Newsletter fir d’Gemeng Stroossen – September 2024


Léif Biergerinnen a Bierger vu Stroossen,

Nom Superwaljoer 2023 huet sech déi politesch Landschaft national a kommunal verännert. D’Majoritéit vun CSV an DP huet sech op Landesniveau etabléiert an zu Stroossen ass d‘DP ob en Neits als stäerkste politesch Kraaft aus de Wale vum 11. Juni ervirgaang. Mee och déi Kéier gouf dem Wieler säin Optrag net honoréiert an d’DP ass aus dem Schäfferot erausgehale ginn, well sech eng Majoritéit aus CSV, LSAP an Déi Gréng forméiert huet.

Op der Generalversammlung vum 21. Februar 2024 huet de Comité vun der DP Stroossen mir säi Vertrauen ausgeschwat a mech zum President gewielt. No méi wéi véier Joer als Sekretär freeën ech mech, fir des nei Funktioun z’iwwerhuelen. Ech kucke gären op déi gutt Zesummenaarbecht mat onser viregter Presidentin, der Lise Jørgensen, zeréck. Des Weidere freeën ech mech op eng gelonge Kooperatioun mat onsem neie Sekretär Yannick Huss a mat onsem dynamesche Comité.

Och am Gemengerot wëll ech mech konstruktiv mat menge Kolleege Martine Dieschburg,  Marc Fischer, Nicolas Kandel a Lise Jørgensen fir d’Wuel vun de Stroossener Biergerinnen a Bierger asetzen: Mat Energie, Pragmatismus a Wäitsiicht wäerte mir innovativ Propose fir eng konstruktiv Oppositiounspolitik maachen, fir eis Gemeng no vir ze bréngen. 

Mir soe jidderengem Merci, deen eis d’Vertraue geschenkt huet a sinn natierlech op fir all Suggestiounen, Iddien a Propose fir am Comité matzeschaffen!

Mat liberale Gréiss

Dan Thein, President

Léif Biergerinnen a Bierger vu Stroossen,

Mäin Numm ass Yannick Huss an ech wunnen zënter 2018 an eiser schéiner Gemeng Stroossen.

Ech si bestuet a Papp vun zwee wonnerbare Kanner. Et ass fir mech ganz wichteg, sech an der Gemengepolitik z‘engagéieren, fir d’Liewensqualitéit zu Stroossen ze verbesseren an d’Suerge vun de Biergerinnen a Bierger direkt ze vertrieden. Duerch mäin Engagement wëll ech d’Zukunft vun eise Kanner gestalten, Transparenz fërderen a positiv an dauerhaft Ännerungen ënnerstëtzen. D’Verbesserung vun de Fräizäitméiglechkeeten an den Erhalt vun eise wäertvolle Gréngflächen ass fir mech besonnesch wichteg. 

Ech wëll dofir d‘Leit encouragéieren, sech politesch z’engagéieren, och wann et emol  Sproochebarrièrë ginn. All Stëmm zielt, an zesumme kënne mir vill erreechen.

Yannick Huss, Sekretär

Stroossen Zentrum

De 24. Abrëll 2023 war en Atelier fir en neien Duerfzentrum z’entwéckelen. D’Konklusioun vun dësem Austausch mat de Bierger weist, datt trotz intensiven Diskussiounen nach vill Froen onbeäntwert bleiwen an et u konkreten Äntwerte feelt:

Wéi schonn a onsem Walprogramm ernimmt, ass d’DP der Meenung, dass Stroossen onbedéngt e séchere Passage iwwert d’Areler Strooss brauch.

Soll d’Rue des Romains am Zentrum vu Stroossen komplett, nëmmen deelweis oder guer net fir de Verkéier gespaart ginn? Dës Fro stellen sech vill Stroossener Bierger an eng zefriddestellend Léisung fir den Transitverkéier ze limitéieren ass net presentéiert ginn.

Wéi soll e liewegen Duerfzentrum ausgesinn? Dofir brauch een en attraktiven ëffentleche Raum mat Plazen, wou een sech treffen an Iddien austausche kann; mat Kannerspillplazen a Gréngflächen an natierlech och Geschäfter, Restauranten, Caféen a soss Servicer. Dofir si mir der Meenung, datt virum Centre Barblé och soll eng zesummenhängend Plaz entstoen.

Dat muss natierlech ofgeronnt gi vun engem duerchduechte Mobilitéitskonzept, deen alle Verkéiersbenotzer gerecht gëtt a fir Sécherheet suergt!

D’DP fuerdert e grëndlech ausgeschaffte Masterplang fir den Zentrum vu Stroossen! All Fakte mussen hei gekläert ginn, besonnesch wann et ëm den Autosverkéier, de Busverkéier an de Schoultransport geet. Nieft de besteeënde Schoule kënnt nach en neit Gebai um aktuelle Fussballterrain derbäi. E Parkplazkonzept muss och ausgeschafft ginn: (Behënnerteparkplazen, Parkgarage oder en ënnerierdesche Parking, Busparkplazen…).

Mir brauchen eng kloer Richtlinn, nëmmen esou kënne mir d’Zukunft vun eisem Duerfkär nohalteg gestalten!

Firwat net dezentraliséiert?

Stroossen wiisst a wiisst. Bis haut liewe méi wéi 10.500 Leit hei. Wier et also net wënschenswäert, verschidden Infrastrukturen net nëmmen am Zentrum unzebidden, mä och d’Areal ronderëm d’Karatehal auszebauen? Et wier och denkbar, e gréisseren a méi moderne Centre Culturel ze bauen (den aktuelle Centre Barblé ass quasi komplett ausgelaascht). Dës dezentraliséiert Plaz kann esou de Verkéier am Zentrum reduzéieren. Ausserdeem kéinten hei och aner Sportsanlagen gebaut ginn, wéi zum Beispill en Tennisterrain. D’Plaz wier och gëeegent fir de laang erwaarte Bau vun engem neie Scoutschalet.

Stroossen : Verkéier a Kaméidi ouni Enn!

D’Awunner vu Stroossen hunn es definitiv genuch!

Dag fir Dag rulle Kolonnen Autoen duerch eist Duerf, provozéiere laang Stauen a beträchtlech Loftverschmotzung a mir gi vu konstantem Kaméidi berieselt, bedéngt duerch eben déi Haaptverkéiersachsen déi duerch eis Uertschaft féieren.

De PNM 2035 (Plan National de Mobilité 2035) sollt dem fréierem Minister Bausch no eng Léisung fir Stroossen bréngen, deem ass awer net esou oder zumindest dans l’immédiat net esou. Zënter der Virstellung ugangs 2023 ass nach guer näischt geschitt!

Mir brauchen elo, zäitno Léisungen, déi zumindest en Usaz sinn fir eise n Biergerinnen a Bierger ze weisen, dass si der Regierung net egal sinn, an dass Problemer vu Stroossen eescht geholl ginn.

Mir brauche séier en efficace Lärmschutz laanscht d’Autobunn, eng Reduzéierung vun der Vitess um Tronçon Mamerbréck bis hanner Stroossen, grad esou ewéi e Flüsterbelag op där Plaz.

D’Autoe mussen och éischter ofgefaangen a ronderëm Stroossen geleet ginn an den Tram misst esou séier wie méiglech bis bei de CHL an am beschte bis op den Tossebierg geluecht ginn!

D’DP Stroossen wäert all Initiativen déi vum Schäffen- a Gemengerot geholl ginn, hisiichtlech enger Léisung vun deem Problem, ënnerstëtzen. Ganz  am Sënn vun enger Verbesserung vun der Liewensqualitéit an eiser Uertschaft!

Schoul

Nach virun der Corona-Kris gouf zu Stroossen de Projet fir eng nei Schoul lancéiert. Dëst neit Gebai soll um aktuelle Futtballsterrain entstoen an d’Schoul an d’Maison Relais ënnert engem Dach vereenen.

Ganz ënnert dem Schierm vun der partizipativer Demokratie gouf en Aarbechtsgrupp mat Acteure vum Terrain an aus der Lokalpolitik geschafen an interessant Visitten an Austauschgeleenheeten geschafen.

