11 November 2024
Eis Deputéiert wollte vun der Agrarministesch a vum Ëmweltminister wëssen, wéi sech d'Fläch vun eise Bongerten entwéckelt huet an op et Kooperatioune mat Naturschutzsyndikater gëtt, déi virgesinn néi Bongerten entstoen ze loossen. Zousätzlech gouf och nogefrot wéi et mam nationalen Aktiounsplang fir d'Erhalen an d'Fërdere vun de Bongerte steet.
31 May 2024
Trifluoressegsaier (TFA) gëtt aktuell vun den europäeschen Autoritéiten als “net relevant” agestuuft, wat vum Europäesche Pestizid Aktiouns Netzwierk a senge Memberen, wéinst der Persistenz vun dëser Substanz an der Ëmwelt an déi mat dëser Saier verbonnenen Erausfuerderunge kritiséiert gëtt. Den DP Deputéierte Gusty Graas huet de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot ob hien eng Neibewäertung...
22 May 2024
Bei “Sturzregen” oder wann et laang um Stéck reent, klëmmt d’Tirelbaach bekanntlech séier aus hirem Bett, wou oft vill Kelleren iwwerschwemmt ginn. D’DP Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot ob d’Waasserwirtschaftsamt scho Studien duerchgefouert huet fir ze wëssen ob et Retentiouns- a Renaturéierungsméiglechkeeten gi fir d’Iwwerschwemmungen...
16 May 2024
Iwwert déi lescht Joren huet d’Zuel vun de Bëschbränn staark zougeholl duerch klimatesch Verännerungen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an Inneminister nogefrot, wéi sech d’Zuel vun de Bëschbränn an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wéi eng Plazen am meeschte betraff waren, wéi oft de CGDIS an den Asaz misst a wat fir präventiv Moossname...
03 May 2024
Säit dem 1. Mee 2024 goufen d’Juegdzäite fir bestëmmt Wëld verlängert fir d’Iwwerpopulatioun vu Wëlldéieren ze bekämpfen an d’Bëscher ze beschützen. D’DP Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot, wéi eng Zuele genau op eng Iwwerpopulatioun vum Wëld deiten, wéi eng Moossname virgesi si fir et de Jeeër z’erméiglechen hir Verpflichtungen ze erfëllen...
25 April 2024
De Gesondheetszoustand vun de Beem zu Lëtzebuerg huet sech staark verschlechtert. D’DP Deputéiert Gilles Baum a Luc Emering hunn de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot wat fir konkret Projete lafe fir dem verschlechternde Gesondheetszoustand an der verschlechternder Resilienz vun de Bëscher entgéintzewierken a wou déi lafen, wat virgesinn ass fir massiv nei unzeplanzen an de Verloscht...
23 April 2024
Invasiv Planzen an Déieren sinn eng Gefor fir eisen Ökosystem, well se sech massiv verbreeden an e grousse Schued uriichte kënnen. D’DP Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit nogefrot wat fir eng Planzen an Déieren hei zu Lëtzebuerg als „invasiv“ agestuuft goufen, wéi eng di aggressiivst sinn a wou se sech verbreeden, wéie Risiko dat fir d’Gesondheet...
18 April 2024
D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.
18 April 2024
D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hu sech beim Ëmweltminister renseignéiert, wéi vill Autorisatiounen fir Bauten an der Gréngzone an de leschte 5 Joer ugefrot a wéi vill Demanden refuséiert goufen, a wéini de Prinzip vum « silence vaut accord » bei den Autorisatiounsprozeduren wäert agefouert ginn.
21 March 2024
Déi “Asiatesch Horniss” zerstéiert zanter enger Rei Joren d’Beievëlker an der Westpfalz an ësst hiren Hunneg op. Vill Beievëlker am Rheinland-Pfalz sinn och vun der “Varroamilbe” befall. D’DP Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu bei der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau nogefrot, wéi vill Beievëlker an de leschte fënnef Joer der “Varroamilbe” zum Affer gefall sinn, ob déi “Asiatesch...
13 February 2024
An der Baach op der Vëlospiste tëscht Biissen a Colmer-Bierg gouf am Februar eng schaumaarteg Pollutioun entdeckt, déi vum Rouscht erof an d'Atert leeft. Den DP Deputéierten Gusty Graas huet de Minister fir Emwelt, Klima an Biodiversitéit gefrot ob d’Waasserwirtschaftsamt den Ursprong vun der Verschmotzung erausfanne konnt an ob Schied un der Flora a Fauna entstane sinn.
