Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

Fro

Et gi vill Etuden a wëssenschaftlech Beweiser déi aussoen, dass gesond an equilibréiert Iesse ganz däitlech dozou bäidréit, dass e Kranken am Spidol nees méi séier gesond gëtt.  An enger Metaanalyse am Clinical Nutrition vun 2019 koum eraus, dass geziilt Ernärungsinterterventiounen d’Spidolsopenthalter em 2 bis 3 Deeg kënne reduzéieren. Etude weisen, dass Patiente mat enger gudder Ernärung no enger Operatioun nees méi séier op d’Bee kommen an dass se manner dacks Komplikatiounen hunn ewéi Infektiounen oder Dekubitus. Wann een ze wéineg ësst an der Klinik, dann huet ee méi e grousse Risiko fir Komplikatiounen ze hunn, bis hin zu enger méi héijer Stierflechkeet. Virun allem al a schwéierkrank Patiente profitéiere vun enger individuell ugepasster Ernärung, fir de Muskelverloscht an d’Mangelerscheinungen ze verhënneren. An der Etude The American Journal of Clinical Nutrition vun 2020 ass erwise ginn, dass eng Ernärung mat vill Eewäiss bei Patienten an der Klinik de Stierflechkeetstaux signifikant erofsetzt. Eng gesond Ernärung mat Omega-3-Fettsaieren, Antioxidanten a Ballaststoffer ënnerstëtzt d’Immunsystem a reduzéiert Entzündungen. Dëst ass besonnesch wichteg bei Kriibspatienten, Patiente mat chronesche Krankheeten oder no Operatiounen. Natierlech wierkt eng gesond Ernärung sech och op d’Laun aus, op de Schlof an op d’allgemengt Wuelbefannen.

Allerdéngs héiert een ëmmer nees, dass d’Iessen an de Klinicken zu Lëtzebuerg net gutt wär. Weder d’Qualitéit vum Iessen, nach de Choix wier zefriddestellend. Zum Beispill géingen d’Patienten dacks wäisst Brout ze iesse kréien, woubäi ee weess, dass Vollkarbrout vill méi gesond ass. Et héiert een och, dass de Plateau an d’Kummer bruecht gëtt a relativ séier nees ewechgeholl gëtt.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet follgend Froe stellen:

  • Wéi gëtt an de Klinicken garantéiert, dass d’Qualitéit vum Iessen an de Choix fir d‘Patienten zefriddestellend ass?
  • Ass d’Madamm Minister der Meenung, dass d’Klinicke genuch Budget kréie fir d’Moolzechten?
  • Sollt net emol eng Analyse gemaach gi vun de Moolzechten, dem Choix, der Qualitéit an dem Närwäert?
  • Wéi ass d’Kachen an den eenzelne Klinicken organiséiert? Gett sur place gekacht, oder gëtt d’Iesse vu bausse geliwwert ?
  • Gëtt opgepasst, dass virun allem regional Produiten am Iesse verwennt ginn a wann nee, firwat net?
  • Gëtt besonnesch bei vulnerabele Leit, respektiv bei Kanner oder eelere Leit opgepasst, dass si genuch iessen? 
  • Gëtt konsequent den Ernärungszoustand vu Patienten am Spidol erfaasst, fir hinnen eng méiglechst ugepasst Molzecht ubidden ze kënnen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...