Wäerten d’Führerschäinsexamen am Éislek nach just an der Nordstad ofgehale ginn?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass de Führerschäinsexamen am Nordbezierk nach just an der Nordstad ofgehale soll ginn. Dowéinst wollt hie vum zoustännege Minister wëssen, ob dëst tatsächlech sou virgesinn ass.

„Zanter Joerzéngte ginn d’Führerschäinsexamen an der Nordspëtzt vum Land zu Wooltz an an der direkter Ëmgéigend ofgehalen. Dat erspuert deene Jonken aus de Kantone Wooltz a Clierf wäit Weeër bis an d’Nordstad. Lo soll et awer an noer Zukunft sou sinn, datt dës Exame just nach am Kanton Dikrech sollen ofgehale ginn.

Well d’Schülerinnen an d’Schüler beschtméiglech op hir praktesch Prüfung virbereet solle ginn, missten si da meeschtens am Raum Nordstad mat der Autoschoul trainéieren. Fir déi Jonk aus dem Éislek an dem Réidener Kanton bedeit dat awer een enormen Zäitopwand, well se dacks 40 bis 50 Kilometer fuere mussen, bis datt si zu Dikrech oder Ettelbréck ukomm sinn; kaum ze schwätze vum zousätzlechen Trafic, deen doduercher entsteet.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Stëmmt et, dat d’Exame fir de Führerschäin am Nordbezierk an Zukunft nëmmen nach an der Nordstad ofgehale solle ginn?
  • Wa jo, ass den Här Minister net bereet, fir dës Entscheedung am Sënn vun der Dezentraliséierung a vu manner Ressourceverbrauch ze iwwerdenken?
  • Ass et méiglech fir zesumme mat der Stad Wooltz nei Raimlechkeeten ze sichen, déi et erlaben, dës praktesch Examen weiderhin an der Ardennenhaaptstad z’organiséieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...