Wat ënnerhëlt d’Ministesch géint déi laang Delaien bei den Ordonnancë fir e PCR-Test oder fir sech z’isoléieren?

Well et aktuell zu gréissere Retarde beim Auststelle vun den Ordonnancë fir den Isolement, fir d’Quarantainen a fir PCR-Tester kënnt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.

Et ass eis zu Ouere komm, dass et aktuell zu gréissere Retarde beim Auststelle vun den Ordonnancë fir den Isolement, fir d’Quarantainen a fir PCR-Tester kënnt.

Et ass net onüblech, dass déi Concernéiert mat méi wéi enger Woch Retard hier Ordonnance kréien, dass si sech an Isolement solle beginn, also zu engem Zäitpunkt wou si eigentlech schonn nees aus dem Isolement eraus komme kéinten. Zum Deel stëmmen dann d’Datumer net mat der Dauer vun der Zäit iwwereneen, wou sech déi Concernéiert an Isolement begi sollten.

D’Helpline vun der Santé ass dobäi oft net accessibel, esou dass déi Concernéiert ouni Informatiounen zeréck bleiwen.

Dëst féiert zu enger grousser Veronsécherung an der Bevëlkerung, besonnesch well déi Concernéiert op d’Ordonnancen ugewisen sinn fir e Recht op de Congé fir familiär Grënn ze kréien oder sech bei hire Patronen ofmellen ze kënnen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Gesondheetsministesch dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, säit wéini huet d’Gesondheetsministesch Kenntnis vun dëse Retarde bei der Inspection Sanitaire?
  • Wéi vill Ordonnancë sinn an deene vergaangenen zwou Woche mat Verspéidung, d.h. mat engem Delai vu méi wéi 24 Stonnen no der Deklaratioun vun engem positiven Test un déi concernéiert Persoune verschéckt ginn?
  • Wéi laang sinn aktuell d’Delaien an der Moyenne fir déi jeeweileg Ordonnancen auszestellen ?
  • Wéi vill Ordonnancë mussen, Stand haut, nach erausgeschéckt ginn?
  • Wéi gesinn d’Prozedure fir d’Ausstelle vun den Ordonnancen aus? Ass virgesinn, d’Prozeduren z’acceleréieren ugesiichts vun der aktueller Situatioun?
  • Wa jo, wéi eng Upassunge si geplangt, a wéi séier gedenkt d’Madamm Ministesch dës Situatioun ze revidéieren ?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...