„Op der Streck tëscht Groussbus an der Hierheck (N12) kënnt et reegelméisseg zu Accidenter, virun allem well ze séier gefuer gëtt.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:
- Wéi vill Accidenter sinn op dëser Streck tëscht 2015 an haut gezielt ginn?
- Wéi dacks waren dës duerch ze héich Vitess bedéngt? Wéi dacks duerch iwwerméissegen Alkoholkonsum?
- Mat wat fir enge konkrete Moossname kéint een d’Automobiliste sensibiliséiere fir op dëser Streck méi verantwortlech ze fueren?
- Gëtt et eventuell plazeweis och ee Problem mat der Qualitéit vum Belag?“