Wat soll mam Max-Goergen-Haus geschéien?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Haus vum Schrëftsteller Max Goergen, dat dem Staat gehéiert an denkmalgeschützt ass, eidel steet. Dowéinst wollt hie vun den zoustännege Ministere wëssen, wat mam Haus geschéie soll a firwat sech bis lo nach näischt gedoen huet.

« Et ass mer zu Ouere komm, dass d’Max-Goergen-Haus zu Wëlwerwolz, dat dem Staat gehéiert an denkmalgeschützt ass, aktuell eidel steet.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen :

  • Wat sinn d’Ursaache firwat dat Haus bis ewell keng nei Destinatioun fonnt huet ?
  • Musse Restauratiounsaarbechten duerchgefouert ginn ? Wa jo, goufen déi schonn evaluéiert ? Wat ass d’Positioun vu Sites et Monuments an deem Kontext ?
  • Wat fir Projete ware scho mol ugeduecht ginn, hunn awer missen annuléiert ginn ?
  • Wier et eventuell méiglech eng Wunneng an dësem Haus ze schafen, wann et net fir aner Zwecker (kultureller, edukativer, etc.) genotzt ka ginn ?
  • Gouf et an deem Sënn scho Gespréicher mam Logementsministère ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...