Wéi vill Bëschbränn goufen et an de leschte Joer zu Lëtzebuerg?

Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.

„Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Bëschbränn goufen an de Joren 2001-2021 hei zu Lëtzebuerg gezielt? 
  • Wat fir Regioune vum Land a wat fir e Genre vu Bësch si besonnesch betraff? 
  • Wéi vill Hektar Bësch si jeeweils bei dëse Bränn zerstéiert ginn?
  • Wéi preparéiert sech de CGDIS fir Bëschbränn, déi an Zukunft méi dacks kéinten optrieden, ze bekämpfen?

Äntwert

Fro 1

De CGDIS huet 2019 eng nei, standardiséiert Alarméierungsstuf fir Vegetatiounsbränn agefouert, soudatt een d’Zuele vun no 2019 net mat deene vun de Jore virdru vergläiche kann. Säit dem 1. Januar 2019 sinn zu Lëtzebuerg 245 Vegetatiounsbränn gezielt ginn:

  • 2019 : 73
  • 2020 : 83
  • 2021 : 30
  • 2022 (bis de 13.09) : 145

Duerch déi waarm Temperaturen an d’Dréchent sinn an de Méint Juli an August iwwer 50% vun de Vegetatiounsbränn. Jee no Wiederlag am Summer kënnen dës Zuelen awer och relativ staark variéieren (Beispill 2021), woubäi iwwert déi lescht Jore en allgemengen Trend no uewe beobacht ka ginn.

Fro 2

D’Vegatatiounsbränn betreffen dat ganzt Land, ouni dass sech déi eng oder aner Regioun erausschielt. Am Plan national d’organisation des secours (PNOS) steet folgende Constat : «Les feux se répartissent à travers tout le pays. Ce sont les feux de champs ou de prés, consécutifs à la réalisation des moissons, qui ont constitué la majorité des feux et qui ont nécessité pour chacun d’entre eux l’engagement le plus faible en moyens de secours ».

Fro 3

Den Ausmooss vu Vegetatiounsbränn gëtt eréischt zënter kuerzem vum CGDIS iwwert eng standardiséiert Method erfaasst, soudatt et heizou keng statistesch fiabel Zuelen iwwert déi lescht Jore ginn. Déi gréisst Vegetatiounsbränn an de leschte Joren zu Lëtzebuerg haten awer all jeeweils eng maximal zesummenhängend Fläch vu manner wéi 15 ha. Et gouf keng sougenannt Megafeiere vun honnerten Hektar, wéi ee se haut schonn am Ausland ka gesinn. An der Reegel sinn et éischter méi kleng Bränn, déi sech op e puer Ar oder héchstens 1-2 ha limitéieren.

Fro 4

De CGDIS huet en internen Aarbechtsgrupp, dee sech mat all de spezifesche Sujete ronderëm d’Thema Vegetatiounsbränn beschäftegt a konkret Mesuren ausschafft: Asaztaktik, Material & Gefierer, Formatioun, Austausch mat aneren Acteuren aus deem Domaine, Präventioun & Sensibiliséierung asw. Donieft kënnt et och zu engem enken Austausch mat Pompjeeën aus anere Länner, fir vun dësen ze léieren a vum Erfarungsaustausch ze profitéieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...

Kënnt eng Apdikt op Bettenduerf ?

2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn a kéinten nach weider Gemengen eng nei Apdikt kréien?

weiderliesen...

Aféierung vun engem Depistage fir Hautkriibs ?

Zanter 2008 gëtt et an Däitschland een Depistage fir Hautkriibs fir all Assuré ab 35 Joer. Doduercher gi vill Fäll vun Hautkriibs méi fréi entdeckt.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Zuele vun Hautkriibs sech hei am Land zanter 2013 entwéckelt hunn, ob esou een Depistage och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier a firwat just d’Zuele fir schwaarzen Hautkriibs erhuewe ginn.

weiderliesen...
Kanner App Bildung

Reaffektatioun vun Enseignanten am Fondamental an hier Gemeng

D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hunn dem Educatiounsminister Froen zur Reaffektatioun vun Enseignanten am Fondamental an hier Gemeng gestallt. Ënnert anerem wollten si wëssen, wéi vill Posten an deene leschte 5 Joer op der Lëscht 1bis publizéiert goufen, wien hei prioriséiert sollt ginn an, ganz allgemeng, ob d’Gemenge weiderhi sollte fir d’Nominéierung vun der Lëscht 1 zoustänneg sinn.

weiderliesen...