Question
„Virun elo iwwer 10 Joer, nëmlech 2014, gouf eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert fir iwwert den Asaz vu Jodpëllen opzekläeren. Doropshin hate sech 180.000 Mënschen Jodpëlle besuergt, fir am Fall vun engem nuklearen Accident, preparéiert ze sinn.
Am September 2022, haten déi deemoleg Innenministesch a Santésministesch d’Gemengen dorunner erënnert, datt et zu hiren Aufgabe gehéiert d’Distributioun vu Jodpëllen sécherzestellen. De Stock u Jodpëllen muss dobäi minimum 25% vun der Unzuel u Residenten an der Gemeng entspriechen. Ausserdeem muss all neie Resident ënner 45 Joer, dee sech op enger Gemeng aschreiwt, ee Pak mat Jodpëllen an eng Informatiounsbrochure proposéiert kréien.
An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung an dem Här Inneminister follgend Froe stellen:
- Här Minister, hutt Dir Chifferen wéi héich de Stock u Jodpëllen an alle Gemengen ass? Erreechen se iwwerall den uewe genannte Minimum?
- Huet den Här Minister Informatiounen doriwwer, ob all neie Resident, dee sech op enger Gemeng aschreiwt och wierklech Jodpëlle proposéiert kritt?
- Wéi vill Jodpëllen huet d’Regierung an de leschten 10 Joer bestallt?
- Madamm Ministesch, wéi gesäit et mat der Haltbarkeet vu Jodpëllen aus? Sollt een se no 10 Joer ersetzen oder ass dat an der Reegel net néideg?
- Ass virgesinn eng nei Sensibiliséierungscampagne ze lancéieren fir d’Bevëlkerung iwwer de Gebrauch a Stockage vu Jodpëllen opzekläeren?“