Elo och endlech zu Walfer!

Endlech och zu Walfer! Nodeems op Initiative vun der DP Walfer de Gemengerot a senger Sëtzung am Abrëll eng Resolutioun ugeholl hat, déi den CSV/Déi Gréng Schäfferot opfuerdert Subventioune fir Solaranlage fir Privatleit ze accordéieren, koum Beweegung an den Dossier. Walfer war jo eng vun den eenzege Gemengen am Land, déi keng esou Subsiden hat. Tatsächlech stoung dëse Méindeg am Gemengerot en ëmfaassend Subsidereglement um Ordre du Jour, wou et net nëmmen em d’Solartechnik geet, mee em Subventioune fir all Zort vun nohaltege Geräter a Bebauung! D’Subsideregelement gouf unanime ugeholl.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp