„Nodeems d’Akerbauschoul op Gilsdrëf geplënnert ass, sollen déi fréier Gebaier zu Ettelbréck renovéiert ginn. Am Haaptgebai ass zanter engem Dräivéierelsjorhonnert eng Gedenkplack ubruecht, déi un déi 29 gefale Schüler aus dem Zweete Weltkrich erënnert.
An deem Kader wollt ech der Madamm Kulturministesch an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Ass et virgesi fir dës Gedenktafel z’erhalen a si am Kader vum Gebai, dat spéider an d’Hänn vum Lycée technique Ettelbréck iwwergoe wäert, als wäertvolle Patrimoine ze klasséieren?
- Vu datt et wuel séier schwéier wäert gi fir dës Plack ouni Schued aus dem Gemaier erauszetrennen, ass et virgesi fir eng änlech Plack am neie Gebai vun der Akerbauschoul zu Gilsdref opzehänken, fir datt esou d’Erënnerung un déi wärend dem Krich gestuerwe Jongen net verluer geet a weider eng passend Plaz fir Gedenkzeremonië bestoe bleift?“