Sinn nom Reamenagement vun der N12 am Préizerdaul weider Reparaturaarbechte néideg?

No der Erneierung vun der N12 am Préizerdaul an de leschte Joren, stellt sech raus dass dës Strooss op verschiddene Plazen trotzdeem an engem schlechten Zoustand ass. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob virgesinn ass, op dëse Plazen zousätzlech Reparaturaarbechten duerchféieren ze loossen.

D‘Traversée duerch de Préizerdaul (N12) ass an de leschte Joeren erneiert ginn. Et stellt sech elo eraus, datt en Deel vun dëser Duerchgangsstrooss am Ausgang vu Platen, eng vun den Uertschaften aus der Gemeng Préizerdaul, an engem schlechten Zoustand ass. Effektiv schéngt den Ënnergrond respektiv d’Fondatioun vun dëser Strooss plazeweis agesackt ze sinn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  1. Wéini gouf de Belag an den Ënnergrond vun dësem Tronçon erneiert? Ass also nach Garantie op dësem Deel? Ass de Schued schonn estiméiert ginn?
  2. Envisagéiert de Ministère op dësem Streckenofschnëtt Reparatur- oder Erneierungsaarbechten duerchféieren ze loossen?“

Äntwert

Déi lescht gréisser Aarbechten an der Uertsduerchfaart vum Préizerdaul (N12) goufen an 3 Lousen duerchgefouert. D’Lousen 1 an 2 konnten 2011 respektiv 2013 ausgefouert ginn. D’Aarbechte vum Lous 3 goufe wéinst groussen Investitiounskäschten um Leitungsnetz, zesumme mat der Gemeng op 2026 reportéiert. Dobäi ass ze erwänen, dass all d’Aarbechte vun der Neigestaltung vun der Uertsduerchfaart viséiere fir d’Vitess vum Duerchgangsverkéier ze reduzéieren a sou d’Sécherheet op de betraffene Streckenofschnëtter ze erhéijen.

Betreffend dem vum honorabelen Deputéierten erwäänten Streckenofschnëtt am Ausgang vu Platen, ass envisagéiert Erneierungsaarbechten um Stroossenopbau duerchzeféieren, fir an Zukunft esou Asackungen ze vermeiden. De Projet fir dës Aarbechten ze exekutéiere gëtt am Moment vun der Stroossebauverwaltung ausgeschafft.

Well awer d’Méiglechkeete fir den ëffentleche Verkéier wärend den Aarbechten um concernéierte Streckenofschnëtt ëmzeleede begrenzt sinn a well zudeem d’Gemeng an enger Säitestrooss (d’rue Fontaine, déi als Ëmleedunge genotzt kéint ginn) deemnächst een eegene Projet ëmsetzt, kennen d’Erneierungsaarbechten um Stroosenopbau réischt Ufanks 2023 ausgefouert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...