Wäert den E-Kommissariat vun der Police ausgebaut ginn?

Den E-Kommissariat vun der Police gëtt et elo zanter dem 27. Juli 2018. Dee Portail huet net nëmmen de Virdeel, datt méi Polizisten um Terrain kënne sinn, mee och datt d’Leit sech net méi mussen deplacéieren, fir Plainten oder bestëmmten Deklaratiounen ze maachen. An deem Kader hunn eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn den zoustännege Minister gebieden en éischte Bilan ze zéien.

„Den E-Kommissariat vun der Police gëtt et elo zanter dem 27. Juli 2018. Dee Portail huet net nëmmen de Virdeel, datt méi Polizisten um Terrain kënne sinn, mee och datt d’Leit sech net méi mussen deplacéieren, fir eng einfach Plainte oder e puer aner Deklaratiounen, wéi zum Beispill verlueren Objeten oder en einfache Vol ze maachen.

Déi zweet Hallschent vum Joer 2018 sinn direkt iwwer 1.000 Fäll online deklaréiert ginn. 2019 sinn eng 4.300 Affären iwwert den E-Kommissariat erakomm. Dem Aktivitéitsrapport vun der Police no sinn 2020 esouguer ronn 5.500 Affären iwwert dee Wee traitéiert ginn. No gutt dräi Joer wier et elo un der Zäit, fir en éischte Bilan ze zéien.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Entspriechen déi genannten Zuelen den initialen Erwaardunge vum Här Minister?
  • Hat d’Pandemie en Afloss op d‘Zuele vum leschte Joer? Wa jo, wéi bewäert de Minister dës Zuelen?
  • Gëtt eventuell dru geduecht, fir d‘Palett vun den Deklaratiounen, déi ee kann iwwert den E-Kommissariat mellen, ze vergréisseren?
  • Wa jo, wéi eng Deklaratioune wieren dat?
  • Wann net, wat sinn d’Grënn fir d’Palett  net auszebauen?
  • Wéi vill Persoune schaffen am Service, deen d’Deklaratioune vum E-Kommissariat verschafft?
  • Wéi laang dauert den Traitement vun den Affairen an der Reegel?
  • Gëtt eventuell dru geduecht, fir weidert Personal anzestellen? Wa jo, wéi eng Formatioun mussen déi Leit hunn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...