Wat gëtt géint d’Kaméidisbelästegung duerch Motorrieder ënnerholl?

D'Belästegung duerch de Kaméidi vu friséierte Motorrieder ass ëmmer nees en Thema, besonnesch wärend der gudder Joreszäit. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wat d'Police dogéint ënnerhëlt.

„Ëmmer nees fille sech Awunner duerch de Kaméidi vu verschiddene Motorrieder belästegt, grad am Fréijoer a Summer wou nees méi Motosfuerer ënnerwee sinn. Dat schued och dem Ruff vun deene Motorradsfuerer, déi sech ganz responsabel op eise Stroosse verhalen. An deem Kader ass den Norde vum Land bekanntlech eng beléiften Destinatioun fir de Motorradtourismus, besonnesch deen aus eisen Nopeschlänner.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Motoräder sinn zanter Juni 2020 a Juni 2022 op eise Stroosse kontrolléiert ginn?
  • Wéi vill vun dëse waren a puncto Sécherheet a Kamdéi net konform zu de virgeschriwwene Reegelen?
  • A wat fir enge Landesdeeler bzw. op wat fir enge spezifische Strecke sinn dës Kontrolle gemaach ginn?
  • Wéi vill auslännesch Motorrieder si protokolléiert ginn? Wéi héich ass hiren Undeel ënner alle protokolléierte Motorrieder?
  • Huet d’Police an de leschte Joere spezifesch Kontrollen a Wunnquartieren gemaach a puncto Kaméidibelästegung duerch getunte Motorrieder?
  • Ass virgesinn, fir an noer Zukunft verstäerkt sou Kontrollen duerchzeféieren?

Äntwert

Ad 1):

D’Police féiert keng Statistiken iwwer d’Zuel vu Kontrolle vun engem spezifeschen Typ vu Gefierer. Statistike vu Verkéierskontrollen erméiglechen awer festzestelle wéi vill Infraktioune vun engem spezifeschen Typ vu Gefierer konstatéiert an duerch en Avertissement taxé sanktionéiert goufen. Datebanken erlaben et och net automatiséiert rauszefannen, ob ee selwechte Chauffeur fir e puer Infraktioune sanktionéiert gouf. Ënnert all deene Reserve kann ee festhalen, dass an der Period vu Juni 2020 bis Juni 2022 insgesamt 2468 Avertissements taxés géint Motosfuerer ausgestallt goufen.

Ad 2):

Vun de 2468 Avertissements taxés sinn der ronn 900 wéinst diverse Sécherheetsmängel a Kaméidi ausgestallt ginn.

Ad 3):

Am Kader vu hiren deeglechen Aufgabe féiert d’Police am ganze Land Verkéierskontrollen duerch, woubäi e besonnesche Fokus ob déi accidentogène Strecke gesat gëtt. An de Summerméint gi verstäerkt Motorradskontrolle gemaach, virun Allem am Norden an am Oste vum Land op méi touristesche Strecken.

Ad 4)

55 % vun den Infraktioune goufen tëschent Juni 2020 a Juni 2021 bei auslännesche Motorradsfuerer festgestallt.

Ad 5):

D’Police féiert all Dag am ganze Land Verkéierskontrollen duerch. Heibäi gi verschidde Krittäre berécksiichtegt, ënnert anerem d’Accidentologie, d’Auswäertunge vun eisen automatiséierten Zielungen, Doleance vu lokalen a regionalen Autoritéite fir d‘Emplacementer vun de Kontrollen ze bestëmmen.

Wéi schonn an der parlamentarescher Fro No. 6407 vum 27. Juni 2022 vum honorabelen Deputéierte Mars Di Bartolomeo erkläert, verfüügt d’Police net iwwert déi néideg technesch Equipementer, fir spezifesch Kontrolle betreffend Kaméidibelästegung ze maachen. Dowéinst ass dat da bis elo just punktuell an an Zesummenaarbecht mat Experte vum MMTP, SNCA an TÜV Rheinland gemaach ginn.

Ad 6):

Aktuell verfüügt d’Police iwwer keng Informatiounen déi verstäerkt Kontrolle géingen erfuerderlech maachen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Een Etablissement public fir d’Bluttspenden ?

D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Gérard Schockmel hunn der Gesondheetsministesch Froen zum annoncéierten Etablissement public fir d’Bluttspende gestallt.
Déi liberal Deputéiert froen ënnert anerem, ob et net méi sënnvoll wier all d’Fraise vun der Croix-Rouge fir de Service vum Bluttspenden ze iwwerhuelen, amplaz een Etablissement public ze schafen?
A wat geschitt mam Espace fir d’Bluttspend, deen am neie Siège vun der Croix-Rouge um Houwald geplangt ass, wann d’ Rout Kräiz de Service vum Bluttspenden net méi iwwerhëlt ?

weiderliesen...

Ass déi finanziell Bedeelegung vum Staat fir d’Bluttspenden ze niddreg?

D’Croix-Rouge mécht mat der Organisatioun vum Bluttspenden dëst Joer nees een Defizit. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob de Staat seng finanziell Bedeelegung net erhéije sollt, ob Lëtzebuerg ëmmer iwwer genuch Bluttreserve verfüügt, an ob weiderhin d’Croix-Rouge eleng d’Bluttspenden am Land organiséiere soll.

weiderliesen...

Wat ass de Stand vum Absenteismus hei a Lëtzebuerg?

A villen europäesche Länner geet den Taux vum Absenteismus an d’Luucht. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi den Absenteismus sech a Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wat d’Erklärunge fir d’Absencë sinn a wat aktuell do dergéint ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Ginn ëmmer méi Leit vermësst ?

D’Vermësstemeldunge schéngen a leschter Zäit ëmmer weider zouzehuelen. Besonnesch Kanner a Jugendlecher ginn ëmmer méi gemellt. Wéi hunn d’Zuelen sech entwéckelt a wisou kënnt et zu dësem Phänomen? Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...