13 February 2024
Sonndegmoien, den 11. Februar 2024, gouf zu Schëffleng eng Verschmotzung vun der Uelzecht festgestallt. Fir d'Kontaminatioun ze stoppen, huet de CGDIS am Quartier Brill e Barrage installéiert. Den DP Deputéierte Gusty Graas huet de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot op d’Waasserwirtschaftsamt scho méi iwwert den Ursprong vun där Pollutioun erausfanne konnt, em wat fir eng Verschmotzung...
27 November 2023
An der Tribune Libre vun der DP schwätzt eisen Deputéierte Luc Emering dës Woch iwwert e moderne Naturschutz, deen net mat Feindbiller schafft a sech net an onwichtegen Detailer verrennt.
29 March 2023
D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte wëssen, wéi de Grondwaasserpeegel déi lescht Méint evoluéiert huet.
13 February 2023
Den Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi een Impakt d’Präsenz vu Waasserbüffelen op d’Waasserqualitéit vun der Syr huet. Wéi kann d’Syr besser geschützt ginn, a wat sinn d’Alternativen ?
08 February 2023
Nodeems d'Drosbech an der Industriezon zu Leideleng an der Lescht e puer Mol verknascht gi war, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nogefrot, wat déi genee Ursaachen dovu sinn a wéi eng Suitten dës Verknaschtunge wäerte kréien.
27 January 2023
Nodeems bei Maartel Bensin an d'Sauer gelaf ass, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nogefrot, wat d'Ursaach heifir wier a wéi een Impakt dës Verknaschtung op d'Sauer huet.
09 November 2022
Well aktuell zu Steenem e Säitenaarm vun der Sauer gebotzt gëtt, an et och op anere Plazen ubruecht wier, sou Aarbechten duerchzeféieren, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, op wéi engen anere Plaze geplangt ass d'Sauer ze botzen.
13 October 2022
D’Bauschuttdeponie vu Colmer-Bierg soll un hir maximal Kapazitéite gerode wat kéint bedeiten dass se schonn am Laf vum Joer 2023 misst hir Dieren zou maachen. Eisen Deputéierten André Bauler huet sech informéiert ob dës Informatioune stëmmen, a wou am Land nei Deponie virgesi sinn.
29 September 2022
Wat sinn d'Auswierkunge vun der Kerosensfuite zu Iechternacherbréck op d'Ëmwelt, a besonnesch op d'Sauer? D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
27 September 2022
D’Problematik vum Manktem u Bauschuttdeponien zu Lëtzebuerg ass zënter laangem bekannt. D’Konsequenze si laang Weeër fir d’Camioen, eng vergréissert Belaaschtung fir d’Ëmwelt, a méi Käschte fir d’Endclienten. Gëtt et Pläng fir d’Zukunft a wéi wëll een der Situatioun Meeschter ginn. Eisen Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Ministère nogefrot.
22 August 2022
Wéi kann sech eis Landwirtschaft un de Klimawandel upassen ? D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, ob et an deem Kontext eng Klima-Task-Force gëtt, déi zesumme mam Secteur no laangfristege Léisunge sicht ?
17 August 2022
D’DP steet fir eng ambitiéis an nohalteg Klima- an Energiepolitik, och an eise Gemengen.
Déi aktuell Energie-Kris huet d'DP-Gemengepolitiker nach eng Kéier doranner bestäerkt, fir hir lokal Efforten am Sënn vun engem nohaltegen a verantwortungsvollen Energieverbrauch auszebauen...
29 July 2022
De leschte Rapport vun der IPBES huet gewisen, wéi staark d'Mënschheet vu wëllen Déieren a Planzen ofhängeg ass. Virun der COP15 am Kanada iwwer d'Biodiversitéit hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn nogefrot, wéi eng Konklusiounen d'Regierung aus deem Rapport fir Lëtzebuerg zitt.
19 July 2022
D'EU wëll bis 2050 20% vun de landwirtschaftleche Fläche fir Biomass notzen an d'Importatioun vun Holz fir Energie ze produzéieren vervéierfachen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d'Regierung zu deene Pläng steet.
14 July 2022
Ee Joer nom Héichwaasser vum 14. a 15. Juli huet DP-Deputéiert Carole Hartmann ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot, wéi héich am Ganzen d'Schied um Gemengenniveau waren a wéi vill Gelder schonn un déi jeeweileg Gemengen ausbezuelt gi sinn.
29 June 2022
Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.
29 June 2022
Eng rezent däitsch Etüd ass zur Konklusioun komm, datt net d’Landwirtschaft, mä éischter d’Kläranlage fir d’Phosphorbelaaschtung vun de Gewässer responsabel sinn. Den DP-Deputéiert Gusty Graas freet d’Ëmweltministesch ob dës Konklusioun och kann op Lëtzebuerg iwwerdroe ka ginn a wéi héich d’Phosphat-Konzentratioun an eise Gewässer ass.
20 June 2022
Laanscht d‘Uelzecht an d‘Sauer schéngt eng ganz Rëtsch Beem krank ze sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.
13 June 2022
Wat bedeit eng Landwirtschaft ouni Kéi? Ginn domadder d’Emissioune vun Zäregasen erof? Huet dat aner Konsequenzen op d’Ernierungssécherheet. Amerikanesch Wëssenschaftler hunn dozou eng Etude gemaach. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet de Landwirtschaftsminister gefrot ob hien dës Etude kenne géif an ob déi selwecht Konklusioune fir Lëtzebuerg gezu kéinte ginn ?
25 May 2022
Aktuell ginn Etüde gemaach fir an Zukunft méiglecherweis Waasser aus der Musel zu Drénkwaasser opzebereeden. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot, wéini dës Etüden ofgeschloss wäerte sinn a wéi et ëm d'Waasserqualitéit vun der Musel steet.
24 May 2022
Wéi schonn 2018 an 2019, kënnegt sech och dëst Joer als aussergewéinlech dréchen un. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn der Ëmweltministesch dowéinst e puer Froe gestallt.
06 May 2022
De Wäschbier ass eng invasiv Spezies, déi sech zu Lëtzebuerg ëmmer méi ze verbreede schéngt. Ëmmer nees géif et zu Kontakter mat Mënsche kommen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn dowéinst nogefrot, wéi d'Populatioun sech entwéckelt huet an ob d'Mesurë fir d'Populatioun ze reguléieren och gräifen.
29 April 2022
An der Belsch geet d'Diskussioun ëm d'Endlagerung vun Atommüll an eng nei Phase. De geologesche Stockage schéngt beschlosse Saach ze sinn. D'DP Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot, wat d'Positioun vun der lëtzebuerger Regierung ass a wéi si an dee Decisiounsprozess agebonn ass.
11 April 2022
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot wéi et mat der Preventiounspolitik vum Wollef ausgesäit, nodeems e Schéifer an engem rezenten Zeitungsartikel seng Onzefriddenheet iwwert déi aktuell Politik betreffend dem Wollef zu Lëtzebuerg zum Ausdrock bruecht huet.
06 April 2022
Wéi laang ass bekannt, dass déi franséisch Juegdprüfung net eise Standarden entsprécht? Firwat ass eréischt elo d'Decisioun geholl ginn, déi franséisch Juegdprüfung net méi unzeerkennen? Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
04 April 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler huet de concernéierte Minister e puer Froen iwwer ë.a. den Zoustand vun de Bamalleeën uerchter d'Land gestallt.
30 March 2022
Wéi ass et méiglech, dass den Environnement d'Aarbechten un der Ettelbrécker Gare eréischt gestoppt huet, nodeems dës schonn ugefaang haten? Firwat goufen déi Schmuebelnäschter eréischt dunn entdeckt? Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot.
30 March 2022
Ëmmer nees gesäit ee Plazen an der Natur, wou Leit hire Knascht entsuergt hunn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn nogefrot, wéi vill där Fäll et an de leschte Jore gouf.
21 February 2022
Wéi et schéngt, ass et zu enger Verknaschtung vun der Musel op der Héicht vu Cattenom komm. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, fir weider Detailer ze kréien.
28 January 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéi et ëm d'Waasserqualitéit vun de Quellen zu Lëtzebuerg steet an ob schonn en Effekt duerch déi nei Waasserschutzzone festzestellen ass?
