Gemengebudget 2025 : Héichten an Déiften !

D’DP Fraktioun am Walfer Gemengerot steet kloer hannert den Ustrengungen, déi aktuell fir den Ausbau vun der Sportinfrastruktur ënnerholl ginn. Hei schéngt d’Philosophie vun der Majoritéit quasi deckungsgläich mam DP Programm ze sinn: Nei Vestiairë fir de Football, eng renovéiert Volleyballshal an 2 gedeckten Tennisterrainën sinn nëmmen e puer Beispiller. Och wann eng Tribün fir de Football nach feelt, ass den aktuelle Programm awer an der Rei. D’Zesummenaarbecht mat de Veräiner sollt elo och am Alldag am géigesäitege Respekt weidergefouert ginn.

Leider gesäit d’Situatioun bei de Schoule manner gutt aus. Scho säit iwwer 6 Joer fuerdert d’DP Fraktioun eng substantiell Vergréisserung vun der Schoul an der Maison Relais zu Bärel. Bis elo gouf et just Studien, elo kennt en Architekteconcours derbäi, awer d’Bauphase kéint fréistens circa 2028 ufänken. Ze spéit, opgrond vum Plazmangel an der Schoul an och an der Maison Relais!

A Punkto Uertsentwecklungsplang (PAG) gëtt et leider net vill Neies. Wéi schonn an der leschter Legislaturperiod gëtt d’Oppositioun och elo erëm op d’Zukunft vertréischt. En neien Urbanisatiounsplang géif awer d’Bebauung rechtssécher maachen a wär e kloer definéiert Konzept. Leider ass och 2025 am Budget just Geld fir Studie virgesinn.

D’DP Fraktioun freet zanter laangem méi Transparenz fir d’Bierger/innen. Duerfir wëlle mir zum Beispill, dass d’Gemengerotssëtzunge per Livestream (Audio a Video) live iwwerdroe gi mat enger Replay-Archivfunktioun. Fir de Schäfferot ass dat awer keng Prioritéit an esou ass keen eenzegen Euro am Budget fir dëse Plus un Transparenz virgesi.

Obwuel et e puer gutt Usätz ginn, konnt d’DP-Walfer genau wéi déi ganz Oppositioun de Budget 2025 net matstëmmen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp