„Zënter Mëtt Januar ass d’Streck tëscht Clierf a Boxer (CR 334) fir den Traffic gespaart. Dofir mussen eng Rëtsch Schoulbussen, déi de Clierfer Lycée ufueren, en Ëmwee maachen, mam Resultat dass vill Schüler all Dag ze spéit an d’Schoul kommen.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wéi laang dauert de Schantjen, deen zu dëser Verspéidung féiert, viraussiichtlech nach?
- Wat ass virgesinn, fir d’Situatioun ze verbesseren an dofir ze suergen, dass d’Schüler mat Zäiten am Lycée sinn?
- Gouf et mëttlerweil eng Konzertatioun tëscht der Administration des Ponts et Chaussées, der Gemeng an dem Mobilitéitsministère zu deem Thema?“