Dono goung keng weider Réckmeldung oder Demande no Avis’en beim Aarbechtsgrupp an.

Am Abrëll 2024 gouf sech an der Press mat dem Projet gebretzt. Op dëser Plaz „Chapeau“ un den Architektebureau de sécherlech eng modern Schoul op de Pabeier bruecht huet, awer och de bekanntlech labbere Portmonnie vun der Stroossener Gemeng am Hannerkapp hat.

Wa mir eis de Projet ukucken da stellen sech eis follgend Froen:

Ass dëse Projet mat der néideger Wäitsicht an Ugrëff geholl ginn? Wou leien déi noutwenneg Etuden, déi erlaben haut schonn ze wëssen, wéi d’Stroossener Bevëlkerung an hier Quartieren sech alterstechnesch entwéckelen, a wéi vill Schoulraum an Zukunft gebraucht gëtt? Mir wëllen haut keng Schoul bauen, déi muer schonn ze kleng ass!

Wouhi mam Verkéier ? Parallel gëtt jo anscheinend un dem ominéise Projet „Duerfkär“ weidergeschafft. Mir vermëssen en eenheetlecht Konzept beim Ausschaffe vun de Projet’en „Schoul“ an „Duerfkär“. Op der enger Säit hu mir nach kee Konzept vun der Verkéiersféierung duerch den Duerfkär op d’Bee gestallt, op der anerer Säit gi scho Pläng fir eng Schoul präsentéiert, déi méi Verkéier duerch d’Duerf generéiert.

Wat genee ass dann elo d’Roll vun dem Aarbechtsgrupp? Aus demokratesch Partei begréisse mir ganz kloer all Initiativ vu Participatioun. Awer mir stellen eis och d’Fro op déi Participatioun an dësem Fall net mat de Féiss getrëppelt gëtt, wann dem Aarbeschtgrupp weder de „Cahier de Charge“ virgestallt gëtt, nach duerft hien en Avis zu deenen agereechte Projet’en ofginn.


Le mot du président Dan Thein

Chères citoyennes et chers citoyens de Strassen,

Après l’année électorale de 2023, le paysage politique, tant au niveau national que communal, a changé. La majorité CSV-DP s’est établie au niveau national et à Strassen, le DP est de nouveau sorti comme la première force politique des élections du 11 juin. Cependant, le mandat des électeurs n’a encore une fois pas été honoré et le DP a été exclu du collège échevinal, car une majorité CSV-LSAP-Déi Gréng s’est formée.

Lors de l’Assemblée générale du 21 février 2024, le comité du DP Strassen m’a accordé sa confiance et m’a élu comme président. Après plus de quatre ans en tant que secrétaire, je me réjouis d’assumer cette nouvelle fonction. Je garde un excellent souvenir de la bonne collaboration avec notre ancienne présidente, Lise, au cours des dernières années. De plus, je me réjouis d’une coopération fructueuse avec notre nouveau secrétaire, Yannick Huss, ainsi qu’avec notre dynamique comité DP !

En tant que conseiller municipal, je souhaite également contribuer de manière constructive à la vie politique de notre commune. Nous, les cinq conseillers municipaux engagés du DP, Martine Dieschburg, Marc Fischer, Nicolas Kandel, Lise Joergensen et moi-même, continuerons à nous dévouer avec tout notre cœur pour le bien-être des citoyennes et citoyens de Strassen. Et ceci de manière compétente, pragmatique et clairvoyante en faisant des propositions innovantes et en essayant de tirer le meilleur parti des nombreux projets à venir.

Nous remercions tous celles et ceux qui nous ont accordé leur confiance et nous sommes naturellement ouverts à toutes suggestions, idées ou propositions de votre part pour en discuter au sein du comité !

Avec mes salutations libérales,

Dan Thein

Président

Chères citoyennes et chers citoyens de Strassen,


Je m’appelle Yannick Huss, et je vis dans notre belle commune depuis 2018. Je suis marié et père de deux merveilleux enfants. Il est très important pour moi de m’impliquer dans la politique locale pour améliorer la qualité de vie de notre communauté et représenter directement les préoccupations des citoyens. Par mon engagement, je veux façonner l’avenir de nos enfants, promouvoir la transparence et apporter des changements positifs et durables. Ce qui me tient particulièrement à cœur, c’est d’améliorer les possibilités de loisirs et de préserver nos précieux espaces verts.

