Wéi geet et de Schwéngsproduzenten?

D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et momentan de Schwéngsproduzente geet a wéi de Staat hinnen nach kann hëllefen.

Et ass gewosst, datt d’Schwéngsproduzenten zanter Méint Schwieregkeete mam Verkaf vun hire Schwäin a Fierkel hunn.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

1. Kann den Här Minister d’Präisentwécklung op den internationale Mäert a Saache Schwéngsproduktioun zanter 2019 retracéieren?

2. Ass d’Zille vu Fierkelen heizuland zréckgefuer ginn, fir sech der Entwécklung vun der Demande unzepassen?

3. A wat fir engem Mooss huet de Staat de Produzente kënne finanziell hëllefen? Sinn dës Hëllefen un Exigenze vu staatlecher Säit gekoppelt? Wa jo, wat fir Obligatioune wieren dat?

4. Ass dem Här Minister bekannt wéi héich d‘Perten an de betraffene Betriber de Moment ausfalen? Riskéiere verschidde Betriber net hir Produktioun astellen ze mussen? 

5. Ass de Ministère bereet fir de Betriber ze hëllefen hir Produktioun ënner Ëmstänn ëmzestellen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...