Wat ënnerhëlt Lëtzebuerg fir d’Unerkennung vum Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau virunzebréngen?

Am aktuelle Koalitiounsaccord schwätzt sech d'Regierung dofir aus, den Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau unzëerkennen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat da bis lo konkret an déi Richtung ënnerholl ginn ass.

« Lors de l’assemblée des États parties au Statut de Rome en décembre dernier, la Belgique a plaidé pour l’élargissement des compétences de la Cour pénale internationale pour y inclure le crime d’écocide, c.-à-d. la destruction volontaire de systèmes écologiques causant des dégâts graves et durables à l’écosystème terrestre.

Par ailleurs, en ce qui concerne le Luxembourg, l’accord de coalition actuel affirme que : « La reconnaissance de l’écocide en droit pénal international sera soutenue. »

Dans ce contexte nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes et à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

– Quels efforts ont été entrepris jusqu’à présent par le Luxembourg au niveau européen et international afin de faire reconnaître l’écocide dans le droit européen et international ?

– Est-ce que le Luxembourg participe dans des groupes de travail internationaux pour développer un concept juridique précis d’écocide ainsi que des pistes pour son mise en application ? Dans l’affirmative, quel en est l’état des travaux ?

– Madame la Ministre juge-t-elle opportun l’introduction de la notion d’écocide dans la législation nationale, à l’instar des initiatives en France et en Belgique ? Dans l’affirmative, est-il prévu d’élaborer un projet de loi ? »

Äntwert

Lëtzebuerg géif déi international Reflexiounen zu deem Thema vun Noem suivéieren, grad ewéi déi verschidden Initiativen op nationalem an internationalem Plang, sou d’Ministeren an hirer Äntwert. Wat d’Aféierung vun der Notioun vum Ekozid a lëtzebuergescht Recht ugeet, sou wier et awer nach ze fréi fir eng Decisioun ze huelen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...

Kënnt eng Apdikt op Bettenduerf ?

2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn a kéinten nach weider Gemengen eng nei Apdikt kréien?

weiderliesen...

Aféierung vun engem Depistage fir Hautkriibs ?

Zanter 2008 gëtt et an Däitschland een Depistage fir Hautkriibs fir all Assuré ab 35 Joer. Doduercher gi vill Fäll vun Hautkriibs méi fréi entdeckt.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Zuele vun Hautkriibs sech hei am Land zanter 2013 entwéckelt hunn, ob esou een Depistage och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier a firwat just d’Zuele fir schwaarzen Hautkriibs erhuewe ginn.

weiderliesen...