Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

Fro

Aus der däitscher Press gouf ee rezent gewuer, datt d’Zuel vun de Leit mat Kariesprobleemer sech zanter 1989 hallwéiert huet. Dat an der Alterskategorie tëscht 35 bis 44 Joer. Och d’Zuel vun de Leit, déi net méi vill Zänn am Mond hunn, wier däitlech zréckgaang. An der Alterskategorie tëscht 35 bis 44 Joer géif et quasi keng Leit méi ginn, déi guer keng eegen Zänn méi hunn.

Dat bestätegt eng Etüd ënnert dem Numm „Mundgesundheitsstudie“, déi d‘”Institut der deutschen Zahnärzte”, d‘”Kassenzahnärztliche Bundesvereinigung” an d‘”Bundeszahnärztekammer” zu Berlin virgestallt hunn. Nëmmen nach 5% vun de Leit tëscht 65 a 74 Joer wieren ouni eegen Zänn. Dat wier weltwäit ee Spëtzewäert. Bei de Kanner wier de Karies zanter Enn de 90er Joren ëm 90% zréckgaang. 78% vun den 12järegen hätten iwwerhaapt kee Kariesprobleem. Dogéint awer wier d’Parodontos nach ëmmer eng Vollekskrankheet a wier och ee Facteur, deen Häerzkreeslafkrankheete begënschtege géif. Ronn 14 Millioune Menschen an Däitschland hunn deemno eng schwéier Parodontalerkrankung.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:

  • Wéi gesäit d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg aus? Gouf et schonn eng änlech Studie wéi an Däitschland? Wa jo, kann een aus dësen Etüden, déi selwecht Konklusiounen zéien?
  • Well d’Zännprotheesen an Implantater en deieren Artikel sinn, wollt ech och nach froen, wéi de Moment d’Preventiounspolitik vun der Santé an dësem Beräich ausgesäit an ob se eventuell iwwerduecht muss ginn?
  • Wéi huet sech d’Zuel vun den Zänndoktere pro 1000 Awunner hei zu Lëtzebuerg an de leschte Joerzéngten entwéckelt? Si mer op deem Plang besser gestallt wéi nach um Ufank vum Joerdausend? 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...