Wéi ass d’Entwécklung vun de Fleeschpräisser?

De Präis vu ville Fleeschzorten ass an de leschte Woche staark geklommen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wëlle vum Landwirtschaftsminister wëssen, wéi dës Entwécklung konkret war, wie vun dësen Hausse profitéiert a wat fir e Roll d'Ukrainkris spillt

„De Präis vun eenzelne Fleeschzorten ass an de leschte Woche staark geklommen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  1. Kann den Här Minister eis d‘Entwécklung vun de Fleeschpräisser zanter Oktober 2021 retracéieren? 
  2.  Sollten d‘Präisser staark geklomme sinn, wee profitéiert a wat fir engem Mooss vun dësen Haussen? 
  3. Explizéiert d‘Ukrainkris aleng firwat dës Präisser geklomme sinn?“

Äntwert

1) Kann den Här Minister eis d‘Entwécklung vun de Fleeschpräisser zanter Oktober 2021 retracéieren?

Am lëtzebuerger Verbraucherpräisindex (indice des prix à la consommation national – IPCN) sinn d’Liewensmëttel mat 11.4% ee wichtegen Deel. Am sougenannte Wuerekuerf, deem seng Präisser suivéiert ginn, sinn och verschidden Zorte Fleesch integréiert, sou dass et méiglech ass, d’Evolutioun vun deene Produkter vu Mount zu Mount ze retracéieren.

Vun Oktober 2021 bis Mäerz 2022 sinn d’Präisser vun de Liewensmëttel am allgemengen ëm 3.4% geklommen. D’Präisser fir Fleesch sinn an deem Zäitraum ëm 4.1% geklommen. Am Wuerekuerf gëtt et och eng detailléiert Ënnerdeelung vun de verschiddene Fleeschzorten, do stellt een déi stäerkste Präishausse fir d’Schofs- a Geessefleesch fest mat iwwer 9%. Präisser fir Rëndsfleesch a Kalleffleesch sinn an de 5 Méint tëschent Oktober 2021 a Mäerz 2022 ëm 4.4% geklommen, an déi fir Schwéngefleesch ëm 2.8%.

Grafik 1: Entwécklung vun de Verbraucherpräisser zu Lëtzebuerg

Source: STATEC

2) Sollten d‘Präisser staark geklomme sinn, wie profitéiert a wat fir engem Mooss vun dësen Haussen?

D’Marge vun de verschiddene Produzenten an Distributeure ginn am Verbraucherpräisindex net observéiert. Et kann een awer dervun ausgoen, datt de Käschtendrock sech vergréissert huet, zum Beispill wéinst méi héijen Energie-, Fudder- a Verpakungspräisser.

Um Niveau vun de Schluechtpräisser sinn zu Lëtzebuerg zanter Enn 2021 verschidde Steigerungen ze verzeechnen (cf. Grafik 2).

Grafik 2: Entwécklung vun de Schluechtpräisser zu Lëtzebuerg

De Krich an der Ukrain ass de 24. Februar ausgebrach, zu engem Zäitpunkt, wou d’Kollekte vum Verbraucherpräisindex fir de Mount Februar schonn ofgeschloss war. Ee méiglechen Impakt vun der Ukrainkris ass also fréistens an den Zuele vum IPCN vum Mäerz 2022 ze gesinn. Vu Februar op Mäerz ass d’Fleesch am Verbraucherpräisindex ëm 2.1% geklommen.

Am Mäerz ass de Weltmaartpräis vum Fleesch laut der Food and Agriculture Organization of the United Nations (FAO) ëm bal 5% am Verglach zu Februar geklommen. Als Grond gëtt eng limitéiert Offer fir Rand-, Gefligel- a Schwéngefleesch  bei enger staarker Nofro[1] genannt.

3) Explizéiert d‘Ukrainkris eleng, firwat dës Präisser geklomme sinn?“

Präisser bei de Liewensmëttel gi wéi bei alle veraarbechte Produkter engersäits duerch d’Zesummespill vun der Offer an der Demande vum Produit selwer bestëmmt an anerersäits duerch d’Hierstellungskäschte vun de Produkter. Aus der Entwécklung vun de Quantitéiten u geschluechte Karkasse léist sech d‘Aktivitéit an de Schluechthaiser am ausgewielten Zäitraum novollzéien, an do gesi mir däitlech, datt vum Oktober iwwer de Joreswiessel bis Enn Mäerz quasi eng konstant Aktivitéit stattfonnt huet (cf. Grafik 3). Wa mir dervun ausginn, datt genuch Fleesch fir d’Weiderveraarbechtung do war, dann ass dervun auszegoen, datt d’Ukrainkris mat hire staarken Auswierkungen op e.a. d’Energiepräisser sécher e groussen Deel vun der Hausse ausmécht. Eng kloer Ausso, op et eleng doduerch ze erklären ass, léist sech awer net sécher maachen.

Grafik 3: Entwécklung vun de Schluechtmengen zu Lëtzebuerg no Kategorien (logarithmesch Axe)


[1] Cf. https://www.fao.org/worldfoodsituation/foodpricesindex/en/

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...