Wéi vill Fäll, wou d’Leit hiren Offall einfach an der Natur entsuergen, goufen et an de leschte Joren?

Ëmmer nees gesäit ee Plazen an der Natur, wou Leit hire Knascht entsuergt hunn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn nogefrot, wéi vill där Fäll et an de leschte Jore gouf.

Ëmmer nees gesäit een an der Natur Plazen op deenen Dreck ofgelagert gouf. Dat geet vu Bauschutt, iwwer al Miwwel a Géigestänn bis iwwer organesch Offäll.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Kann d‘Madamm Emweltministesch eis soen wéi vill där Fäll an de leschte fënnef Joer entdeckt goufen?
  • Gëtt et an där Problematik regional Ënnerscheeder?
  • A wéi ville Fäll konnten d‘Auteure vun dësen Delikter identifizéiert ginn?“

Äntwert

  • Kann d‘Madamm Emweltministesch eis soen wéi vill där Fäll an de leschte fënnef Joer entdeckt goufen?

Verschidden Instanze kënnen intervenéiere wann an der Natur illegal Offall ofgelagert gouf. Nieft der Ëmweltverwaltung sinn och d’Police an Douane autoriséiert Verstéiss géint d’Bestëmmunge vum modifizéierten Offallgesetz vum 21. Mäerz 2012 z’ënnersichen an ze notéieren. Weiderhi gëtt den Artikel 20§5 vum genannten Offallgesetz de Gemengen d’Responsabilitéit fir d’Kollekten an d’Behandlung vun Hausoffäll, hausoffallänlechem Offall a Sperrmüll, déi sech op eng onkontrolléiert Aart a Weis op hirem Territoire erëmfannen. Eng Ausnam ass hei virgesi fir wann Offäll sech laanscht Stroossen befanne, fir där hiren Entretien d’Stroossebauverwaltung zoustänneg ass.

Wann et sech ëm illegal déposéierten Offall an der Gréngzon handelt, kann och d’Naturverwaltung verstännegt ginn. Laanscht d’Gewässer ass d’Waasserwirtschaftsamt zoustänneg. Genee Zuele leie leider net vir.

Wat déi méi kleng Quantitéite vun Offall an der Natur ugeet, de sougenannte Littering, deen awer mengem Verständnis no net vun dëser Fro viséiert war, mécht d’Ëmweltverwaltung reegelméisseg Analyse fir ze bestëmme wéi eng Zorten Offall an der Natur landen. D’Resultater aus dësen Etüden erméiglechen et da geziilt Mesuren ze ergräifen, wéi zum Beispill déi verschidde Sensibilisatiounscampagnen déi an de leschte Joren gemeet goufen. Esou Studie sinn an de Joren 2008 an 2015 gemaach ginn. Déi detailléiert Resultater fënnt een hei: https://environnement.public.lu/fr/offall-ressourcen/types-de-dechets/Littering.html. Et ass geplangt nach dëst Joer eng weider Etüd ze maachen.

  • Gëtt et an där Problematik regional Ënnerscheeder?

Dozou ginn et keng Informatiounen.

  • A wéi ville Fäll konnten d‘Auteure vun dësen Delikter identifizéiert ginn?

Dozou ginn et keng Informatiounen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...