Wéi steet et ëm d’Kapazitéiten vun der Offallentsuergung?

Mam Wuesstem vun eiser Populatioun klëmmt och d’Quantitéit un Offall deen vun de Gemengenautoritéiten entsuergt muss ginn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ë.a. nogefrot, ob eventuell geplangt gëtt fir d’Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag zu Leideleng an der Décharge Muertendall ze erhéijen.

« Am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft an dem Schounen vun de Ressourcen soll iwwer déi nächst Joren den Undeel un Offall, dee muss verbrannt ginn oder an eng Décharge kommen, sou wäit et geet reduzéiert ginn. Trotzdeem ka kaum dovun ausgaange ginn, dass dës Fraktioun an noer Zukunft op Null erof wäert goen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Tonnen Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants » sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer verbrannt ginn, an eng Décharge komm oder hu missen exportéiert ginn?
  • Fir de Fall, dass Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants » exportéiert ginn ass, fir am Ausland eliminéiert ze ginn, wat waren d’Grënn heifir?
  • Wéi vill Tonnen Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants » sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer ugefall, déi net kënne verbrannt ginn, mee mussen an eng Décharge kommen?
  • Wéi schätzt d’Madamm Ministesch d’Evolutioun vun de Quantitéite Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants », déi all Joer ufalen, iwwer déi nächst 10 Joer an?
  • Ginn déi aktuell Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag zu Leideleng an der Décharge Muertendall duer, fir den Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants » vun den nächste Joren ze behandelen?
  • Et ass ons zu Ouere komm, dass de Gemengesyndikat SIGRE seng Décharge wäert ausbauen, kann d’Madamm Ministesch dat confirméieren?
  • Wéi vill nei Kapazitéiten wäerte sou geschaf ginn? Fir wéi laang gëtt geschat, dass déi zousätzlech Kapazitéiten duerginn?
  • Wat ass de Käschtepunkt vun dësen Aarbechten? Wéi vill Subsiden ginn an deem Kader iwwer den Ëmweltfong ausbezuelt?
  • Sollen d’Kapazitéiten vun der SIDOR och an den nächste Joren erhéicht ginn? »

Äntwert

D’Quantitéit vun “déchets municipaux en mélange et déchets encombrants” déi zu Leideleng verbrannt ginn, ass iwwer déi leschte 6 Joren geklomme. Gläichzäiteg ass manner däers Offall an eng Decharge komm. Den Export an d’Ausland ass iwwregens verbueden. Der Ëmweltministesch no wäerten d’Gesamtquantitéiten vun dëser Offallkategorie iwwer déi nächst 10 Joer däitlech ofhuelen, an dat trotz dem Wuesstem vun eiser Populatioun. An hirer Äntwert weist si sech optimistesch dass Lëtzebuerg dat europäescht Zil vun enger Recyclingsquote vu 60% bis 2030 erreeche kann. Dofir géif och keen Besoin bestoen fir d’Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag an den Dechargen auszebauen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...