Fro
„Bongerten hunn en héije Stellewäert fir d‘Biodiversitéit zu Lëtzebuerg. Si stäerken net nëmmen de Klimaschutz, ma se sinn och essentiel fir den Aarteschutz, z.B. vu Fliedermais, Villercher oder vum Kéiseker, deen ëmmer méi bedreet ass. An deem Kontext ginn Efforte gemaach, fir d’Leit ze sensibiliséieren, ewéi zum Beispill mat der Aktioun „Kierfchen“ vum Natur – & Geopark Mëllerdall, déi d’Leit iwwer Bongerten informéiert. An den Naturschutz-Syndikat SICONA, deen sech ëm den Erhalt vu Bongerte bekëmmert, planzt jonk Uebstbeem, déi noutwenneg sinn, fir déi wäertvoll Biotopen z’erhalen. A Bayern ass en Aktiounsplang fir d’Erhale vun de Bongerte bis 2028 en Place gesat ginn.
An deem Kader wollten mir dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft folgend Froe stellen:
- Wéi huet sech d’Fläch vun de Bongerten hei zu Lëtzebuerg an de leschte Joren entwéckelt a wéi gesond sinn déi besteeënd Bongerten?
- Ginn et Initiative fir nei Bongerten unzeleeën?
- Ass den Ëmweltministère am Kontakt mat den Naturschutzsyndikater, fir d‘ Bongerte weiderhin z’erwéideren?
Wei gesäit et mat dem nationalen Aktiounsplang fir den Erhalt an d’Fërderung vun de Bongerten aus ?“
Äntwert
Aféirung
Laut dem geännerte groussherzogleche Reglement vum 1. August 2018 iwwert déi geschützte Biotopen an Habitater gëtt ee Bongert definéiert als Bestand vun op d’mannst 10 Uebst- oder Nossbeem mat Héichstamm, déi sech duerch hir Roll als landschaftsstrukturéirend Element oder als Liewensraum fir Aarten auszeechnen. Bongerten hunn eng wichteg Funktioun als ökologesche Korridor, a sinn oft e Reproduktiouns- an/oder Juegdhabitat vu raren oder bedrote Vullen- a Fliedermausaarten.
Wéi am éischten Nationalen Naturschutzplang (PNPN) virgesinn, goufen am Kader vun der Opstellung vum Oppelandbiotopkadaster an de Joren tëscht 2007 an 2012 d’Bongerten an der Gréngzon, also ausserhalb vum Bauperimeter, erfaasst. Laut der deemoleger Kartéierungsmethod hunn op d’mannst 25 Beem vum Bestand e Mindestalter vun 30 Joer missen hunn, an op d’mannst 50 Beem pro Hektar misse stoen. Déi sou erfaasste Biotope goufe, baséierend op follgende Krittären, der Aartevillfalt, der Struktur vum Biotop an dem Drock, deenen se ausgesat sinn, an dräi Kategorien agedeelt déi och hier jeeweileg ekologesch Qualitéit ausdrécken:
Kategorie A: Fläch vu regionaler oder nationaler Wichtegkeet. D’Fläch huet eng optimal Struktur, ass aarteräich a vegetatiounstypesch. Et si verschidde bedrot Aarten oder eng héich bedrot Aart präsent.
Kategorie B: Fläch vu lokaler Wichtegkeet. D’Fläch ass duerch liicht stéierend Aflëss beaflosst, bleift awer gutt strukturéiert a weist eng typesch Aartenzesummesetzung an/oder e puer bedrot Aarten op.
Kategorie C: Fläch déi an der Entwécklung ass oder restauréiert sollt ginn. D’Fläch ass staark negativ beaflosst. D’Vegetatioun ass typescherweis nëmmen op klenge vereenzelten Deeler present an/oder mat nëmme wéinegen Exemplaren oder marginaler Presenz vu bedroten Aarten.
Wéi huet sech d’Fläch vun de Bongerten hei zu Lëtzebuerg an de leschte Joren entwéckelt a wéi gesond sinn déi besteeënd Bongerten?