Je veux également encourager tous les citoyens à s’engager politiquement, même en présence de barrières linguistiques. Chaque voix compte, et ensemble, nous pouvons accomplir beaucoup.

Yannick Huss Secrétaire

Le centre de Strassen

Le 24 avril 2023, un atelier a été organisé pour élaborer un nouveau centre de village. La conclusion de cet échange avec les citoyens révèle que, malgré d´intenses discussions, de nombreuses questions restent sans réponse et qu’il manque des solutions concrètes:

Comme il l´avait déjà mentionné dans son programme électoral, le DP estime que, pour favoriser la cohésion de notre localité, il est indispensable de créer un passage sécurisé pour traverser la route d’Arlon.

La rue des Romains dans le centre de Strassen doit-elle être complètement, partiellement ou pas du tout fermée à la circulation ? Cette question divise les opinions et aucune solution satisfaisante pour limiter le trafic de transit n’a été présentée.

À quoi devrait ressembler un centre de village animé ? Un espace public attractif doit inclure des lieux de rencontre et d’échange, des aires de jeux pour enfants et des espaces verts, ainsi que des commerces, des restaurants, des cafés et d’autres services. Par conséquent, nous pensons qu’un espace cohérent doit être créé devant le Centre Barblé.

Cela doit, bien sûr, être complété par un concept de mobilité bien réfléchi, qui répond aux besoins de tous les usagers de la route et garantit la sécurité !

Le DP demande l’élaboration d’un plan directeur pour le centre de notre localité ! Tous les faits doivent être clarifiés, notamment en ce qui concerne la gestion du trafic automobile, du trafic de bus et du transport scolaire. Une nouvelle école sera ajoutée aux écoles existantes sur l´actuel terrain de football en gazon. Un concept de stationnement doit également être élaboré : places de parking pour handicapés, parking souterrain ou de surface, places pour les bus, etc. Nous avons besoin d’une ligne directrice claire pour pouvoir façonner l’avenir du centre de notre village de manière durable !

Pourquoi ne pas décentraliser ?

Strassen continue de croître. À ce jour, plus de 10 500 personnes y vivent. Ne serait-il donc pas souhaitable de proposer certaines infrastructures non pas uniquement au centre de la localité mais aussi d’étendre davantage la zone autour du Hall national des arts martiaux ? Il serait envisageable de construire un nouveau Centre culturel plus grand et moderne (le Centre Barblé actuel est saturé). Cette localisation décentralisée pourrait ainsi réduire le trafic au centre du village. De plus, d’autres installations sportives pourraient y être construites, comme des terrains de tennis. Cet emplacement conviendrait également parfaitement à la construction tant attendue d’un nouveau local pour les scouts.

Stroossen : Circulation et bruit à n’en plus finir!

Les habitants de Strassen en ont définitivement assez !

Jour après jour, des colonnes de voitures traversent notre village, provoquent de longs embouteillages et une pollution atmosphérique considérable, En plus,nous sommes constamment exposés au bruit causé par ces axes de circulation principaux qui traversent notre localité.

Le PNM 2035 (Plan National de Mobilité 2035) devait, selon l’ancien ministre Bausch, apporter une solution pour Strassen, mais ce n’est pas le cas ou du moins pas dans l´immédiat. Depuis sa présentation début 2023, il ne s’est encore rien passé !

Il nous faut des solutions rapides qui soient au moins un point de départ pour montrer aux citoyens de Strassen qu’ils ne sont pas indifférents au gouvernement et que leurs problèmes sont pris au sérieux.

Nous avons besoin le plus vite possible d’une protection acoustique efficace le long de l’autoroute, d’une réduction de la vitesse sur le tronçon de Mamerbréck jusqu’au-delà de Strassen ainsi que d’un revêtement silencieux à cet endroit.

