Asha4Children
Gëschter hate mir d’Freed der Association Asha4Children e Scheck vu 500 € z’iwwerreechen; dëse Montant gouf wärend eisem DP Quizowend gesammelt. Och wann dës Zomm bescheiden ass, weist se Engagement a Solidaritéit fir déi Wärter, déi eis um Häerz leien. Mir hoffen datt dësen Don hir Projeten ënnerstëtzt, an si sou hir
Newsletter fir d’Gemeng Stroossen – September 2024
Léif Biergerinnen a Bierger vu Stroossen, Nom Superwaljoer 2023 huet sech déi politesch Landschaft national a kommunal verännert. D’Majoritéit vun CSV an DP huet sech op Landesniveau etabléiert an zu Stroossen ass d‘DP ob en Neits als stäerkste politesch Kraaft aus de Wale vum 11. Juni ervirgaang. Mee och déi Kéier gouf
Asha4Children
Gëschter hate mir d’Freed der Association Asha4Children e Scheck vu 500 € z’iwwerreechen; dëse Montant gouf wärend eisem DP Quizowend gesammelt. Och wann dës Zomm bescheiden ass, weist se Engagement a Solidaritéit fir déi Wärter, déi eis um Häerz leien. Mir hoffen datt dësen Don hir Projeten ënnerstëtzt, an si sou hir wesentlech Aktioune weiderféiere kennen. Och hoffe mir datt dësen Don anerer encouragéiere wäert d’Initiative vun Asha4Children z’ënnerstëtzen an déi selwecht Generositéit ze weisen. Notiz fir Quiz-Enthusiasten: D’Editioun 2025 fënnt de 15. Januar 2025 statt.
Newsletter fir d’Gemeng Stroossen – September 2024
Léif Biergerinnen a Bierger vu Stroossen, Nom Superwaljoer 2023 huet sech déi politesch Landschaft national a kommunal verännert. D’Majoritéit vun CSV an DP huet sech op Landesniveau etabléiert an zu Stroossen ass d‘DP ob en Neits als stäerkste politesch Kraaft aus de Wale vum 11. Juni ervirgaang. Mee och déi Kéier gouf dem Wieler säin Optrag net honoréiert an d’DP ass aus dem Schäfferot erausgehale ginn, well sech eng Majoritéit aus CSV, LSAP an Déi Gréng forméiert huet. Op der Generalversammlung vum 21. Februar 2024 huet de Comité vun der DP Stroossen mir säi Vertrauen ausgeschwat a mech zum President gewielt. No méi wéi véier Joer als Sekretär freeën ech mech, fir des nei Funktioun z’iwwerhuelen. Ech kucke gären op déi gutt Zesummenaarbecht mat onser viregter Presidentin, der Lise Jørgensen, zeréck. Des Weidere freeën ech mech op eng gelonge Kooperatioun mat onsem neie Sekretär Yannick Huss a mat onsem dynamesche Comité. Och am Gemengerot wëll ech mech konstruktiv mat menge Kolleege Martine Dieschburg, Marc Fischer, Nicolas Kandel a Lise Jørgensen fir d’Wuel vun de Stroossener Biergerinnen a Bierger asetzen: Mat Energie, Pragmatismus a Wäitsiicht wäerte mir innovativ Propose fir eng konstruktiv Oppositiounspolitik maachen, fir eis Gemeng no vir ze bréngen. Mir soe jidderengem Merci, deen eis d’Vertraue geschenkt huet a sinn natierlech op fir all Suggestiounen, Iddien a Propose fir am Comité matzeschaffen! Mat liberale Gréiss Dan Thein, President Léif Biergerinnen a Bierger vu Stroossen, Mäin Numm ass Yannick Huss an ech wunnen zënter 2018 an eiser schéiner Gemeng Stroossen.