28 January 2022
Nom Héichwaasser vum leschte Juli hu vill Leit a Gemengen decidéiert, an Héichwaasserschutzmoossnamen z'investéieren, déi och vum Waasserfong finanziell ënnerstëtzt ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn ënnert anerem nogefrot, wéi vill Demandë scho rakomm sinn a wéi vill dovu schonn traitéiert goufen.
24 January 2022
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi et ka sinn, dass de Staat Hecken op engem Terrain, deen enger Gemeng gehéiert, ouni ze froen einfach ewechmécht.
24 January 2022
Wéi vill Fëschereilousen a -syndikater gëtt et zu Lëtzebuerg? Wat ass d'duerchschnëttlech Längt vun de Lousen? Wéi vill sinn der an de leschte Joren aus der Pacht erausgeholl ginn? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet der zoustänneger Ministesch eng Rei Froe gestallt.
19 January 2022
An hirem Prerapport kommen déi véier Memberstaaten, déi d'Verlängerung vun der Autorisatioun vum Glyphosat an der EU bewäerte sollen, zur Konklusioun, dass et kee Grond géif ginn, dat ëmstriddent Planzeschutzmëttel ze verbidden. Allerdéngs gëtt d'Expertise vun dësem Prerapport vu verschiddene Säiten a Fro gestallt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi d'Lëtzebuerger Regierung d'Saach gesäit...
10 January 2022
Fir d’Leit méi staark an d’Diskussioune ronderëm d’Klimapolitik anzebannen, hat de Premier Xavier Bettel am Oktober d’Schafe vun engem Klimabiergerrot annoncéiert - viru kuerzem huet hien déi genee Detailer dozou presentéiert. A senger Tribune libre geet de Generalsekretär vun der DP, de Claude Lamberty op dësen zu Lëtzebuerg eenzegaartege Projet an, an ënnersträicht d’Wichtegkeet vun enger ambitiéiser...
10 January 2022
Sou wéi et d'Directive cadre iwwer d'Waasser virgesäit, ass am Kader vum drëtte Plan de gestion eng ëffentlech Consultatioun organiséiert ginn, bei där souwuel Privatleit wéi och Gemengen hir Remarquen a Meenungen eragi konnten. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wat d'Resultat vun dëser Consultatioun ass.
05 January 2022
Viru Joren gouf de Projet vun enger Digue zu Clierf virgestallt, fir den Héichwaasserschutz an der Entrée vun der Uertschaft ze verbesseren. Well deen Dossier awer wéi et schéngt net richteg virugeet, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas nogefrot, ob de Projet nach ëmmer aktuell ass a wa jo, wou en drun ass.
03 December 2021
Duerch d'Héichwaasser vum Juli ass zu Veianen eng Mauer, déi eng Strooss stäipt, agefall. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wéini dëse Schued gefléckt gëtt.
02 December 2021
Wéi et schéngt si ronn 100.000 Liter Piff an d'Noutemerbaach bei Holtz gelaf. Den DP-Deputéierte Gusty Graas wollt dowéinst wëssen, wat d'Ursaachen heifir wieren a wéi eng Suitten dëse Virfall kritt.
30 November 2021
Wéinst dem héije Wëldschued hat d'Ëmweltministesch ufanks 2020 eng administrativ Juegd op d'Muffelen zu Iechternach ugekënnegt. Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet nogefrot, ob dës Juegd tatsächlech stattfonnt huet a wa jo, wat d'Resultat dovu war.
23 November 2021
Nom Héichwaasser vum Juli läit nach vill Knascht an eise Gewässer, zousätzlech zu Offall, deen d'Leit sou dra geheien. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dowéinst nogefrot, wéi den Entretien vun de Waasserleef koordinéiert gëtt an ob virgesinn ass deemnächst de Knascht ewechzemaachen.
16 November 2021
Duerch d'Héichwaasser vum leschte Juli sinn ë.a. zu Méchela Roulotten an d'Sauer geschwemmt ginn. Fënnef Méint méi spéit huet nach keen dës aus dem Floss gefëscht. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéini dës wechgeholl géife ginn.