Les voitures doivent également être déviées en amont à l´extérieur de la localité et le tramway doit être amené au plus vite jusqu’au CHL et idéalement jusqu’au Tossebierg !

Le DP Stroossen soutiendra toutes les initiatives prises par le collège échevinal et le conseil communal en vue de résoudre ce problème dans l’intérêt de l’amélioration de la qualité de vie dans notre localité !

Ecole

Avant la crise du Covid, un projet pour une nouvelle école a été lancé à Strassen. Ce nouveau bâtiment doit être construit sur le terrain de football actuel et réunira l’école et la Maison Relais sous un même toit. Sous l’égide de la démocratie participative, un groupe de travail composé d’acteurs du terrain et de la politique locale a été créé, et des visites intéressantes et des opportunités d’échange ont été organisées. Par la suite, il n’y a eu aucun autre retour ou demande d’avis de la part du groupe de travail.

En avril 2024, le projet a été vanté dans la presse. À cet endroit, “chapeau” au bureau d’architectes qui a certainement mis sur papier une école moderne, mais aussi en tenant compte du portefeuille notoirement généreux de la commune de Strassen.

Lorsque nous examinons le projet, les questions suivantes se posent :

Ce projet a-t-il été entrepris avec la prévoyance nécessaire ? Où sont les études nécessaires qui permettent de savoir dès aujourd’hui comment la population de Strassen et ses quartiers vont se développer en termes d’âge, et combien d’espace scolaire sera nécessaire à l’avenir ? Nous ne voulons pas construire une école aujourd’hui qui sera déjà trop petite demain !

Et la circulation ? Il semble que parallèlement, le projet mystérieux du “cœur de village” continue d’avancer. Nous manquons d’un concept unifié pour l’élaboration des projets “école” et “cœur de village”. D’une part, nous n’avons pas encore de concept pour la circulation à travers le cœur du village, et d’autre part, des plans pour une école qui générera plus de trafic à travers le village sont déjà présentés.

Quel est exactement le rôle du groupe de travail ? En tant que parti démocratique, nous saluons clairement toute initiative de participation. Cependant, nous nous demandons si cette participation n’est pas piétinée dans ce cas, étant donné que le groupe de travail n’a pas eu accès au ‘Cahier de Charge’, ni la possibilité d’émettre un avis sur les projets proposés.


Dear citizens of Strassen,

After the super election year 2023, the political landscape – both on national and municipal level – has changed. The CSV-DP majority has established itself at the national level and in Strassen DP once again emerged as the strongest political force at the elections of June 11, 2023. But also this time the voters’ request was not honored and DP was held out of the College of Aldermen, because the parties CSV-LSAP-Déi Gréng formed a majority.

At the Ordinary General Meeting held on February 21, 2024, the committee of DP Strassen expressed its confidence in me and elected me as chairman. After more than 4 years as secretary, I look forward to taking over this new function. I look back with pleasure on the good cooperation with our previous chairman, Lise Jørgensen, in the past years. Furthermore, I am looking forward to a successful cooperation with our new secretary, Yannick Huss, as well as with our dynamic DP committee !

Also, as a councilor, I will contribute constructively in the municipal council. The 5 dedicated municipal councilors of the DP, Martine Dieschburg, Marc Fischer, Nicolas Kandel, Lise Jørgensen and myself, will continue to work with heart and soul in the best interests of the citizens of Strassen in the coming years and will make and try out innovative proposals with competence, pragmatism and foresight in order to make the best out of the many projects that exist.

We would like to thank everyone who has given us their trust and we are of course open to any suggestion, idea or proposal for us to work on in the committee!

With liberal regards, Dan Thein

Dear citizens of Strassen,

My name is Yannick Huss, and I have been living in our beautiful community since 2018. I am married and a father of two wonderful children. It is very important to me to get involved in local politics to improve the quality of life in our community and directly represent the concerns of the citizens. Through my engagement, I aim to shape the future for our children, promote transparency, and bring about sustainable, positive change. It is particularly close to my heart to enhance recreational opportunities and preserve our valuable green spaces.

I also want to encourage all citizens to get involved in politics, even if language barriers exist. Every voice matters, and together we can achieve a lot.

