Wäermt vu Rechenzentren notze fir ze hëtzen ?

Duerch d'Entwécklung vun der KI gëtt ëmmer méi Rechekapazitéit gebraucht. Op verschiddene Plazen an der EU gëtt d'Wäermt vu Rechenzentre genotzt fir privat oder ëffentlech Gebaier ze hëtzen. D' DP - Deputéiert Corinne Cahen a Luc Emering hu bei de zoustännege Ministeren nogefrot, ob et zu Lëtzebuerg änlech Projeten oder Pläng gëtt, fir d’Wäermt vun existente Rechenzentren an ënnert anerem de Meluxina-Supercomputeren nohalteg ze notzen.

Fro

„Zanter Ufank des Jores si laut dem däitschen Energieeffizienzgesetz d’Entreprisen ab enger
gewësser Gréisstenuerdnung dozou verpflicht, de Volume vun der Wäermt (Abwärme), déi se
produzéieren, ze mellen. Nei Rechenzentren, déi an Däitschland no Juli 2026 a Betrib ginn, si
souguer dozou verpflicht, en Deel vun hirer Wäermt déi se produzéieren, weiderzeverdeelen.


Des Wäermt, déi vu Rechenzentre generéiert gëtt an am Moment dacks einfach an d’Loft geblose
gëtt, representéiert e grousst Potenzial, déi een notze kann, fir ganz Gebaier ze hëtzen. Fuerscher
vum Institut fir Energiewirtschaft vun der Universitéit Stuttgart behaapten, dass duerch
d’Entwécklung vun der KI een dovun ausgoe muss, dass sech d’Rechenzentrumskapazitéit bis
2030 verduebele soll, wéi och d’Produktioun vu Wäermt déi se generéieren.


A Stuttgart ass den Ausbau vun esou engem Rechenzentrum virgesinn. D‘Wäermt déi e generéiert
soll genotzt gi, fir d’Uni ze hëtzen. Heiduerch wëll een tëschent 40 a 50% un Energie, an deemno
och un CO2 Ausstéiss, spueren. Do wou een Uschloss un d’Wärmenetz méiglech ass, mengen
d’Fuerscher, dass verschidden däitsch Stied, eleng iwwer hir Rechenzentren, mat genuch Hëtzt
kënne versuergt ginn.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe
stellen:

  1. Ginn et aktuell Pläng oder Projeten zu Lëtzebuerg, fir Wäermt vun existente Rechenzentren
    ze notze fir ëeentlech oder privat Gebaier ze hëtzen?
  2. Lëtzebuerg huet schonn e puer Rechenzentren a Supercomputeren a kritt der nach e puer
    bäi an nächster Zäit: de Meluxina HPC, de Meluxina-AI an de Meluxina-Q produzéiere vill
    Wäermt. Huet de Minister an dësem Kontext Kontakt mat LuxConnect? Falls de Projet vum
    Rechenzenter vu Google géing kommen, gëtt do och dru geduecht, déi produzéiert
    Wäermt ze benotzen?
  3. Wéi schätzt de Minister d’Potential fir d’Notzung vu Wäermt vu Rechenzentren zu
    Lëtzebuerg an?
  4. Plangt d’Regierung Rechenzentren hei zu Lëtzebuerg dozou ze verflichten hir generéiert
    Wäermt nohalteg ze notzen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...