Baséierend op der Definitioun wéi an der Aféierung erkläert, goufen an der Period vun de Joren 2007 bis 2012 am ganzen 932 ha Bongerte (BK09) kartéiert, dorënner 326 ha an der Kategorie A, 439 ha an der Kategorie B an 167 ha an der Kategorie C.
Zënter dem Joer 2016 gëtt ee Monitoring vun de Biotope vum Oppelandbiotopkadaster op enger representativer Auswiel a mat enger kloer definéierter Methodologie duerchgefouert, woubäi déi bekannte Biotope reevaluéiert gi respektiv och nei Biotope kartéiert ginn. Mat der Aféierung vum geännerte groussherzogleche Reglement vum 1. August 2018 iwwer déi geschützte Biotopen an Habitater ass déi minimal Unzuel vu Beem déi ee Bongert muss virweise fir als Biotop kartéiert ze ginn op 10 reduzéiert, woufir d’Kartéierungsmethodologie fir d’Bongerten deementspriechend ugepasst huet misste ginn“”.
Dëse Monitoring erlaabt et, den Zoustand an d’Entwécklung vun de Biotopen um Lëtzebuerger Territoire ze iwwerwaachen. Fir d’Bongerte goufen an deem Kader 462 vun den 1029 ursprénglech erfaasste Flächen nei bewäert, wat ongeféier 44 % vun de Flächen entsprécht.
An der Hypothees datt déi net reevaluéiert Bongerten sech och net verännert hätten, géif den Oppelandbiotopkadaster laut de leschten Informatioune ronn 905 ha Bongerten, dorënner 339 ha an der Kategorie A, 430 ha an der Kategorie B an 136 ha an der Kategorie C ëmfaassen.
Sou wier also een Netto-Verloscht vu ronn 27 ha festgestallt. Markant ass datt haaptsächlech d’Bongerten an der Kategorie C verschwonne sinn, wärend d’Fläch vun de Bongerten an der Kategorie A dogéint ëm 12 ha gewuess ass. Allerdéngs erkläre verschidden enregistréiert Verloschter respektiv Zougewënner vu Flächen sech duerch Adaptatioune vun der Methodologie wéi hei uewen driwwer beschriwwen. Hei bleift ze preziséieren datt eng Neiuplanzung vun engem Bongert, no de Critère vum Biotope-Reglement, net direkt als Bongert consideréiert gëtt. Dofir geet déi entspriechend Fläch net esou séier an d’Luucht wéi nei Bongerten ugeluecht ginn. All déi wichteg Efforten déi momentan assuréiert gi fir nei Bongerten unzeplanzen, an déi an den nächsten Äntwerte beschriwwe ginn, spigelen sech nach net an dësen Zuelen erëm.
Ginn et Initiative fir nei Bongerten unzeleeën?
Jo. De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit (MECB) zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung, mat de Biologesche Statiounen an Naturparken a mat Naturschutzfondatiounen ënnerstëtzt ganz staark eng ganz Rei Projete bei deenen nei Bongerten ugeluecht ginn oder bestoend Bongerte gefleegt ginn. An deem Kader ginn dës Aktiounen iwwer de Règlement grand-ducal du 30 septembre 2019 concernant les aides pour l’amélioration de l’environnement naturel finanzéiert.
Et ginn och Initiative vu Gemengen déi op hiren Terrainen nei Bongerten uleeën, net ze lescht dank dem Naturpakt vum Staat mat de Gemengen. Och Privatleit froen iwwer dat hei driwwer genannten 2019er Subsidreglement finanziell Hëllefen u fir nei Bongerten unzeleeën. natur&Ëmwelt an d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur hunn och vill Projete wou si Bongerten uplanzen, oft mat Planzen aus hirer eegener Bamschoul (z.B. am aktuelle LIFE Projet “Bats&Birds”). Och am Kader vum neien Agroforst-Programm (eng Agrarëmwelt-Moossnam) ass ugeduecht nei Héichstämm-Uebstbeem ze planzen.
Am Joer 2023 hat de MECB ausserdeem en Appel à projets gemaach mat Ophänkert “Strukturen”. Dank dësem Appel à projets ginn iwwer den Ëmweltschutzfong (FPE) aktuell fënnef weider gréisser Projeten zur Restauratioun a Neischafung vu Bongerte vun diverse Partner (Naturverwaltung, natur&ëmwelt Fondatioun Hëllef fir d’Natur, SIAS, SICONA) finanzéiert.
