Gëschter hate mir d’Freed der Association Asha4Children e Scheck vu 500 € z’iwwerreechen; dëse Montant gouf wärend eisem DP Quizowend gesammelt. Och wann dës Zomm bescheiden ass, weist se Engagement a Solidaritéit fir déi Wärter, déi eis um Häerz leien.

Mir hoffen datt dësen Don hir Projeten ënnerstëtzt, an si sou hir wesentlech Aktioune weiderféiere kennen. Och hoffe mir datt dësen Don anerer encouragéiere wäert d’Initiative vun Asha4Children z’ënnerstëtzen an déi selwecht Generositéit ze weisen.

Notiz fir Quiz-Enthusiasten: D’Editioun 2025 fënnt de 15. Januar 2025 statt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp