Wat ass geplangt, fir d’Verkéierssécherheet op der Léier ze verbesseren?

Op der Léier tëscht der Hierheck a Groussbus kënnt et ëmmer nees zu geféierleche Situatiounen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat geplangt ass fir d'Verkéierssécherheet op där Plaz ze verbesseren.

Op der Léier tëscht der Hierheck a Groussbus ass et viru kuerzem zu engem Accident komm, wéi eng Persoun un der Hierheck erfort koum an eng aner Persoun bei engem Haus eraus gefuer ass. Et gëtt op dësem Lieu-dit effektiv e Problem vu Visibilitéit. D’Situatioun ass esou oniwwersiichtlech, datt reegelméisseg do Accidenter geschéien, zemol well sech net ëmmer un déi virgeschriwwe Vitess gehale gëtt.

Zwar huet sech duerch de Radar ënnen ob der Léier d’Situatioun verbessert, ma uewen ob der Kräizung N12-CR345 fir op Dellen gëtt dacks nees op d‘Gaspedall gedréckt.

Viru Jore war geplangt ginn fir ob dëser Kräizung déi ganz Situatioun ze änneren bzw. ze verbesseren, mee et ass bis elo nach näischt geschitt. Et wier awer Terrain do fir ze tauschen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Gëtt et mëttlerweil eng konkret Léisung fir d’Situatioun op der Léier z’entschäerfen?
  • Wa jo, bis wéini kéint ee Projet ëmgesat sinn?“

Äntwert

Gëtt et mëttlerweil eng konkret Léisung fir d’Situatioun op der Léier z’entschäerfen?

Et ass richteg, dass virun ongeféier 20 Joer op der Léier eng Etüd gemaach ginn ass, fir d’Ausfaart vum CR345 op d’N12 ze verleeën fir angeeblech d’Visibilitéiten ze verbesseren.

Am Kader vun dëser Etüd huet sech awer rausgestallt, dass déi geplangten Ännerung d’Siicht a Richtung Westen éischter verschlechtere géif.

Vu dass op dëser Platz statistesch keng Accidenter enregistréiert gi sinn, an och keng aner Verbesserung méiglech ass, gouf dës Etüd net weider gefouert.

Op dëser vum honorabelen Deputéierte beschriwwener Plaz ass awer vun der Hierheck respektiv vun Groussbus kommend d’Beschëlderung am leschte Joer adaptéiert ginn, déi d’Automobilisten engersäits un déi maximal erlaabte Geschwindegkeet erënnert an anersäits op d’Gefor vun erausfuerderenden Autoen hiweist (allgemeng Gefor Beschëlderung A,21 completéiert duerch d’Zousaztafel “sortie de véhicules”).

Wat d’Accidenter ubelaangt, sinn déi meescht (méi schwéier) ongeféier 500 Meter méi wäit wech a Richtung Groussbus geschitt. Säitdeem de Radar am Joer 2019 op dëser Plaz installéiert ginn ass, ginn et awer och hei keng weider Virfäll méi.

Et bleift ze bemierken, dass eventuell Kontrolle bei Verstéiss géint de Code de la Route op dëser Plaz, wéi zum Beispill d’Iwwerschreide vun der maximal erlaabter Geschwindegkeet op der Héicht vu der Kräizung fir op Dellen, een Deel vun de Missioune vun der d’groussherzoglecher Police duerstellt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...