Wat d’lescht Joer nach vum Tourismusminister Lex Delles als Campagne lancéiert gi war, fir d’Attraktivitéit vum Grand-Duché als Vakanzendestinatioun ze stäerken, war e Joer drop méi aktuell wéi jee. Aus der Nout eraus hu mir op eemol eist Land nei entdeckt.
Fir Reklamm fir eise schéinen Norden ze maachen, hunn ech mir dunn d‘DP-Sektioune gekroopt a si mam Hashtag #vakanzdoheem vu Veianen, iwwer d’Nordstad, duerch de „Wëlle Westen“, laanscht de Stau op Wolz, weider op Klierf a bis erop op Ëlwe gefuer. Iwwerall hu mir super- informéiert – a vun hirer Regioun begeeschtert – Memberen hir Liblingsaktivitéite verroden. Zesummen hu mir flott Plaze besicht, déi ech och als Meedchen aus dem Norden net all kannt hunn.
Zu Wolz sinn ech dem Henri Roemer fir d’lescht begéint, dee mir Wolz tëscht zwou Reeschaueren als attraktiv Vakanzendestinatioun gewisen huet. Vun him sinn och déi flott Fotoen, déi an de Videoe mat verschafft gi sinn.
9 kuerz Videoen, déi dir um Facebook vun der DP-Norden an op Youtube ofruffe kënnt.
All eise Memberen, déi sou äerdeg bei der Aktioun matgemaach hunn, op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci!
ANNE DAEMS