Ass den Ëmweltministère am Kontakt mat den Naturschutzsyndikater, fir d’Bongerte weiderhin z’erweideren?
Jo, wéi aus der vireschter Äntwert ervirgeet ass den Ëmweltministère zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung net nëmme a Kontakt mat den Naturschutzsyndikater, mee den Ëmweltministère ass ouni Zweifel ee ganz wichtege Promoteur an deem Zesummenhang.
D’Fleeg an d’Nei-Uleeë vu Bongerten ass eng zentral Aufgab vun den Naturschutzsyndikater, déi och vill Zoustëmmung beim Grand Public an och bei hire Membersgemengen huet. De Joresprogramm vun den Naturschutzsyndikater dee mam Ëmweltministère ofgeschwat gëtt gesäit de Volet Bongerte vir a wéi scho virdru vermierkt, ginn eng ganz Rei Projete vun den Naturschutzsyndikater fir d’Bongerten ze erweideren iwwert den FPE finanzéiert.
Wei gesäit et mat dem nationalen Aktiounsplang fir den Erhalt an d’Fërderung vun de Bongerten aus?
Et gëtt zënter dem Joer 2013 en Aktiounsplang fir Bongerten (https://environnement.public.lu/damassets/documents/natur/plan_action_especes/vergers.pdf). Hei stiechen 2 Mesuren eraus fir d’Erhale vun de Bongerten: engersäits d’Fleeg vun alen Uebstbeem an anerersäits och d’Neiplanze vu Beem. Duerch d’Kartéierung am Kader vum Oppelandbiotopkadaster ass och bekannt wou déi al Bongerte sech befannen, fir datt des prioritär restauréiert kënne ginn.
Inspiréiert vum Aktiounsplang sinn am Kader vum neie Biodiversitéitssubside-Reglement (Règlement du 24 juillet 2024 relatif aux aides en faveur de la sauvegarde de la diversité biologique en milieu rural) fir d’Acteuren an der Gréngzon eng ganz Rëtsch Mesure virgesi fir Bongerten ze erhalen:
- V_1: Erhalen an extensiv Beweedung vu Bongerten;
- V_2: Restauréierung vu verbuschten an onbenotzte Bongerten;
- V_3: Fachgerechte Schnëtt vun alen Héichstämm-Uebstbeem eemol all 5 Joer;
- C_5: Neiuplanzung vu Beem mat Schutz géint Verbass, souwéi och eng Primm fir den Entretien déi éischt 5 Joer (Netzen, Wuerzelteller-Fleeg, Düngung, Erzéihungsschnëtt).
D’Detailer zu de Programmer fannt der an der Broschür:
Dobäi kommen déi verschidde biologesch Agrar-Ëmwelt-Moossnamen fir d’Exploitatioun vun Uebstanlagen (am Ertrag oder net am Ertrag) déi am Kader vum PSN (Plan stratégique national) ugebuede ginn, souwéi den Agroforst.
Produzenten, déi de Status vum aktive Bauer laut dem Agrargesetz (Loi du 2 août 2023 concernant le soutien au développement durable des zones rurales) hunn, kënnen och bei Bongerte mat méi ewéi 70 Uebstbeem/ha eng gekoppelt Bäihëllef ufroen. Des Weidere kënnen si och Bäihëllefe kréie fir Investitiounen am Beräich vun der Produktioun oder/an der Veraarbechtung vum Uebst.
Investitiounsbäihëllefen fir Veraarbechtungsentreprise wéi Vizereie oder Brennereie sinn och am Agrargesetz verankert. Eng ekonomesch intressant Notzung vum Uebst ass ee wichtege Pilier fir dass eis Bongerten erhale bleiwen.
Donieft gëtt et nach d’Aktioun “Gielt Band” fir d’Notzung vum Uebst aus de Bongerten ze promouvéieren https://antigaspi.lu/activities/de-projet-gielt-band/ souwéi d’Aktioun “Kierfchen” vum Natur- a Geopark Mëllerdall.