Staatsfinanzen

Staatsfinanzen: Eng responsabel Haushaltspolitik am Sënn vun den nächste Generatiounen

D’DP steet fir eng responsabel an zukunftsorientéiert Haushaltspolitik. Zanter dem Regierungsuntrëtt am Joer 2013 huet d’DP d’Staatsfinanze kontinuéierlech sanéiert. Déi Efforten hu sech besonnesch an de Krisejore bezuelt gemaach: De Staat ass an de Krisen handlungsfäeg bliwwen a konnt de finanzielle Sputt notzen, fir d’Mënschen an d’Entreprisen an engem grousse Mooss z’ënnerstëtzen.

Am Kader vum Energiedësch a vun den dräi Tripartiten, huet d’DP-geféiert Regierung an de Joren 2022 an 2023 historesch Hëllefspäk vun 2,5 Milliarden Euro decidéiert. Déi Hëllefspäk sinn och am internationale Verglach méi wéi impressionant.

D’Envergure vun dem Support huet natierlech zu enger Belaaschtung vun de Staatsfinanze gefouert. Mir wëllen d’Staatsfinanze mëttelfristeg ërem an d’Gläichgewiicht bréngen, ouni awer d’Steierlaascht vun de Biergerinnen a Bierger z’erhéijen an op déi noutwendeg Investitiounen ze verzichten.

An deem Kontext wëlle mir weider eng responsabel a balancéiert Haushaltspolitik bedreiwen, die souwuel déi sozial a generationell Gerechtegkeet, wéi och den nohaltege Wuesstem fërdert.

Dëst Joer belafe sech déi ëffentlech Investitiounen op ronn véier Milliarden Euro. D’DP bleift deemno bei hirer ambitiéiser Investitiounspolitik a wäert d’Weiche weider op eng erfollegräich an nohalteg Zukunft stellen. Eist Zil ass et, fir déi héich Liewensqualitéit vun elo och an Zukunft ze garantéieren. An deem Kontext wëlle mir d’Investitiounen an de Beräicher Ëmwelt- a Klimaschutz, Mobilitéit, bezuelbare Wunnraum, Santé a Bildung weider héichhalen.

Zanter 2013 huet den DP-geféierte Finanzministère déi ëffentlech Finanze mat Succès sanéiert an huet dobäi ëmmer op d’Zukunftsfäegkeet vun eisem Land uecht gedoen. Mir bleiwen deem Prinzip trei, a passen dorober op, datt d’Verschëldung op engem noutwendegen an nohaltegen Niveau begrenzt bleift.

Lëtzebuerg ass e Virreider an der Finanzéierung vun der Nohaltegkeet. Mir hunn als éischt Land e Kader fir Nohaltegkeets-Obligatioune publizéiert, deen d’Emissioun vu gréngen, sozialen an nohaltegen Obligatioune méiglech gemaach, a kloer Critère fir de Choix vun de Projete festgeluecht huet. D’DP wäert dat Instrument weider notzen, fir déi national Klimaziler z’erreechen.

Déi kontinuéierlech Confirmatioun vun eiser Triple A-Bonitéit ass keng Selbstverständlechkeet, ma d’Resultat vu fundéierten, politeschen Decisiounen. Déi héich Kreditwürdegkeet ass d’Basis fir déi wirtschaftlech Attraktivitéit vun eisem Land an dohier e Garant fir nohaltege Wuesstem a Beschäftegung. D’DP setzt sech dofir an, fir den Triple A och an Zukunft duerch eng responsabel an nohalteg Finanzpolitik ze sécheren.

Eis europäesch Nopeschlänner finanzéieren hir grouss Infrastrukturprojeten net onbedéngt iwwert de Staatsbudget oder duerch méi Steiergelder. Och Lëtzebuerg kéint sech zousätzleche Sputt verschafen, andeem et bei ëffentlechen Investitiounen méi staark op alternativ Finanzéierungsmodeller zeréckgräift. Z.B. duerch ëffentlech-privat Partnerschaften (PPP) a Biergerfongen oder duerch innovativ Finanzéierungsinstrumenter op de Finanzmäert.

D’DP wäert och eng Gesamtstrategie entwéckelen, fir staatlech Fongen oder Entreprisen, un deenen de Staat bedeelegt ass, méi an d’Finanzéierung vun der energeetescher a vun der digitaler Transitioun vum Land anzebezéien.

Lëtzebuerg ass e wichtege Schnëttpunkt an der Regioun, besonnesch wat d’Aarbechtswelt betrëfft. Fir e gutt Zesummeliewe mat eisen Nopeschlänner ze garantéieren, musse wichteg Froen dofir zesumme geléist ginn. Gemeinsam Projete bannent der Groussregioun – zemol a puncto Mobilitéit – stellen awer d’Fro vum Finanzement. Fir déi deeglech Situatioun vun de Betraffenen ze verbesseren, ass d’DP der Meenung, datt Lëtzebuerg sech u grenziwwerschreidende Projeten an deem Domaine bedeelege soll. Generell Geldtransferten an d’Nopeschregiounen oder u Nopeschstaate gesäit d’DP awer kritesch.

Wärend de leschte Krisejoren ass den europäesche Stabilitéits- a Wuesstemspak (PSC), deen d’Haushaltsreegelen an der EU fixéiert, fir dräi Joer ausser Kraaft gesat ginn: et sinn Derogatiounen amplaz gesat sinn. Den Ament gëtt op EU-Niveau iwwer eng Reform vum PSC diskutéiert. Wéinst der zentraler Bedeitung vu gesonde Staatsfinanze fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft, wäert d’DP sech haut a muer fir eng responsabel a realistesch Budgetspolitik asetzen. Eng virausschauend an nohalteg Finanzpolitik muss den neie Realitéiten ugepasst sinn an ë.a. den Erausfuerderungen an de Beräicher Finanzéierung vu Klimaneutralitéit, Digitaliséierung, demographesche Wandel an adaptéiert Verdeedegungspolitik Rechnung droen. D’Budgetsreegelen an Europa an zu Lëtzebuerg sollen esou interpretéiert ginn, datt si deenen Uspréch gerecht ginn, a präventiv finanziellen Handlungsraum fërderen.

An der nächster Legislaturperiod wäert d’DP d’Budgets-Gesetzgebung prinzipiell ënnert d’Lupp huelen an zesumme mam Parlament eng Reform an d’Weeër leeden. D’Erkenntnisser aus de leschte Jore weisen, datt den aktuelle Gesetzkader vun 1999 muss iwwerschafft a moderniséiert ginn. Dozou gehéiert och eng eenheetlech Comptabilitéit, déi di national an europäesch Berechnungssystemer (ESVG 2010) zesummeféiert an den aktuellen Erausfuerderunge besser gerecht ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp