Bei der Sir zu Menster gi Waasserbüffelen agesat fir d’Biodiversitéit ze stäerken. Et ass an der Vergaangenheet dozou komm, dass dës Waasserbüffele sech awer och am Waasser gewäsch an ofgekillt hunn.
An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:
- Wéi een Afloss huet d’Präsenz vu Waasserbüffelen an a ronderëm d’Sir op d’Waasserqualitéit ?
- Wéi eng Mesurë goufe geholl, respektiv wäerte geholl gi, fir d’Waasserqualitéit vun der Sir an dësem Fall ze schützen ?
- Wéi ee Bilan zitt d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung vun der Präsenz vu Waasserbüffele laanscht d’Sir ?
- Ginn et Alternativen zum Asaz vu Waasserbüffelen ? Wa jo, wat ass den Impakt vun dësen Alternativen op d’Ëmwelt am Verglach zu Waasserbüffelen ?