Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

Fro

„An der Press stoung rezent een Artikel iwwer en sou genannte Squatter-Hotspot ze liesen, deen sech zu Ettelbréck an de leschte Méint forméiert huet, wou ënner anerem och Droge géife konsuméiert ginn. Duerch Exkrementer an Dreck steigt de Risiko vun Infektiounen op dësem Hotspot. Kee Wonner, datt d’Awunner an d’Gemeng sech Suerge maachen an net sou richteg wëssen, wéi dës Situatioun entschäerft ka ginn ?

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung an dem Här Inneminister follgend Froe stellen: 

  • Ass d’Inspection sanitaire schonn ageschalt ginn, fir de betraffenen Terrain zu Ettelbréck ze besichen an eventuell Moossnamen z’ergräifen, wann déi ëffentlech Gesondheet a Fro gestallt wier?
  • Wa jo, iwwer wat fir Instrumenter verfüügt d’Inspektioun fir sou Situatiounen ze deblockéieren?
  • Wéi dacks an op wat fir enge Plazen ass d‘Inspektioun an de leschte Jore geruff ginn, fir änlech Hotspotten opzeléisen? 
  • Stëmmt et, datt de Phänomen vum Drogekonsum an de Garer Quartieren zu Esch/Uelzecht an zu Ettelbréck zanter Januar 2024 zougeholl huet?“  

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...