Verschmotzung vun der Uelzecht zu Schëffleng

Sonndegmoien, den 11. Februar 2024, gouf zu Schëffleng eng Verschmotzung vun der Uelzecht festgestallt. Fir d'Kontaminatioun ze stoppen, huet de CGDIS am Quartier Brill e Barrage installéiert. Den DP Deputéierte Gusty Graas huet de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot op d’Waasserwirtschaftsamt scho méi iwwert den Ursprong vun där Pollutioun erausfanne konnt, em wat fir eng Verschmotzung et sech genee handelt a wéini de Problem geléist wäert sinn, ob Schied un der Flora a Fauna entstan sinn an ob et e potentielle Lien mat der Verschmotzung vun der Uelzecht bei der Schëfflenger Kläranlag vum 13. Januar 2024 gëtt.

Fro

E Sonndegmoien, den 11. Februar 2024, gouf zu Schëffleng eng Verschmotzung vun der Uelzecht festgestallt. Fir d’Kontaminatioun ze stoppen, huet de CGDIS am Quartier Brill e Barrage installéiert.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

  1. Huet d’Waasserwirtschaftsamt scho kënne méi erausfannen iwwert den Ursprong vun där Pollutioun?
  2. Em wat vir enger Verschmotzung handelt et sech genee a wéini wäert de Problem geléist sinn?
  3. Si Schied un der Flora a Fauna entstan?
  4. Gëtt et e potenzielle Lien mat der Verschmotzung vun der Uelzecht bei der Schëfflenger Kläranlag vum 13. Januar 2024

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...