veianen iwwer Biwels op Stolzebuerg.
An deem Kontext wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:
- Ass de Schued scho vun der zoustänneger Verwaltung evaluéiert ginn?
- Wat fir Aarbechte mussen hei genee duerchgefouert ginn?
- Wéi laang wäerten dës Aarbechten héchstwarscheinlech daueren?“