Centre of Strassen

On April 24, 2023, a workshop was held to develop a new village centre. The conclusion from this exchange with the citizens shows that, despite intensive discussions, many questions remain unanswered and there is a lack of concrete answers:

As already mentioned in its election program, DP is of the opinion that, in the interests of our town getting connected, we absolutely need a safe crossing on the Route d’Arlon.

Should the Rue des Romains in the centre of Strassen be completely closed for traffic – or only partially or not at all? This question divides the opinions and a satisfactory solution to limit transit traffic has not been presented.

What should a lively town centre look like? An attractive public space with places to meet and exchange ideas and with childrens’ playgrounds and green spaces naturally also includes shops, restaurants, cafés as well as other services. That is why we are of the opinion that a connecting square should be created in front of the Center Barblé.

This must of course be rounded off by a well-thought-out mobility concept that is fair to all road users and ensures safety!

DP is calling for a thorough master plan to be drawn up for the centre of our town! All facts must be clarified here, mainly in terms of how to deal with car traffic, bus traffic and school transport. In addition to the existing schools, another one will be built on the current grass football field. A parking space concept must also be created: disabled parking spaces, a parking garage or an underground parking, bus stops…

We need a clear guideline, as this is the only way we will be able to shape the future of our town centre sustainably!

Why not decentralize?

Strassen keeps growing; to date, more than 10,500 people live here. Would it therefore not also be desirable to offer appropriate infrastructure not only in the centre, but also to expand the area around the karate hall? A new, larger and more modern Cultural Centre could also be considered (the current Center Barblé is bursting at the seams). This decentralized location can reduce traffic in the centre. Furthermore, additional sports facilities could be built here, such as a few tennis courts. The location would also be ideal for the long-awaited construction of a new facility for the scouts.

Strassen: Endless traffic and noise!

The inhabitants of Strassen have definitely had enough!

Day after day, columns of cars are rolling through our town, causing long traffic jams and considerable air pollution and we are bombarded by constant noise, caused by the main traffic axes that lead through our commune.

The National Mobility Plan 2035 (PNM 2035 – Plan National de Mobilité 2035) should, according to the former Minister Bausch, provide a solution for Strassen, but this is not the case, or at least not so in the immediate future. Since the presentation of the plan at the beginning of 2023, nothing has happened yet !

We need timely solutions now, which are at least an attempt to show our citizens of Strassen that the government cares about them and that their problems are taken seriously.

We urgently need an effective noise protection along the highway, a reduction of the speed limit in the section Mamerbrück extending to behind Strassen as well as a low noise asphalt in that section.

The cars must also be intercepted earlier and be diverted around Strassen and the tram network must as soon as possible be extended to the CHL and preferably to Tossebierg!

DP Strassen will support all initiatives taken by the Aldermen and the Municipal Council in regard to finding a solution to this problem in order to improve the quality of life in our commune !

New School

Before the Corona crisis, a project for a new school was launched in Strassen. This new building is to be constructed on the current football field and will house both the school and the Maison Relais under one roof.

Under the umbrella of participatory democracy, a working group with actors from the field and local politics was created, and interesting visits and exchange opportunities were established. After that, there was no further feedback or request for opinions from the working group.

In April 2024, the project was boasted about in the press. At this place, “hats off” to the architectural firm that certainly brought a modern school to paper, but also had the notoriously loose purse strings of the Strassen municipality in mind.

When we look at the project, the following questions arise:

Has this project been approached with the necessary foresight? Where are the necessary studies that allow us to know today how the population of Strassen will develop in terms of age, and how much school space will be needed in the future? We don’t want to build a school today that is already too small tomorrow!

What about traffic? Work apparently continues on the ominous “village centre” project. We miss a unified concept in the development of the “school” and “village centre” projects. On one hand, we still have no concept for the traffic routing through the village centre, and on the other hand, plans for a school that generates more traffic through the village are already being presented.

What exactly is the role of the working group now? As Democratic Party, we clearly welcome any initiative for participation. However, we also question whether this participation is being trampled on in this case, when the working group is neither presented with the “Cahier de Charge” nor allowed to give an opinion on the submitted projects.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp