Wéi vill Loyer bezilt de Staat?

An enger parlamentarescher Fro un den Här Finanzminister froen d’Deputéiert André Bauler a Corinne Cahen wéi vill Loyeren a Chargë fir Ministèren an Administratiounen de Staat bezilt, ob ee gedenkt an Zukunft éischter ze kafen a wéi et ëm eidel stoend Gebaier steet.

Nodeems de Staat d’Gebai vum Santésministère an der Darwinstrooss op der Cloche d’Or kaaft huet, wollte mir dem Här Finanzminister folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Loyeren a Chargen huet de Staat am Joer 2023 fir Gebaier an deene Ministèren an Administratiounen dra si bezuelt?
  • Ass de Staat an Zukunft drop ugewise fir weider Raimlechkeete fir seng Verwaltungen ze lounen oder versicht de Staat éischter op de Wee ze goe fir nei Gebailechkeeten ze kafe respektiv op sengen eegenen Terraine bauen ze loossen?
  • Wéi vill Gebaier, déi dem Staat gehéieren oder vum Staat gelount ginn, stinn den Ament eidel?
  • Wat gedenkt d’Regierung mat deene Gebaier ze maachen, déi aktuell eidel stinn?

Äntwert

Wéi vill Loyeren a Chargen huet de Staat am Joer 2023 fir Gebaier an deene Ministèren anAdministratiounen dra si bezuelt?

Duerch d‘Loyerskommissioun am Finanzministère huet de Staat aktuell ongeféier 320 Loyerskontrakter lafen. Dobäi handelt et sech awer net nëmmen ëm Bürosgebaier an Hale fir Ministèren an Administratiounen, mä och ëm Schoulinfrastrukturen. 

De Gesamtloyer fir d’Joer 2023 beleeft sech dobäi op ongeféier 78 Milliounen Euro. D’Chargë si méi schwéier ze erfaassen, well dës deels vun den Occupanten, deels vun der Loyerskommissioun bezuelt ginn. 

Ass de Staat an Zukunft drop ugewise fir weider Raimlechkeete fir seng Verwaltungen zelounen oder versicht de Staat éischter op de Wee ze goe fir nei Gebailechkeeten ze kaferespektiv op sengen eegenen Terraine bauen ze loossen?

De Wuesstum vum Land, dee parallel natierlech och déi noutwendeg Astellunge beim Staat mat sech bréngt, generéiert ëmmer nees nei Demanden, Extensiounen, Regruppementer wéi och Transformatioune vun Gebailechkeeten. 

D’Loyerskommissioun an de Comité d’acquisition sinn an deem Kontext gefuerdert fir dës Demanden ze evaluéieren an ze kucken wat weider soll gelount oder kaf ginn. 

D’Lokatioun mat Kafsoptioun ass eng vun de Méiglechkeete fir sech ee Gebai ze sécheren, dat duerno net zwéngend a Staatsproprietéit muss iwwergoen. 

De Ministère fir ëffentlech Bauten, zesumme mat der Verwaltung fir ëffentlech Bauten baut awer och nei Gebaier op Staatsterrainen. 

Wéi vill Gebaier, déi dem Staat gehéieren oder vum Staat gelount ginn, stinn den Amenteidel?

Aktuell sti wéineg Gebaier, déi dem Staat gehéieren, eidel. Bei deenen engen ass dat just temporär de Fall, well de Chantier fir d’Renovéierungsaarbechten nach net konnt ufänken. Fir aner Gebaier lafen aktuell Etuden fir dës ëmzeplangen en vue vu Renovatiounsaarbechten fir eng eventuell Reaffektatioun. 

Am Fall vu gelounte Gebaier ginn dës Verträg gekënnegt, sou bal se net méi gebraucht ginn. 

Wat gedenkt d’Regierung mat deene Gebaier ze maachen, déi aktuell eidel stinn? 

Wa Gebaier eidel stinn, dann ass dat doduerch geschëlt, well entweder Aarbechte musse realiséiert ginn oder detailléiert Analyse musse gemaach ginn, ier iwwer d’Zukunft vun dëse kann diskutéiert ginn. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Een Etablissement public fir d’Bluttspenden ?

D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Gérard Schockmel hunn der Gesondheetsministesch Froen zum annoncéierten Etablissement public fir d’Bluttspende gestallt.
Déi liberal Deputéiert froen ënnert anerem, ob et net méi sënnvoll wier all d’Fraise vun der Croix-Rouge fir de Service vum Bluttspenden ze iwwerhuelen, amplaz een Etablissement public ze schafen?
A wat geschitt mam Espace fir d’Bluttspend, deen am neie Siège vun der Croix-Rouge um Houwald geplangt ass, wann d’ Rout Kräiz de Service vum Bluttspenden net méi iwwerhëlt ?

weiderliesen...

Ass déi finanziell Bedeelegung vum Staat fir d’Bluttspenden ze niddreg?

D’Croix-Rouge mécht mat der Organisatioun vum Bluttspenden dëst Joer nees een Defizit. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob de Staat seng finanziell Bedeelegung net erhéije sollt, ob Lëtzebuerg ëmmer iwwer genuch Bluttreserve verfüügt, an ob weiderhin d’Croix-Rouge eleng d’Bluttspenden am Land organiséiere soll.

weiderliesen...

Wat ass de Stand vum Absenteismus hei a Lëtzebuerg?

A villen europäesche Länner geet den Taux vum Absenteismus an d’Luucht. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi den Absenteismus sech a Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wat d’Erklärunge fir d’Absencë sinn a wat aktuell do dergéint ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Ginn ëmmer méi Leit vermësst ?

D’Vermësstemeldunge schéngen a leschter Zäit ëmmer weider zouzehuelen. Besonnesch Kanner a Jugendlecher ginn ëmmer méi gemellt. Wéi hunn d’Zuelen sech entwéckelt a wisou kënnt et zu dësem Phänomen? Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...