Hei seet déi LSAP-Déi Gréng Majoritéit si géif grouss Efforte maachen. Dat stëmmt esou wäit wéi si an de leschte Joren dat eent oder aner Haus a bebaubar Terrainen zu dësem Zweck opkaaft hunn. Och loossen si zu Hoen an der Platz vum ofgerappte Paschtoueschhaus en Appartementshaus fir sozial Wunnenge bauen.