11 November 2021
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et dem Japankiewerlek zu Lëtzebuerg steet : wat fir Kulture sinn am meeschten a Gefor ? Wat kann een eng Ausbreedung verhënneren a wou kann een sech melden wann een e Japankiewerlek entdeckt?
10 November 2021
Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill Déieren de Fuuss déi lescht Jore gerass huet a wéi héich de wirtschaftlech Schued ass, deen doduercher entstanen ass. Hien huet och nogefrot, wéi et aktuell ëm d'Krankheete steet, déi bei de geteste Fiiss festgestallt ginn, steet a wërft och d'Fro op, ob een net misst erëm de Fuussbestand reguléieren.
11 October 2021
D'marmoréiert Bamwanz ass en invasiivt Insekt aus Asien wat de Wënzer, Uebst- a Geméisgäertner vill Kappzerbrieches mécht. Dës Käffere kënnen effektiv ganz grouss Schied an de Wéngerten, Bongerten oder Geméisgäert uriichten. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustänneg Ministeren nogefrot, ob dës Käfferen sech och schonn zu Lëtzebuerg breet gemaach hunn an ob scho Schied an de Kulture...
30 September 2021
Mat enger Primm wëll den Ëmweltministère an Thüringen d'Leit encouragéieren, hir elektresch Apparater flécken ze loossen amplaz se wechzegeheien. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst nogefrot, ob dat net eng Pist wier, d'Kreeslafwirtschaft och hei zu Lëtzebuerg méi staark ze fërderen.
24 September 2021
D’Iwwerschwemmungen dëse Summer hunn eist Land onerwaart schro getraff. Am Verglach mat den Nopeschlänner, hat Lëtzebuerg Chance, dass kee Mënsch blesséiert ginn ass. Ma och bei eis hu sech dramatesch Zeenen ofgespillt an d’Waasser huet en enorme Schued gemaach. Dat zousätzlech zu enger Corona-Kris, déi scho fir sech eleng vill Leit a Betriber belaascht.
08 September 2021
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas weisen d’Ëmweltministesch dorop hin, datt an der Atert nach Bamstämm leien, déi eng Gefor fir d’SEBES-Bréck duerstellen. Si froen d’Ministesch dofir wat gemaach gëtt fir dës Gefor ze behiewen an ob et nach aner Plaze laanscht d’Atert ginn, wou ëmgefalle Beem zu Stau-Situatiounen am Fall vun Héichwaasser kéinte féieren?
31 August 2021
An Deeler vun Europa schéngen d’Recolte vu Kären a Gromperen ënnert dem Wieder vun de leschte Wochen staark gelidden ze hunn. Wéi eng Informatioun konnten d'Servicer vum Ministère diesbezüglech scho kréien a wéi eng Konsequenze ginn et fir zukünfteg Recolte. Eis Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
23 August 2021
Engem rezenten Zeitungsartikel no hätt den Ëmweltministère proposéiert, ganz Randschelt an eng Zone verte ze reclasséieren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn a wéi eng Auswierkungen sou Decisioune kéinten hunn, besonnesch wat méiglech Demanden no Schuedensersatz betrëfft.
19 August 2021
Zu Rëmeleng wëll d'CFL en historeschen Eisebunnstunnel opmaachen, d.h. de Buedem iwwer dem Tunnel ofdroen, fir d'Streck ze moderniséieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat fir en Impakt op d'Natur dës Aarbechten hunn.
29 July 2021
Duerch déi kierzlech Iwwerschwemmungen hu vill Fësch et net méi gepackt fir zréck an hir Baach oder hire Floss ze schwammen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet déi zoustänneg Ministesch ob si schonns d’Auswierkunge vun de rezenten Iwwerschwemmungen op den nationale Fëschbestand kennt an ob de Plan de repeuplement elo eventuell misst ugepasst ginn.
22 July 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas ass zu Ouere komm, dass et rezent zu enger Verknaschtung vun der Our bei Lieler komm wier. Si wollten dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob si weider Informatiounen zu dësem Virfall hätt.
22 July 2021
Kéint duerch d'Installatioun vu Polder, déi d'Waassermasse bei Héichwaasser opfänken, den Iwwerschwemmungsrisiko bei Flëss reduzéiert ginn? D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn nogefrot.
21 July 2021
Duerch d'Héichwaasser wieren och eng Rei Kläranlage beschiedegt ginn, soudass de Risiko bestoe géif, dass knaschtegt Waasser an d'Flëss leeft. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat tatsächlech de Fall ass, wéi eng Kläranlage betraff sinn, a wat den Impakt op d'Waasserleef ass.
19 July 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler a Guy Arendt ass zu Ouere komm, dass d’Sekretäre vun deene fréiere Juegdsyndikater net däerfen d’Kontosnummere vun de Bësch-, Wisen a Feldbesëtzer un déi nei Sekretäre rausgi wéinst dem Dateschutz. Dowéinst hu si bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi dëse Problem kéint behuewe ginn.
29 June 2021
Déi global Erderwiermung an ëmmer méi heefeg Dréchenten hunn negativ Konsequenze fir de landwirtschaftlechte Buedem zu Lëtzebuerg. Agroforstwirtchaft kéint eng Léisung sinn fir eisem Buedem géint d'Dréchent ze hëllefen. An dësem Kontext huet den DP-Deputéierten André Bauler de Landwirtschaftsminister no méi Informatioune iwwert Agroforstwirtchaft gefrot.
02 June 2021
Déi douce Mobilitéit weiderbréngen, de Mënsche méi Plaz am ëffentleche Raum ginn, d’Stad nach méi attraktiv maachen: Scho virun der Pandemie ass um Knuedler vill doru geschafft ginn, ma Covid huet ouni Zweiwel gehollef, fir Projeten nach méi séier ëmzesetzen.
02 June 2021
Eis Ëmwelt huet en direkten Afloss op eis Gesondheet – an dat a villerlee Hisiicht. Dat huet d’Covid-Pandemie däitlech gewisen. D’DP wëll dofir de Stellewäert vun der Ëmweltmedezin a vun der Gesondheetspolitik stäerken.
11 May 2021
Grouss Spigelen am Weltall, d'Verspreeë vu Partikelen an der Atmosphär oder d'Schafe vu kënschtleche Wolleke fir d'Sonn ze reflektéieren: Dat si just e puer Beispiller vum sougenannten "Geo-engineering", op dat verschidde Wëssenschaftler wëlle setze fir d'Äerderwiermung ze stoppen. Well d'Konsequenze vu sou déifgräifenden Agrëffer an d'Natur awer onberechenbar a souguer potenziell dramatesch kënne...
04 May 2021
D'Installatioun vun enger Reewaasseranlag, fir Reewaasser fir verschidden Zwecker ze notzen, ass eng Méiglechkeet fir Drénkwaasser ze spueren, grad wann Dréchent an Hëtzt dem Grondwaasser zousetzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hu beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et an där Hisiicht bei den ëffentleche Gebaier ausgesäit.
07 April 2021
Mam Wuesstem vun eiser Populatioun klëmmt och d’Quantitéit un Offall deen vun de Gemengenautoritéiten entsuergt muss ginn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ë.a. nogefrot, ob eventuell geplangt gëtt fir d’Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag zu Leideleng an der Décharge Muertendall ze erhéijen.
01 April 2021
Et ass gewosst, datt d’Fiiss oft Krankheeten iwwerdroen. Elo huet de Minsitère vun der Staute-Krankheet bei Fiiss gewarnt, déi och op d’Hënn iwwedrdroen ka ginn. Den DP-Deputéierte Guy Arendt freet bei den zoustännege Ministeren no, wéi vill Krankheeten déi lescht Jore bei Fiiss entdeckt goufen a wéi ee ka verhënneren datt dës Virus sech verbreeden.
24 March 2021
Virun allem am Wanter kënnt et ëmmer nees zu Verknaschtunge vun der Syr, déi op d'Entäise vun de Fligeren um Findel zréckzeféieren sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, op et Analyse gëtt, wéi staark d'Syr doduerch belaascht ass, a wat ënnerholl gëtt, fir d'Situatioun ze verbesseren.
23 March 2021
De Mouvement écologique huet kierzlech kritiséiert, datt de Wëldschued zu Lëtzebuerg ze héich ass a méi muss gejot ginn. Den DP-Deputéierte Guy Arendt proposéiert e puer Iddie wéi ee kéint d’Effikassitéit vun de Juegte verbesseren a freet d’Ëmweltministesch wat fir Mesuren si gedenkt ëmzesetze fir d’Juegd ze optimiséieren.

22 March 2021
D'Bëscher spillen eng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel. Gläichzäiteg setzen hinnen d'Drécheperioden an déi héich Temperaturen ëmmer méi zou. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill Demande fir eng Subventioun am Kader vum Programm "Klima-Bonus" deposéiert goufen, wéi wäit d'Aarbechten un der Reform vum Aidekatalog sinn a wéi et ëm verschidden...
04 March 2021
Am Aktiounsplang géint de Kaméidi bei grousse Verkéiersachsen ass a priori näischt virgesi fir de Lärmschutz laanscht d'A1 ze verstäerken. Der DP-Deputéiert Carole Hartmann ass awer zu Ouere komm, dass awer vill Leit, déi an der Géigend wunnen, sech weider Mesure géife wënschen. Dowéinst huet d'Carole Hartmann bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob net awer weider Mesure méiglech wieren.
24 February 2021
De Signalkrebs an de Kamberkrebs sinn zwou invasiv Aarten, déi sech a ganz Europa zënter Joren ausbreeden - dëst mat engem gravéierenden Impakt op déi lokal Ökosystemer. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Mesuren déi am Aktiounsplang virgesi sinn, bis lo de gewënschte Succès haten, wéi vill där Déieren an de leschte Jore konnte gefaangen oder...
22 February 2021
Wéi huet de Waasserstand am Stauséi an de leschte Joren evoluéiert? Wéi ass den Zoustand vun der Staumauer? Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot.
17 February 2021
D'Regierung hat leschte Summer e Pilotprojet annoncéiert fir d'Réikitzrettung per Dron virum Mädrescher z'ënnerstëtzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou dee Pilotprojet drun ass.
Wat ass d'Reaktioun vun der Ëmweltministesch op d'Demissioun vum President vun der Jeeërfederatioun?
10 February 2021
Als Grond vu sengem Récktrëtt gëtt de President vun der Jeeërfederatioun e Mangel u konstruktiver Zesummenaarbecht an e "Missachten" vu Säite vun der Ëmweltministesch vis-à-vis vun de Jeeër un. D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn nogefrot, wéi d'Ministesch zu de Virwërf steet a wéi d'Zesummenaarbecht an Zukunft verbessert soll ginn.
02 February 2021
Wéi aus engem rezenten Interview am Wort ervirgeet, hat d'Landwirtschaftskummer dem Ëmweltministère eng Etüd presentéiert iwwer déi héich Konzentratioun vu Phosphat am Stauséi an d'Ursaachen dovunner, déi bei verschiddene Kläranlagen an der Géigend géife leien. Well d'Kummer allerdéngs keng Reaktioun dorop kritt hätt, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
28 January 2021
Wéi et schéngt, ass de Goldschakal méiglecherweis eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg gesi ginn. D'DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn hu bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat den Impakt vu senger Presenz virun allem op d'Beutedéieren ass, a wéi et allgemeng ëm d'Bekämpfung vun den invasiven Déierenaarten hei am Land steet.
12 January 2021
Am aktuelle Koalitiounsaccord schwätzt sech d'Regierung dofir aus, den Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau unzëerkennen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat da bis lo konkret an déi Richtung ënnerholl ginn ass.
12 January 2021
Zu Lëtzebuerg gëtt et haut schonn d'Méiglechkeet, Waasser aus der Musel ze huele fir jonk Riewen ze nätzen, wann et ze waarm an dréchen ass. Dat lescht Joer ass keng Demande beim Waasserwirtschaftsamt rakomm, quitt dass de President vun de Privatwënzer an engem rezenten Interview awer dofir plädéiert huet. Wat ass de Grond dofir? Misst méi iwwer dës Méiglechkeet informéiert, respektiv den administrativen...
26 November 2020
Den Ëmweltministère consideréiert d'Juegd als "activité récrérative" an verbitt dowéinst d'Klappjuegte bis de 15. Dezember. Den DP-Deputéierte Guy Arendt freet bei der Ministesch no ob wat fir e legislativen Text si sech baséiert fir d'Juegd esou anzestufen. Dem DP-Deputéierten no, wier d'Juegd net explizitt iwwert dat neit Covid-Gesetz ofgedeckt an et misst ee weiderhi kënne Klappjuegten, mat der...