De Süde vum Land – a virop Esch-Uelzecht – stin am Mëttelpunkt vum europäesche Kulturjoer 2022.
Ee vun responsabele Leit hannert der Organisatioun ass den Escher Kulturschäffe Pim Knaff.
An der Hallschent vun Esch2022 zitt den DP-Deputéierten e méi wéi positive Bilan. D’Zesummenaarbecht mat den 10 Gemenge vu Pro-Sud géing optimal fonctionéieren an d’Manifestatioune wire gutt besicht. Iwwerdeems géingen d’Renovatiounen a d’Reaffectiounen z.B. vum Bruderhaus oder vum Ariston fir en neie Wand zu Esch suergen.
E ganz wichtegen Aspekt vum Kulturjoer ass awer den Ufank vun enger verbesserter Perceptioun vun Esch, déi Hand an Hand mat der wirtschaftlecher an touristescher Promotioun vun der Stad geet, esou de Pim Knaff: D’Kulturjoer stellt d’Weichen, op deene mer nom Kulturjoer musse virufueren. Mir musse vun der fräigesatener Dynamik an Energie profitéieren, fir den Image an d’Entwécklung vun eiser Stad an alle Beräicher virunzebréngen.
Fotoen: © Ville d’Esch-sur-Alzette/Emile Hengen